Box (Gezei)

Vu Wikipedia
Eng Jeansbox

Eng Box ass e Gezei dat d'Been, den Hënner an d'Geschlechtsorganer verdeckt a wiermt. Fir dat eng Box besser op der Taille hält kënnen e Rimm oder Brëtelle benotzt ginn.

De Begrëff Box gëtt generell fir eng laang Box benotzt, dat heescht déi vun der Taille bis iwwer d'Feescht geet. Wa se nëmme bis op de Knéi geet gëllt se als kuerz Box oder Short.

Boxe kënnen aus verschiddene Stëfter produzéiert ginn, dorënner Léngent, Kotteng a Polyester.

Maansboxen hu gewéinlech vir uewen eng Tirett oder Knäpp.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]