Jackett

Vu Wikipedia
Eng beige Jackett

Eng Jackett ass e Kleedungsstéck mat laangen Äerm dat den Uewerkierper bedeckt. Iwwer Broscht a Bauch ka se op- an zougemaach ginn, zum Beispill mat Hëllef vun enger Tirett oder Knäpp. Si gëtt souwuel vu Männer wéi och vu Fraen ugedoen, mä meeschtens gëtt et geschlechtsspezifesch Modeller. De Stofft oder d'Material vun enger Jackett ass generell relativ schwéier oder déck well den Haaptzweck vun der Jackett de Schutz géint d'Keelt ass.

Den Ënnerscheed tëscht der Jackett an dem Mantel läit bei der Längt vum Gezei: eng Jackett geet net méi déif wéi den Hënner.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Jacketten – Biller, Videoen oder Audiodateien