Kotteng

Vu Wikipedia
Kottengsknujel un enger Kottengsplanz.
Kottengsrecolt am Peru

Kotteng ass eng Naturfaser, déi de Som vun der Kottengsplanz entouréiert. Dës Fasere ginn a Fiedem ëmgewandelt, aus deene mëll, ootmungsfäeg Textilie gewieft ginn.

D'Planz u sech ass e Strauch, deen aus den tropeschen a subtropesche Regioune vun der Welt kënnt, dorënner Amerika, Afrika an Indien. Déi gréisst Diversitéit u wëlle Kottengsaarte fënnt een a Mexiko, Australien an Afrika. Kotteng gouf onofhängeg vuneneen an der aler an an der neier Welt kultivéiert. D'Wuert Kotteng kënnt vum Arabeschen (al) quṭn قُطْن.[1]

Weltwäit ginn all Joer ëm déi 25 Milliounen Tonne Kotteng produzéiert. China, Brasilien, Indien, Pakistan, d'USA an Usbekistan produzéieren eleng 80% vun der Weltproduktioun. De gréissten Importateur ass China, de gréissten Exportateur sinn d'USA.[2]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Metcalf, Allan A. (1999). The World in So Many Words. Houghton Mifflin. p. 123. ISBN 0-395-95920-9.
  2. http://www.naturalfibres2009.org/en/fibres/cotton.html