Klauschter

Vu Wikipedia
Zwee Klauschteren

E Klauschter ass e Schlass, dat gewéinlech gebraucht gëtt, fir Reedelen oder Ketten zouzemaachen. Den Numm kënnt vum Laténgesche claustrum - zou. Am Géigesaz zu engem normale Schlass ass et net agebaut, mä ka fräi doruechter opgehaange ginn.

Et besteet aus engem feste Gehais, an deem de Mechanissem agebaut ass fir ze blockéieren, an dee mat engem Schlëssel opgespaart ka ginn. Dëse Mechanismus blockéiert (oder deblockéiert) e Bigel a Form vun engem "U" op enger Säit vum "Been" vum "U". Dat anert "Been" ass sou festgemaach, datt, wann de Bigel deblockéiert ass, et e mat enger Fieder e bëssen erausgedréckt, an et erméiglecht, en sou ëm seng eegen Achs ze dréinen. Sou kann een de Kierper an de Bigel vuneneen ewech dréinen, an dat, wat mam Klauschter zeummegehale gëtt, eraushuelen.

Et gëtt Klauschteren, déi amplaz vun engem Schlëssel Trommele mat Zifferen drop hunn. Hei ass et eng bestëmmet Positioun vun de Rieder, déi een astelle kann, wann een d'Zifferekombinatioun kennt, an déi sou de Mechanissem deblockéiert.

D'Klauschter an der Literatur[änneren | Quelltext änneren]

D'Klauschter an der Oper[änneren | Quelltext änneren]

Am drëtten Optrëtt vum éischten Akt vum Mozart senger Oper Die Zauberflöte kritt de Vullefänkert Papageno vun der drëtter Damm vun der Königin der Nacht e Klauschter un de Mond gehaangen, fir datt hie vun do u keng Friem méi sollt beléien.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Klauschteren – Biller, Videoen oder Audiodateien