Aarm (Gezei)

Vu Wikipedia
E Mann mat engen Hiem, bei deem déi zwéin Äerm eropgerullt sinn

Den Aarm beim Gezei ass dat Stéck, dat den Aarm vum Mënsch deelweis oder ganz bedeckt. Dobäi sinn d'Äerm vum Gezei op deem engen Aarm ëmmer geneesou grouss wéi bei deem aneren.

Bei enger Jackett zum Beispill sinn d'Äerm generell laang, dat heescht si gi vun de Schëllere bis op d'Handgelenker. Bei engem T-Shirt si se kuerz a gi vun de Schëllere bis maximal op d'Ielebéi.

Aner Kleedungsstécker fir den Uewerkierper hu guer keng Äerm, wéi de Gilet oder d'Hiemchen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Äerm (Gezei) – Biller, Videoen oder Audiodateien