Westfälesche Fridden

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
D'Stadhaus vu Münster, wou de Fridde vu Münster ënnerschriwwe gouf.
D'Stadhaus vun Osnabrück.

Westfälesche Fridden (oder Westfälesch Friddenstraitéen) ass de gängegen Numm vun de Friddensverträg, déi tëscht dem 15. Mee an dem 24. Oktober 1648 zu Münster an zu Osnabrück ënnerschriwwe goufen. Mat hinne goung den Drëssegjärege Krich an Däitschland op en Enn, a gläichzäiteg och den Achzegjäregen Onofhängegkeetskrich vun den Nidderlanden.

Zu Münster gouf den Instrumentum Pacis Monasteriensis, IPM(Münster Friddensvertrag) tëscht dem däitsche Keeser an dem Kinnek vu Frankräich finaliséiert, an zu Osnabrück den Instrumentum Pacis Osnabrugensis, IPO(Osnabrücker Friddensvertrag), tëscht Däitschland a Schweden. Déi zwéi goufen deselwechten Dag zu Münster am Numm vum Keeser Ferdinand III. a vum Louis XIV. vu Frankräich, resp. vun der Kinnigin Christina vu Schweden ënnerschriwwen.

D'Virbereedung vum Friddenskongress a béide Stied, deen éischten internationale Kongress, op deem praktesch all grouss europäesch Muechte vertruede waren, huet bal 5 Joer gedauert.

D'Resultat huet iwwer honnert Joer laang d'geopolitesch Uerdnung an Europa gehalen.

D'Friddensverträg goufen e Virbild fir spéider Friddenskonferenzen, well s'als Prinzip d'Gläichberechtegung vun de Staaten haten, egal wéi grouss oder wéi staark se waren.

D'Reegelungen déi d'Däitscht Räich betraff hunn, goufe Bestanddeel vun der Verfassungsuerdnung vum Hellege Réimesche Räich bis zu deem sengen Enn, 1806.

Territorial Verännerungen[änneren | Quelltext änneren]

D'Hellegt Réimescht Räich 1648.

Schweden krut eng Krichsentschiedegung vu 5 Milliounen Daler, an och Virpommern mat der Insel Rügen an den Odermündungen, Wismar an d'Bistümer Bremen a Verden.

Der Kurfürst vu Brandenburg krut de Rescht vu Pommern, an d'Stëfter Magdeburg, Halberstadt, Minden a Cammin. Den Herzog Adolf Friedrich I. vu Mecklenburg-Schwerin krut d'Bistümer Schwerin a Ratzeburg. D'Herzogtum Braunschweig-Lüneburg krut den Héichstëft Osnabrück an d'Kléischter Walkenried a Gröningen. Bayern konnt d'Oberpfalz behalen. D'Rheinpfalz goung un de Karl Ludwig.

Frankräich krut déi sougenannt Trois-Évêchés, d'Stied an d'Bistümer Metz, Toul a Verdun, déi et schonn zënter 1552 hat, ausserdeem Breisach, d'Landgrofschaften Uewer- an Ënnerelsass, an de Sundgau.

D'Schwäizer Eedgenossenschaft gouf vum Hellege Réimesche Räich onofhängeg. Och d'Onofhängegkeet vun den Nidderlanden vum Hellege Réimesche Räich gouf unerkannt.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Klaus Bußmann, Heinz Schilling: 1648 – Krieg und Frieden in Europa, Katalogband und zwei Textbände, Münster 1998 [Dokumentation der Europaratsausstellung zum 350-jährigen Jubiläum des Westfälischen Friedens in Münster und Osnabrück.] Münster/ Osnabrück 1998, ISBN 3-88789-127-9.
  • Fritz Dickmann: Der Westfälische Frieden. Münster, 7. Auflage. Aschendorff Verlag, Münster 1998, ISBN 3-402-05161-3.
  • [einz Duchhardt: Der Westfälische Friede. Diplomatie – politische Zäsur – kulturelles Umfeld – Rezeptionsgeschichte. München 1998, ISBN 3-486-56328-9.
  • Herbert Langer: Das Tagebuch Europas. Sechzehnhundertachtundvierzig, Der Westfälische Friede. Brandenburg. V., Berlin 1994, ISBN 3-89488-070-8.
  • Christoph Link: Die Bedeutung des Westfälischen Friedens in der deutschen Verfassungsentwicklung. Zum 350-jährigen Jubiläum eines Reichsgrundgesetzes. In: Juristenzeitung. 1998, S. 1–9.
  • Eva Ortlieb, Heinz Duchhardt (Hrsg.): Der Westfälische Friede. Oldenbourg, München 2001, ISBN 3-486-64425-4.
  • Benno Teschke: Mythos 1648 – Klassen, Geopolitik und die Entstehung des europäischen Staatensystems. Münster 2007, ISBN 978-3-89691-122-3.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Peace of Westphalia – Biller, Videoen oder Audiodateien