Kleederbigel

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Bigel)
Bigelen aus Drot an aus Holz

E Kleederbigel ass e Geschier am Stot, dat dozou déngt, Kleeder an engem Schaf oder enger Garderobe opzehänken. Dofir hu s'uewen e Krop. Well se der Form vun de Schëllere vum Mënsch nogebilt sinn, si se an éischter Linn fir Mäntel, Jacketten, Hiemer, Räck a Blusen.

Dacks hu Bigelen eng Queeschstaang, da kann een do och Boxen drop ophänken. Et gëtt och speziell Bigele just fir Boxen oder Juppen. Am leschte Fall si Kreepercher op der Säit, wou een d'Jupe mat ugebitzten Ophänke festmaache kann.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kleederbigel – Biller, Videoen oder Audiodateien