Op den Inhalt sprangen

Supjesbox

Vu Wikipedia
Eng Supjesbox aus den 1990er Joren

Eng Supjesbox ass eng laang Box, déi ënnen un de Boxebee Bänner huet, déi ënner de Féiss erduerchginn (dohier den Numm, dee vu sous-pied ofgeleet ass), a solle verhënneren, datt sech d'Boxebeen eropstrëppen. Vill Ski- a Reitboxe gehéieren zu de Supjesboxen.

Am Reenert ernimmt de Michel Rodange déi Zort Box am néngte Gesank (Vers 296)[1]:

Dir wësst, ech war Ramplassang,
Ramplassang fir e Fochs;
Ech hat e grénge Mantel
An och eng Supjesbox.

Am Michel Lentz sengem De Fräsch an den Ochs gëtt déi "Bochs" vun engem Ochs gedroen. An der drëtter Strof an der Welter-Engelmann-Schreifweis steet:

Hei ko'm um Summerwe e gro'sse schwe'ren Ochs
Op he'ge Spillebên an enger Zupjesbochs
Am Lengent bis un d'Nues, wern'ert Stiwlen un,
E Schnëppel op de Mo'd mat enger Kastors Dunn.

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. an der Schreifweis vun 2019