Charleroi

Vu Wikipedia
Charleroi
wal: Tchålerwè ; Châlerwè
Land Belsch
Regioun Wallounien
Communautéit Franséisch Communautéit
Provënz Provënz Hainaut
Arrondissement Charleroi
Awunner 201.816 (1. Januar 2018)
Fläch 10 208
Koordinaten 50° 24’ 42’’ N
      04° 26’ 40’’ O
Telefonszon 071
Postcode 6000, 6001, 6010
6020, 6030–6032,
6040–6044, 6060, 6061
Websäit http://www.charleroi.be
Quartiere vu Charleroi
Vue op Charleroi
Akafsstrooss

Charleroi (Wallounesch Tchålerwè ; Châlerwè[1]) ass eng Stad an der belscher Provënz Hainaut an der Regioun Wallounien an d'Haaptstad vum Arrondissement mam selwechten Numm. Mat 201.256 Awunner (Stand: 1.1.2017) ass Charleroi déi drëttgréisst Gemeng an der Belsch an déi gréisst a Wallonien. D'Awunner vu Charleroi gi Carolorégiens oder Carolos genannt.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

Charleroi läit op der Sambre, eng 50 km südlech vu Bréissel. Ronderëm sinn, dem Auerenzär no, Les Bons Villers (a), Fleurus (b), Châtelet (c), Gerpinnes (d), Ham-sur-Heure-Nalinnes (e), Montigny-le-Tilleul (f), Fontaine-l'Évêque (g), Courcelles (h) a Pont-de-Celles (i).

Charleroi läit an engem grousse Baseng, wou Kuel ënnert dem Buedem ass. D'Kueleminne sinn haut all zou, mä et gëtt nach vill Tippe ronderëm d'Stad.

Andeelung[änneren | Quelltext änneren]

Bei der Gemengereform vun 1977 goufen d'Gemenge Couillet (VI), Dampremy (II), Gilly (IV), Gosselies (XIV), Goutroux (XI), Jumet (XIII), Lodelinsart (III), Marchienne-au-Pont (IX), Marcinelle (VII), Monceau-sur-Sambre (X), Montignies-sur-Sambre (V), Mont-sur-Marchienne (VIII), Ransart (XV) a Roux (XII) mat Charleroi (I) fusionéiert.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Déi eelst erhale Quellespuer vu Charleroi ass an engem Dokument vun 863 vun der Abtei Lobbes wou d'Duerf Carnotus ernimmt gëtt, dat 980 als Karnoit (980) a Charnoy (1188) opdaucht, an dunn an der Grofschaft Namouer louch.

1659 gouf mam Pyrenäenfridden d'Grenz tëscht de Spueneschen Nidderlanden a Frankräich nei gezunn. Fir d'Verdeedegung vun dëser neier Südgrenz ze verbesseren, huet de Gouverneur vun den Nidderlanden, de Francisco de Moura, den 3. September 1666 am Numm vum Kinnek Carlos II. d'Grondherrschaft iwwer d'Duerf Charnoy iwwerholl, fir do eng nei Festungsanlag ze bauen. Dobäi gouf Charnoy zu Éiere vum Kinnek a Charleroy ëmgenannt. Nach ier se fäerdeg gebaut war, ass se 1667 am Devolutiounskrich u Frankräich gefall. Den 2. Juni 1667 huet de Louis XIV. d'Festung besicht an den Uerder ginn, se nees opzeriichten. 1668 war dëst geschitt. Kuerz dono gouf se vun den Hollänner belagert, ma goung 1678 duerch den Traité vun Nijmegen u Spuenien. 1693 hunn d'Fransouse se nees ageholl, ma scho 1697, duerch den Traité vu Rijswijk goung d'Festung hannescht u Spuenien. Net laang dono hunn d'Fransousen, d'Vereenegt Provënzen an d'Éisträicher sech drëm geklappt; déi leschtgenannt kruten et 1714 duerch den Traité vu Baden. 1745 gouf se nees vum Prince de Conti fir Frankräich ageholl, a gouf 1748 nees eng Kéier un Éisträich hanneschtginn.

Bis d'Franséisch Revolutioun war emol Rou. 1790 koum et zu Opstänn, déi zu der Kreatioun vun de Vereenegten nidderlännesche Staaten gefouert hunn. Doropshin hunn d'Éisträicher d'Stad besat, ma goufe bei der Schluecht vu Jemappes 1792 vun de Fransouse verdriwwen. Véier Méint drop hun d'Éisträicher s'erëmgeholl, just fir se den 12. Juni 1794, bei der Schluecht vu Fleurus, nees un d'Fransousen ze verléieren. Vu 1794 bis 1800 hat se de "Revolutionsnumm" Libre-sur-Sambre. Nom Napoleon senger Néierlag 1815 gouf Charleroi an d'Vereenegt Kinnekräich vun den Nidderlanden integréiert, a gehéiert zanter der Belscher Revolutioun 1830 zum neigegrënnte Kinnekräich Belsch.

Tëscht 1867 an 1875 gouf d'Festung geschleeft, fir méi Plaz ze kréien, fir d'Stad auszebauen.

Bei der Gemengefusioun 1977 huet Charleroi seng Awunnerzuel verzéngfacht.

Ekonomie[änneren | Quelltext änneren]

Am Laf vun der Industrieller Revolutioun vum 19. Joerhonnert gouf Charleroi den Zentrum vun der wallounescher Kuelen- a Stolindustrie an och e fréien Zentrum vun der Aarbechterbeweegung. Ausserdeem gouf sech an der Géigend ronderëm op d'Produktioun vu Flaachglas spezialiséiert. 1863 hunn d'Bridder Alfred an Ernest Solvay zu Couillet, haut e Quartier vu Charleroi, hir éischt Fabrick vu Natriumcarbonat opgeriicht, e wichtege Bestanddeel vun der Glasinustrie, dat nom Solvay-Procédé produzéiert gouf.

Vill auslännesch Immigranten, virop Italieener, koume fir an d'Grouwen an an d'Schmelze schaffen ze goen. Den 8. August 1956 sinn an der Minière Bois du Cazier zu Marcinelle beim schwéierste Grouwenaccident vun der belscher Geschicht 262 Mineuren ëm d'Liewe komm, déi meescht dovun Italieener.

Zanter dem Enn vun den 1960er Joren an der Strukturkris an der Stolindustrie hunn no an no all Schmelzen zougemaach, wat zu engem bis haut héijem Chômage gefouert huet. 2012 huet Duferco ugekënnegt, dee leschten Héichuewen auszemaachen. D'Glasindustrie ass net méi sou staark wéi se war, beschäftegt awer nach Leit. Zu Gosselies hat de Maschinnebauer Caterpillar déi gréisst Fabrick baussent den USA bedriwwen, dës gouf 2017 zougemaach, sou datt iwwer 2000 Leit hir Aarbecht verluer hunn.

Verkéier[änneren | Quelltext änneren]

Eisebunn[änneren | Quelltext änneren]

Charleroi ass mat Verbindungen op Bréissel (- Antwerpen), Léck, Lille a Paräis a mat de Regionalstrecken op Couvin an Ottignies-Louvain-la-Neuve e wichtegen Eisebunnsknuet. An der Haaptgare Charleroi Sud fueren all Dag ronn 355 Zich[2].

Schëfffaart[änneren | Quelltext änneren]

Den Hafe vu Charleroi ass iwwer de Kanal Charleroi-Bréissel un d'flämescht Wasserstroossennetz ugebonnen.

Fluchverkéier[änneren | Quelltext änneren]

Bei Charleroi zu Gosselies ass de Fluchhafe Bréissel-Charleroi, dee vu Bëllegfluchgesellschaften, virop Ryanair, ugeflu gëtt.

Lokaltransport[änneren | Quelltext änneren]

Den ëffentlechen Transport gëtt vun der Gesellschaft TEC Charleroi mat Busser an engem Premetrosnetz gemaach.

Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

Jumelagen[änneren | Quelltext änneren]

D'Stadhaus mam Beffroi op der Place Charles II (gebaut 1936)

Charleroi ass mat deenen heite Stied jumeléiert:

Galerie[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Charleroi – Biller, Videoen oder Audiodateien


Sektioune vun der Gemeng Charleroi

Charleroi · Couillet · Dampremy · Gilly · Gosselies · Goutroux · Jumet · Lodelinsart · Marchienne-au-Pont · Marcinelle · Monceau-sur-Sambre · Mont-sur-Marchienne · Montignies-sur-Sambre · Ransart · Roux

  1. Châlèrwè (2008-10-14). Gekuckt de(n) 2020-02-25.
  2. Indicateur des Chemins de Fer Belges