Willibrord Scheffer

Vu Wikipedia
Willibrord Scheffer
Gebuer 1. Mäerz 1697
Gestuerwen 29. Oktober 1762

Den Henri oder Henry Scheffer, gebuer den 1. Mäerz 1697[1] an der Stad Lëtzebuerg, a gestuerwen sen 29. Oktober 1762, war, ënner dem Uerdensnumm Willibrord Scheffer, 79. Abt vun der Abtei Sankt Maximin vun Tréier.

Hie war de Jong vum Konschtschmadd Henri Scheffer-Macher. De 15. August 1720 ass hien an d'Benediktinerabtei Sankt Maximin zu Tréier agetrueden, an huet de 14. September 1721 säi Verspriechen ofgeluecht an den Numm Pater Willibrord ugeholl. Den 23. September 1724 gouf hien zum Priister geweit.

Den 21. Abrëll 1738 gouf de Pater Wilibrord zum 79. Abt vu Sankt Maximin gewielt, an huet säin Amt den 9. November vun deem Joer ugetrueden.

Ënner senger Amtszäit gouf en neit Gebai fir de Refuge Sankt Maximin (do, wou haut den Ausseministère dran ass) an der Stad Lëtzebuerg gebaut. Hien hat säi Wopen iwwer der Agankspaart ubrénge gelooss; dësen ass haut um Beetebuerger Schlass zu gesinn.

Quell[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Den Emile Diderrich schreift am Inventaire descriptif des Taques du Musée historique de Luxembourg, dem Kanonikus Dr. Lager vun Tréier no wier de Gebuertsdatum den 3. Oktober 1700 (vgl. hei: Ministère des Affaires étrangères: Refuge de St. Maximin à Luxembourg. [1]).