Benediktiner

Vu Wikipedia
Dësen Artikel iwwer de Chrëschtentum ass eréischt just eng Skizz Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Benediktiner bilden en Uerde vun der réimesch-kathoulescher Kierch (et sief bemierkt datt et och nach anglikanesch Benediktiner/inne ginn), mam offiziellen Numm Ordo Sancti Benedicti (Uerde vum hellege Benedikt, ofgekierzt OSB). Dësen Uerde geet op de Benedikt vun Nursia (* ëm 480; † 547) zeréck deen eng Reegel fir d'Zesummeliewe verfaasst huet. Et gëtt souwuel e männlechen (reliéis Bridder a Pateren) wéi e weiblechen Aascht (Nonnen).

Déi éischt Benediktinerkléischter goufen am fréie 6. Joerhonnert zu Subiaco bei Roum gegrënnt. 539 huet de Benedikt d'Klouschter um Montecassino gegrënnt an do seng "Reegelen" opgeschriwwen.

D'Membere vum Uerde versprieche Bestännegkeet (stabilitas), bestänneg Ëmkéier (conversatio morum) a Gehorsam (oboedientia). Si liewen a Kléischter déi entweeder Abtei (méi wéi 12 Memberen a vum Poopst zur Abtei erhuewen, mat engem Abt/Äbtissin un der Spëtzt) sinn oder Priorat (ofhängeg vun enger Abtei oder selbstänneg, mat engem Prior/Priorin un der Spëtzt). D'Abteien an d'Priorater sinn a verschidde Kongregatiounen zesummegefaasst. Weltwäit gehéieren iwwer 8000 Männer an iwwer 18000 Fraen zum Benediktineruerden.

Zu Lëtzebuerg gëtt et nach 2 Néierloossunge vu Benediktiner: d'Abtei zu Klierf an d'Benediktinerinnepriorat zu Peppeng. Fréier gouf et och nach d'Iechternacher Abtei, déi vum Hl. Willibrord gegrënnt gouf, an d'Abtei Almënster déi spéider an d'Abtei Neimënster ëmgesidelt gouf wéi de Platto Almënster fir wiertechnesch Zwecker gebraucht gouf.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Benediktiner – Biller, Videoen oder Audiodateien