Carlos II. vu Spuenien

Vu Wikipedia
Carlos II. vu Spuenien
Titelen
Zäit 1665 bis 1700
Biographie
Gebuer 6. November 1661
Madrid
Gestuerwen 1. November 1700
Madrid
Papp Felipe IV. vu Spuenien
Mamm Maria-Anna vun Éisträich
Geschwëster Maria Theresia vun Éisträich

De Karel II. vu Spuenien (Spuenesch: Carlos II.), genannt "De Verhexten", gebuer de 6. November 1661 zu Madrid, an do gestuerwen den 1. November 1700, war de Kinnek vu Spuenien, Neapel a Sizilien vu 1665 bis zu sengem Doud. Hien huet aus der spuenescher Linn vum Haus Habsburg (Casa de Austria) gestaamt.

D'Originnen[änneren | Quelltext änneren]

De Karel den Zweete staamt aus dem zweete Bestietnes vum Philipp IV. mat der Maria-Anna vun Éisträich. Déi Hochzäit war eng Reaktioun vum Philipp op den Doud vu sengem eenzege Jong Balthasar Carlos, deen den Troun sollt iwwerhuelen an deen e puer Wochen nodeem mam Keeser Ferdinand III. en Arrangement getraff gi war, datt e sollt deem säi Meedchen, d'Maria Anna, bestueden, gestuerwen ass. De Philipp IV., deen deemools 42 Joer al war, huet dunn decidéiert, sech selwer mat der Braut vu sengem Jong ze bestueden, obwuel se seng Niess war, an eréischt 13 Joer al war. D'Anne Maria ass awer eréischt 1649 zu Madrid ukomm, soudatt se am Ament vun hirer Hochzäit 15 Joer hat.

De Philipp IV. hat eng ganz Hickecht gesond Kanner mat senge Maîtresse gemaach. Mä déi Kanner, déi hie mat senger Fra hat, sinn entweeder kuerz no der Gebuert gestuerwen oder koumen dout op d'Welt. No néng Joer Bestietnes war just säi Meedche Margarita Maria um Liewen, där et sollt goe wéi hirer Mamm; si wäert sech mat hirem Monni, dem Leopold I. bestueden.

De Karel II. war dowéinst gär gesinn, wéi hien op d'Welt koum. Vun Ufank u war hien e krankt an deierlecht Kand. Eng joerhonnertal Inzucht tëscht de Kinnekshaiser, siwe vu sengen aacht Urgrousseltere stame vun der Jeanne der Geckecher of, hat dozou gefouert, datt beim Karel munch Ierfschied zum Virschäi koumen.

Dat hu mat sech bruecht, datt en ouni Kanner gestuerwen ass.

Well souwuel de franséische Kinnek Louis XIV. wéi och de Keeser Leopold I. mat enger Schwëster vum Carlos bestuet waren, an deemno allen zwéin Usproch op de spueneschen Troun erhuewen hunn, koum et zum Spueneschen Ierffollegkrich.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Charles II of Spain – Biller, Videoen oder Audiodateien