Auguste de Saint-Hubert

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

De Xavier Auguste Joseph de Saint-Hubert, gebuer den 20. August 1843 zu Hollerech a gestuerwen den 30. Oktober 1908 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergeschen Industriellen.[1]

De Schiggerisfabrikant[änneren | Quelltext änneren]

Den Auguste de Saint-Hubert huet Schiggeri fabrizéiert. Seng Fabréck louch an der Nordstrooss an der Stad Lëtzebuerg. Dat erkläert, virwat déi Strooss den Numm “Schiggerisgaass” krut.[2]

Den Auguste de Saint-Hubert, deen, wéi e groussjäreg gouf, d'lëtzebuergesch Nationalitéit amplaz vun der belscher, déi hie vum Papp geierft hat, ugeholl hat, hat sech den 22. Mee 1882 mat der Juliette Meyer (*1846 Charleroi, † 1922 Stad Lëtzebuerg) bestuet; d'Koppel hat fënnef Kanner, lauter Meedercher.[1] Hie war de Monni vun der Aline de Saint-Hubert, der Fra vum Émile Mayrisch.[3]

Nom Doud vum Auguste de Saint-Hubert huet seng Wittfra de Betrib weidergefouert.[2] Am Dezember 1919 konnt een allerdéngs an der Zeitung eng Annonce liesen, datt d'Fabréck mat der “maison de maître” an dem Numm vun der Marque ze verkafe wier, den Numm eventuell och separat.[2][4]

Den Naturalist[änneren | Quelltext änneren]

Den Auguste de Saint-Hubert, dee sech fir d'Naturwëssenschaften interesséiert huet, war ee vun den éischte Membere vun der “Fauna”, der der spéiderer Société des naturalistes luxembourgeois, déi am Mee 1890 gegrënnt ginn ass. Den 2. Juli 1890 gouf hien als “korrespondierendes Mitglied” an den neie Veräin opgeholl. Den 23. Abrëll 1893 hunn d'Leit vun der “Fauna”, déi en Ausfluch an de Birelergronn gemaach hunn, dem Auguste de Saint-Hubert säi Wëldpark, deen hien an der Noperschaft vum Birelerhaff fir seng Damhirschen ugeluecht hat, besicht a goufen do vun him bekäschtegt. An dem Juli-Heft 1893 vum Bulletin vun der “Fauna” huet den A. de Saint-Hubert eng kleng ornithologesch Notiz publizéiert.[3]

1907 huet hien am Birelergronn en herrschaftlecht Haus, dat sougenannt Schlass Saint-Hubert, baue gelooss, dat 1957 beim Ausbau vum Lëtzebuerger Fluchhafen um Findel ewechgerappt gouf.[3]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 de Saint Hubert 1966, S. 58-60 (schreift de Familljenumm ouni Bindestrich: Auguste de Saint Hubert, Aline de Saint Hubert, etc.).
  2. 2,0 2,1 2,2 Industrie.lu - The History of Industry of Luxembourg. Fabrique de chicorée de Saint Hubert (gekuckt: 27.08.2015).
  3. 3,0 3,1 3,2 Massard 2012, S. 22-24.
  4. Escher Tageblatt 1919, Nr. 355 (22. Dezember), S. 4