Klouschter

Vu Wikipedia
Vue op d'Abtei Prüm

E Klouschter ass eng gemeinsam Wunneng vun Uerdensleit, Männer oder Fraen. D'Wuert "Klouschter" kënnt vum laténgesche Wuert claustrum an heescht zougespaart Plaz.

E Klouschter läit normalerweis baussent den Uertschaften oder op d'mannst ofgetrennt dervun. Déi Leit, déi an engem Klouschter liewen, gi Pateren oder Bridder, respektiv Nonnen oder Schwëstere genannt. Eng besonnesch Form vu Klouschter ass eng Abtei.

Am Mëttelalter hate Kléischter normalerweis och eng eege Kierch, e Kräizgank, Wunn- a Schlofzëmmeren, besonnesch Zëmmere fir Gäscht an Aarbechtsgebaier. Dacks huet och eng Schoul zum Klouschter gehéiert.

Vill Kléischter waren a sinn nach ëmmer en Zentrum fir Kultur, Wëssenschaften, Konscht, Bauerewiesen oder Gesondheetswiesen.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kléischter – Biller, Videoen oder Audiodateien