Felipe IV. vu Spuenien

Vu Wikipedia
Felipe IV. vu Spuenien
Philip IV of Spain.jpg
Pseudonym O Grande, O Rei Planeta, O Opressor
Gebuer 8. Abrëll 1605
Gestuerwen 17. September 1665
Nationalitéit Spuenien
Aktivitéit Monarch, Herrscher, Politiker, Konschtsammler
Famill
Bestuet mat Élisabeth vu Bourbon
Geschwëster Anna vun Éisträich
Kanner Maria Theresia vun Éisträich, Karel II. vu Spuenien
Wikidata-logo-without-paddings.svg

De Felipe IV. (oder Philippe IV.), gebuer den 8. Abrëll 1605 am Palacio Real de Valladolid, zu Valladolid, a gestuerwen de 17. September 1665 am Real Alcázar, zu Madrid, war e spuenesche Monarch aus der spuenescher Linn vun den Habsburger (Casa de Austria).

Hie war vun 1621 bis 1665 Kinnek vu Spuenien a vun de Länner vun der spuenescher Kroun: Neapel, Sizilien, Sardinien, d'Spuenesch Nidderlanden - an deemno och Herzog vu Lëtzebuerg, souwéi dem spuenesche Kolonialbesëtz, a bis 1640 zousätlech als Filipe III dee leschten habsburgesche Kinnek vu Portugal.

De Felipe IV., genannt el Grande oder Rey Planeta,[1] war dee leschte spuenesche Kinnek, deen aktiv eng Groussmuechtpolitik bedriwwen huet. Hien huet den Krich géint d'Nidderlanden reaktivéiert an am Drëssegjärege Krich un der Säit vun den éisträicheschen Habsburger gekämpft.Doriwwer eraus louch en am Sträit mat Frankräich an England ëm d'Hegemonie an Europa (Franséisch-Spunesche Krich an Englesch-Spuenesche Krich). Am Westfälesche Fridden (1648) huet Spuenie missen d'Onofhängegkeet vun den Nidderlanden unerkenennen, grad ewéi déi affirméiert Muechtpositioun vun de Protestanten a vu Frankräich. Am Traité vun de Pyrenäen (1659) huet de Felipe de Roussillon an aner Territoiren u Frankräich missen ofginn.

Dat ganzt Gekrichs huet de Staatsbudget schwéier belaascht, et koum e puermol zu enger Staatsfaillite. Säi Versuch, a Spuenien den Zentralstaat duerchzesetzen, huet a Katalounien (zanter 1640) zu Opstänn gefouert, a Portugal huet sech 1640 vun der spuenescher Kroun onofhängeg gemaach.

Hien ass awer och als Fërderer vun der Konscht bekannt; ë. a. den Diego Velazquez, vun deem déi bekannt Portraite vum Felipe sinn, war Moler op sengem Haff.

Hie war zweemol bestuet, ma eenzeg iwwerliewenden Ierwe war de Carlos II., deen de leschten Habsburger um spueneschen Troun sollt ginn.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Felipe IV. vu Spuenien – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Felipe Pereda, Fernando Marías (Hrsg.): El atlas del Rey Planeta. La „Descripción de España y de las costas y puertos de sus reínos“ de Pedro Texeira (1634). Nerea, Donostia-San-Sebastián, 4. Aufl. 2009, ISBN 978-84-96431-62-1.