Posch

Vu Wikipedia
Eng Posch

Eng Posch ass e klenge bis mëttelgrousse Sak a Moudenaccessoire, dee generell vu Frae benotzt gëtt fir kleng Géigestänn ze transportéieren (Portmonni, Pabeieren, Schlësselen, Maquillage...).

Si huet nieft engem grousse Kompartiment, an dat een Objete placéiere kann, meescht nach méi kleng Säitekompartimenter an e System, deen et erlaabt d'Posch zouzemaachen (Knäpp, eng Tirett...).

D'Posch gëtt an der Hand, iwwer dem Aarm oder iwwer der Schëller gedroen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Poschen – Biller, Videoen oder Audiodateien