30. Oktober
Ausgesinn
<< | Oktober | >> | ||||
Mé | Dë | Më | Do | Fr | Sa | So |
1 | 2 | 3 | 4 | 5 | 6 | |
7 | 8 | 9 | 10 | 11 | 12 | 13 |
14 | 15 | 16 | 17 | 18 | 19 | 20 |
21 | 22 | 23 | 24 | 25 | 26 | 27 |
28 | 29 | 30 | 31 | |||
2024 |
Den 30. Oktober ass den 303. Dag (304. am Schaltjoer) vum Joer am Gregorianesche Kalenner.
Evenementer
[änneren | Quelltext änneren]- 552: Den ostréimesche Generol Narses gewënnt um Mons Lactarius tëscht Neapel a Salerno géint d'Ostgoten. Italie gëtt nees réimesch.
- 1864: Dänemark muss am Fridde vu Wien d'Duchéen Schleswig, Holstein a Lauenburg u Preisen an Éisträich oftrieden.
- 1911: Zu Lëtzebuerg gëtt d'ARBED gegrënnt.
- 1922: De Benito Mussolini erzwéngt seng Ernennung zum italieenesche Premier.
- 1938: D'Radiosendung vum Lauschterspill Krich vun de Welten nom Roman vum H. G. Wells vum Orson Welles an dem Mercury Theatre on the Air op CBS léist an den USA Panik aus.
- 1946: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Tournai 1:2 géint Belsch. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet den Nicolas Kettel geschoss.[1]
- 1947: 23 Staaten ënnerschreiwen zu Genf den General Agreement on Tariffs and Trade (GATT) deen eng weltwäit handelspolitesch Uerdnung erbäiféiere soll.
- 1963: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gewënnt zu Rotterdam, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 1964, 2:1 géint Holland. Déi zwéi Goler fir d'Lëtzebuerger huet de Camille Dimmer geschoss.[2]
- 1999: 24 Joer nodeem et vun Indonesien besat gouf, verloossen déi lescht Zaldoten Ost-Timor.
Wëssenschaft an Technik
[änneren | Quelltext änneren]Astronomie
[änneren | Quelltext änneren]- 1864: Den däitschen Astronom Albert Marth entdeckt d'Spiralgalaxien NGC 15 an NGC 41, souwéi d'elliptesch Galaxie NGC 42.
Gebuer
[änneren | Quelltext änneren]-
John Adams
-
Alfrd Sisley
-
Georg Heym
-
Claude Lelouch
-
Diego Maradona
- 1735: John Adams, US-amerikanesche Politiker; 2. President vun den USA.
- 1825: Nicolas Mergen, lëtzebuergesche Jurist a Politiker.
- 1839: Alfred Sisley, franséische Moler.
- 1840: Joseph Jean Baptiste Neuberg, lëtzebuergesche Mathematiker.
- 1844: Paul Godchaux, lëtzebuergeschen Industriellen a Politiker.
- 1845: Antonin Mercié, franséische Sculpteur a Moler.
- 1861: Antoine Bourdelle, franséische Sculpteur a Moler.
- 1885: Ezra Pound, amerikanesche Lyriker.
- 1887: Georg Heym, däitsche Lyriker.
- 1908: Eugène Kremer, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 1909: Carl Lange, däitsche Schauspiller.
- 1919: Georges Thorn, lëtzebuergesche Jurist a fréiere President vum Staatsrot.
- 1921: Victor Braas, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 1924: Hubert Curien, franséische Physiker a Fuerschungsminister.
- 1928: Boy Cloos, lëtzebuergeschen Entreprener a Moler.
- 1932: Louis Malle, franséische Filmregisseur.
- 1933: Johanna von Koczian, däitsch Schauspillerin.
- 1934: Loll Weber, lëtzebuergesche Museksjournalist a -Kritiker.
- 1935: Agota Kristof, ungaresch Schrëftstellerin.
- 1935: Michael Winner, brittesche Filmregisseur, Dréibuchauteur a Filmproduzent.
- 1936: Luciano Tovoli, italieenesche Filmregisseur a Kameramann.
- 1937: Claude Lelouch, franséische Schauspiller, Filmproduzent, Dréibuchauteur a Filmregisseur
- 1938: Jean-Pierre Kalfon, franséische Schauspiller.
- 1938: Ed Lauter, US-amerikanesche Schauspiller.
- 1946: René Jacobs, belsche Kontertenor an Dirigent.
- 1948: Lucien Zeimes, lëtzebuergesche Vëlossportler.
- 1952: Gollo Steffen, lëtzebuergesche Museker, Schrëftsteller an Editeur.
- 1960: Diego Maradona, argentinesche Foussballspiller.
- 1966: Zoran Milanović, kroatesche Politiker.
- 1975: Yves Grandjean, lëtzebuergesche Basketballspiller.
- 1979: Xavier Espot Zamora, andorranesche Politiker.
- 1982: Chimène Badi, franséisch Sängerin.
- 1987: Chantal Hoffmann, lëtzebuergesch Vëlossportlerin.
Gestuerwen
[änneren | Quelltext änneren]- 1907: Charles Pêtre, franséische Sculpteur.
- 1908: Auguste de Saint-Hubert, lëtzebuergeschen Industriellen.
- 1910: Henri Dunant, Schwäizer Philantrop a Grënner vum Roude Kräiz.
- 1929: Numa Ensch, belschen Affekot a Politiker.
- 1943: Max Reinhardt, éisträichesche Schauspiller, Regisseur an Theaterintendant.
- 1956: Pío Baroja, spueneschen Auteur.
- 1967: Julien Duvivier, franséische Filmregisseur.
- 1975: Peter Faber, lëtzebuergesche Schrëftsteller, Chansonnier a Kabarettist.
- 1979: Josy Jungblut, lëtzebuergesche Sculpteur.
- 1979: Henri Loutsch, lëtzebuergesche Chirurg.
- 1984: Primo Zeglio, italieenesche Filmregisseur an Dréibuchauteur.
- 1986: Fritz Tillmann, däitsche Schauspiller.
- 1997: Samuel Fuller, US-amerikanesche Filmregisseur, Filmproduzent, Dréibuchauteur a Schauspiller.
- 2002: René Pütz, lëtzebuergesche Schauspiller.
- 2003: Jean Krier, lëtzebuergeschen Ekonomist a Banquier.
- 2009: Claude Lévi-Strauss, belsch-franséischen Ethnolog an Anthropolog.
- 2010: Harry Mulisch, hollännesche Schrëftsteller.
- 2023: Hans Meiser, däitsche Journalist, Radios- an Televisiounsmoderator.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: 30. Oktober – Biller, Videoen oder Audiodateien |