Gezei

Vu Wikipedia
Kleeder aus verschiddenen Epochen

Gezei oder Kleeder sinn Iwwerbegrëff fir all déi Materialien, déi benotzt gi fir Deeler vum mënschleche Kierper ze bedecken. A bal all Gesellschafte gi Kleeder ugedoen. D'Quantitéit vum Gezei variéiert dobäi mat der physescher Statur, dem Geschlecht an dem sozialen a geographeschen Ëmfeld. Et gëtt verschidde Motivatiounen, Gezei unzedoen; nieft der Noutwendegkeet fir Schutz a Wäermt gëtt et sozial a kulturell Grënn.

Mam Gezei kënnen Accessoiren ugedoe ginn, wéi zum Beispill Bijouen, Poschen oder Schaler. Schung a Kappbedeckungen (zum Beispill Hitt) zielen dogéint zum Gezei.

Kleeder kënne aus Faserplanzen wéi Kotteng, aus Plastik wéi Polyester oder aus Déierenhaut (Lieder) an -hoer (Woll) gemaach ginn.

Beispiller vu Kleedungsstécker sinn d'Box, d'Hiem, de Rack an d'Jupe.