Wolfgang Amadeus Mozart

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Disambig.svg Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Komponist Wolfgang Amadeus Mozart. Fir aner Bedeitungen, kuckt w.e.g. Mozart (Homonymie).
Wolfgang Amadeus Mozart

De Wolfgang Amadeus Mozart, eigentlech Joannes Chrysostomus Wolfgangus Theophilus Mozart, gebuer de 27. Januar 1756 zu Salzburg, a gestuerwen de 5. Dezember 1791 zu Wien, war e Komponist vun der Wiener Klassik. Säin ëmfangräicht Wierk genéisst weltwäit Popularitéit a gehéiert zum Standartrepertoire vun der Klassik. Hie selwer huet sech meeschtens Wolfgang Amadé Mozart genannt, Amadeus huet säin Urspronk an der Latiniséierung déi an der Romantik Moud war.

Säi Liewen[änneren | Quelltext änneren]

D'Wonnerkand (1756-1766)[änneren | Quelltext änneren]

De W. A. Mozart 1763 an Haffkleeder. De Papp Mozart huet an engem Bréif den 19. Oktober 1762 geschriwwen: „...Wollen Sie wissen wie des Wolferl Kleid aussieht? – Es ist solches vom feinsten Tuch liloa=Farb....Es war für den Prinz Maximilian gemaach...“

De W. A. Mozart ass de 27. Januar 1756 um aacht Auer owes zu Salzburg an der Getreidegasse 9 an enger Dräizëmmerwunneng vun engem Méifamilljenhaus (Hagenauer Haus) op d'Welt komm. Seng Elteren, déi aus beruffleche Grënn an d'kierchlecht Fürstentum Salzburg geplënnert waren, waren de fürstäerzbëschofleche Vizekapellmeeschter Leopold Mozart aus Ausgburg an d'Anna Maria Pertl aus Sankt Gilgen. Schonn um Virmëtten no senger Gebuert gouf hien am Doum zu Salzburg op den Numm Joannes Chrysostomus Wolfgangus Theophilus gedeeft. De Ruffnumm war Wolfgang bzw. Wolferl.

Schonn am Alter vu véier Joer kruten hien a seng fënnef Joer méi al Schwëster Maria Anna Walburga Ignatia, genannt „Nannerl“ vum Papp den éischte Musek- an Allgemengunterrecht (Piano, Gei a Kompositioun). Scho 1761 huet de Papp Mozart en Andante an en Allegro als „Wolfgangerl Compositiones“ opgezeechent, deenen en Allegro an e Menuetto gefollegt sinn (datéiert op den 11. bzw. 16. Dezember 1761. Dat fälschlecherweis ëmmer als fréiste Kompositioun genanntent Menuett a Sol Majeur mat engem Menuett an Do majeur als Trio, KV 1, ass wahrscheinlech eréischt 1764 entstanen). Och dem Mozart seng Begabung am Pianos- a Geiespill ass séier däitlech ginn. 1762, also mat 6 Joer, hat hie seng éischt Optrëtter.

Éischt Concertsreese vum Wolfgang a senger Schwëster Nannerl mat den Eltere goufen arrangéiert, fir dem Adel déi talentéiert Kanner ze presentéieren. Nom Erfolleg vum Wonnerkand zu München an zu Wien huet d'Famill den 9. Juni 1763 eng wäit Tournée duerch d'däitsch Länner a Westeuropa ënnerholl, déi bis den 28. November 1766 gedauert huet, wéi si nees zu Salzburg ukomm sinn: München, Augsburg, Ludwigsburg, Schwetzingen, Heidelberg, Mainz, Frankfurt am Main, Koblenz, Köln, Oochen, Bréissel, Paräis (18. November 1763), Versailles, London (23. Abrëll 1764), Dover, Belsch, Den Haag, Amsterdam, Utrecht, Mecheln, nees Paräis (10. Mee 1766), Dijon, Lyon, Genf, Lausanne, Bern, Zürich, Donaueschingen, Ulm a München, wou d'Kanner bei Haff oder an ëffentlechen Akamedie musizéiert hunn. Während dëse Reese sinn, ënner anerem, déi éischt Sonate fir Piano a Gei entstanen (déi véier Sonate fir Piano a Gei, KV 6 bis 9, sinn 1764 déi éischt gedréckte Kompositioune vum Mozart) souwéi déi éischt Symphonie a Re # majeur (KV 16).

Gebuertshaus zu Salzburg

E wichtegt Resultat vun dëser Rees war, datt de Mozart zu London mat der italienescher Symphonie an Oper vertraut gemaach gouf. Do huet hien och de Johann Christian Bach kennegeléiert, deen hie sech als Virbild geholl huet. 1778 huet de Mozart aus Paräis heem geschriwwen: „..ich liebe ihn (wie sie wohl wissen) von ganzem herzen – und habe hochachtung vor ihm..“.

Éischt Komponéieren zu Wien an Italierees (1766-1771)[änneren | Quelltext änneren]

Nodeem d'Famill nees zu Salzburg ukomm war, koum et zu éischten Uropféierungen, dorënner och vun der Schouloper Die Schuldigkeit des ersten Gebotes, déi den eelefjäerege Mozart zesumme mat de wesentlech eelere Salzburger Haffmuseker Anton Cajetan Adlgasser a Michael Haydn komponéiert hat. Am September koum et zu enger zweeter Rees mat der Famill op Wien. Wéinst enger Waasserpoukenepidemie sinn si op Brünn an Olmütz gefuer. D'Krankheet huet de Wolfgang a seng Schwëster awer och do erreecht an huet (lt. méi Biographien) Leeënzeechen a sengem Gesiit hannerlooss. Nodeem d'Kanner nees gesond waren ass de Mozart den 10. Januar 1768 nees op Wien gaangen, wou hien d'Sangspill Bastien und Bastienne (KV 50), d'Waisenhausmesse (KV 139) souwéi d'Opera buffa La finta semplice (KV 51) fäerdeggestallt huet. Obscho vum däitsche Keeser Franz I. bestallt, konnt dës lescht net opgefouert ginn; Grond waren Intrige vun der sougenannter italienescher Partei ronderëm den Haffintendant Giuseppe Affligio.

No 15 Méint zu Wien ass de Mozart mat senger Famill de 5. Januar 1769 nees op Salzburg zréckgaangen. Hei gouf La finta semplice den 1. Mee endlech opgefouert, an hei krut hien de 27. Oktober als Drëtte Concertsmeeschter vun der Salzburger Haffkapell seng éischt Plaz - och wann dës net bezuelt gouf.

De Mozart (um Piano) musizéiert mam gläichaltregen Thomas Linley (Gei). Florenz 1770

Knapps dräi Woche méi spéit, den 13. Dezember 1769, ass de Mozart mat sengem Papp zu der éischter vun dräi ausseruerdentlech erfollegräichen Italiereesen opgebrach, déi - mat Ënnerbriechunge vu Mäerz bis August 1771 an Dezember 1771 bis Oktober 1772 - bal dräianhallef Joer gedauert huet.

Déi éischt Rees huet si op Verona, Mailand, Bologna, Florenz, Roum, Neapel, Turin, Venedeg, Padua, Vicenza, Verona, Innsbruck an zréck op Salzburg gefouert. Hei huet de Mozart bis zum Hierscht gerascht, fir duerno fir e längeren (drëtten) Openthalt op Mailand ze goen. Vum Poopst Clemens XIV. gouf hie 1770 zu Roum zum Ritter vum Gëllene Sporn ernannt, mä hien huet, am Géigesaz zum Gluck, ni vum Privileg sech "Ritter" ze nenne Gebrauch gemaach. Zu Roum ass et him gelongen, nodeem hien nëmmen een oder zweemol den néngstëmmege Miserere vum Gregorio Allegri héieren hat, de Grondkader vun dëser Partitur (déi vum Vatikan streng geheim gehale gouf) aus dem Gediechtnis feelerfräi néierzeschreiwen. Net kloer ass, wéiwäit d'Sänger Stëmmen beim Improviséiere koloréiert hunn, an op de Mozart dat opschreiwe konnt.

Beim Padre Giovanni Battista Martini zu Bologna huet de Mozart Kontrapunkt studéiert. No enger Prüfung gouf hien an d'Accademia Filarmonica di Bologna opgeholl. Do ass hie bedeitende Museker wéi dem Giovanni Battista Sammartini, dem Niccolò Piccinni, dem Pietro Nardini an dem Giovanni Paisiello begéint. De 26. Dezember 1770 huet hien d'Uropféierung vu senger Opera seria Mitridate, Rè di Ponto (KV 87) zu Mailand erlieft, déi beim Publikum e groussen Erfolleg war an zu zwéi weideren Opträg gefouert huet: der Serenata teatrale Ascanio in Alba (KV 111, Uropféierung zu Mailand de 17. Oktober 1771) souwéi d'Dramma per musica Lucio Silla (KV 135, Uropféierung zu Mailand an der Saison 1772/73). De 15. Dezember 1771 si Papp a Jong nees op Salzburg zréck komm, nodeem sech d'Hoffnungen op eng Plaz an Italien net erfëllt haten.

Salzburg (1772-1781)[änneren | Quelltext änneren]

Zu Salzburg gouf am Joer 1772 den Hieronymus vu Colloredo-Mannsfeld Fürstäerzbëschof vu Salzburg als Nofolger vum verstuerwene Sigismund Christoph vu Schrattenbach. Vum neie Fürst gouf de Mozart am August zum bezuelte Concertsmeeschter vun der Salzburger Haffkapell ernannt. Dëst huet awer net zu engem Enn vun de ville Reese mat sengem Papp gefouert. De Mozart huet weiderhi versicht, dem enke Reglement vu sengem Salzburger Déngscht dovunzekommen. Vum 24. Oktober 1772 bis zum 13. Mäerz 1773 war hien op senger drëtter Italierees wou Lucio Silla Première hat, an och Exultate, jubilate ass entstanen. Vu Juli bis September 1773 war hien zu Wien, wou säin éischte Pianosconcert entstanen ass. Zanter Oktober 1773 huet D'Famill Mozart um éischte Stack vum Danzmeeschterhaus gewunnt, wat virdrun dem Salzburger Haffdanzmeeschter Franz Gottlieb Spöckner (zirka 17051767) gehéiert hat.

Ënnerschrëft vum Mozart am Gäschtebuch vun der Mannheimer Sternwarte, 1778.

No enger Paus ass de Mozart de 6. Dezember 1774 op München gereest, wou seng Opera buffa La finta giardiniera (KV 196) Première hat. Nodeem hien de 7. Mäerz nees zu Salzburg war, huet de Mozart op en Neits versicht, sech zu Salzburg als musekalesche Kënschtler z'etabléieren. Hien huet zum Beispill d'Dramma per musica Il rè pastore den 23. Abrëll 1775 zu Salzburg fir d'éischt opféiere gelooss, mä et ass beim Publikum net gutt ukomm. Nodeem hien e puermol fir Congé gefrot hat, huet hien 1777 seng Kënnegung agereecht, an huet gebieden, aus der Salzburger Haffkapell entlooss ze ginn.

Nodeem hien entlooss gi war, huet sech de W. Mozart den 23. September 1777 mat senger Mamm op eng Rees duerch verschidde Stied gemaach; hien huet versicht eng nei a besser Plaz ze fannen. Hien huet zu München probéiert, duerno zu Augsburg an um Haff vum Mannheimer Kurfürst Karl Theodor, wou hien och de kurfürstlechen Orchester mam Kapellmeeschter Christian Cannabich kennegeléiert huet (kuckt och Mannheimer Schoul). Mä och hei konnt hie keng Plaz oder e musekaleschen Optrag fannen. Hien huet awer d'Famill Weber kennegeléiert, an an d'Duechter Aloysia, eng jonk Sängerin a spéider Münchner Primadonna, huet hie sech verléift.

No fënnef Méint zu Mannheim sinn de Mozart a seng Mamm, op Drock vum Papp, op Paräis gereest, wou si den 23. Mäerz 1778 ukomm sinn. Hei konnt de Mozart ëmmerhi seng Balletsmusek Les petits riens opféieren, mä och hei gouf et keng weider Engagementer. Den 3. Juli 1778 ass seng Mamm um 10 Auer owes gestuerwen.

Net begeeschtert hie sech dräi Méint drop, de 26. September, nees op de Wee op Salzburg gemaach, fir d'Plaz vum Hafforganist ze kréien. Dës Rees huet hien iwwer Stroossbuerg, Mannheim a Kaiserslautern op München bruecht, wou hien nees der Famill Weber begéint ass. Eréischt am Januar 1779 ass hien nees zu Salzburg ukomm a gouf de 17. Januar zum Hafforganist ernannt. Hei huet hien d'Krönungsmesse (KV 317) komponéiert.

Dësen neie Versuch mat engem Engagement zu Salzburg ass zwanzeg Méint einegermoosse gutt gaangen, obschonn d'Relatioune mam Äerzbëschof net déi bescht waren, well dësen him ënner anerem verbueden hat, bei grousse Concerten zu Wien matzemaachen. De 5. November 1780 ass hie fir d'Uropféierung vu senger Opera seria Idomeneo (KV 366) den 29. Januar 1781 op München gereest. Direkt drop gouf hie vum Äerzbëschof op Wien geruff, wou de Sträit eskaléiert ass. De Mozart huet den 8. Juni 1781 zu Salzburg gekënnert an ass op Wien geplënnert. Säi Liewensënnerhalt huet hie sech mat Concerten a privaten an ëffentlechen Akademie finanzéiert.

Wien (1781-1791)[änneren | Quelltext änneren]

Titelblat vum Libretto vu Le Nozze di Figaro, Prag, 1786.

Befreit vun de Salzburger 'Fesselen' huet den onofhängege Komponist a Musekschoulmeeschter, deen ëmmer op der Sich no Opträg a Pianosschüler war, déi ganz grouss Opere geschaf. De 16. Juli 1782 gouf zu Wien Die Entführung aus dem Serail (KV 384), e Sangspill am Optrag vum däitsche Keeser an éisträicheschen Äerzherzog Joseph II. fir d'éischt Kéier opgefouert. Den 1. Mee 1786 hat d'Opera buffa Le nozze di Figaro (KV 492) Première, den 29. Oktober 1787 den Drama giocoso Don Giovanni (KV 527) zu Prag, de 26. Januar 1790 d'Opera buffa Così fan tutte (KV 588) nees zu Wien (déi lescht dräi no Libretti vum Lorenzo Da Ponte), de 6. September 1791 d'Opera seria La clemenza di Tito (KV 621) zu Prag an den 30. September 1791 hat déi grouss Oper Die Zauberflöte (KV 620) am Emanuel Schikaneder sengem Theater Première. Geschicht an Textr vun der Zauberflöte ginn op den Emanuel Schikaneder zréck, a stellen eng spekulativ Mëschung aus engem Virgängerwierk („Der Stein der Weisen“), engem Mäerche vum Wieland a fräimaurereschen Attributer duer. An dëser Phas huet de Mozart ausserdeem d'Messe in c-Moll (KV 427) (1783) a wichteg Instrumentalwierker komponéiert: déi sechs Sträichquartetter, déi dem Joseph Haydn gewidmet waren (KV 387, 421, 428, 458, 464, 465) (1785), d'Linzer Sinfonie (KV 425), d'Prager Sinfonie (KV 504) (1786) an Eine kleine Nachtmusik (KV 525) (1787) souwéi déi dräi lescht Sinfonien Es-Dur (KV 543), g-Moll (KV 550) an C-Dur (Jupiter-Sinfonie, KV 551) (1788).

Zu Wien huet de Mozart de Gottfried van Swieten kennegeléiert, de Präfekt vun der Keeserlecher Bibliothéik (haut: Éisträichesch Nationalbibliothéik), e grousse Frënd vun der Musek. Dësen huet hie mat den Aarbechte vum Johann Sebastian Bach a Georg Friedrich Händel bekanntgemaach, wéi en him (ëm 1782/83) d'Manuskripter, déi hie während sengem laangen Openthalt zu Berlin gesammelt hat, bei de reguläre Sondesconcerten an de Raim vum van Swietens an der Keeserlecher Bibliothéik zur Verfügung gestallt huet. D'Begéignung mat dësem Barockkomponist huet op de Mozart en déifen Androck hannerlooss, an hat e groussen Afloss op seng weider Kompositiounen.

De 4. August 1782 huet de Mozart sech mat der Constanze Weber, der Schwëster vun der Aloysia, bestuet, déi hien dräi Joer virdrun zu Mannheim kennegeléiert hat, an déi him sechs Kanner geschenkt huet: Raimund Leopold (1783), Karl Thomas (1784), Johann Thomas Leopold (1786), Theresia Konstantia Adelheid Friderika (1787), Anna (1789) a Franz Xaver Wolfgang (1791), vun deene véier awer kuerz drop nees gestuerwe sinn. Nëmmen de Karl Thomas an de Franz Xaver hunn d'Kannerzäit iwwerlieft. De Grousspapp bzw. Papp Leopold Mozart ass den 28. Mee 1787 gestuerwen, deen de Mozart a senge Wiener Joren nach zweemol besicht huet (1783) bzw. dee bei him zu Besuch war (1785).

Duerch seng Frëndschaft mam Otto Heinrich vu Gemmingen-Hornberg ass de Mozart de 14. Dezember 1784 an d'Wiener Fräimaurerlog Zur Wohltätigkeit agetrueden. Hien huet och regelméisseg d'Wiener Log Zur wahren Eintracht besicht, wou de Fräimaurer an Illumiat Ignaz von Born Stullmeeschter war. Do gouf hien de 7. Januar 1785 zum Gesell a war och e Mount méi spéit bei der Initiatioun vu sengem Frënd Joseph Haydn dobäi. Och dem Mozart säi Papp Leopold Mozart gouf Fräimaurer.

Speziell a sengen Operen Die Zauberflöte an Le nozze di Figaro si gesellschaftskritesch Téin vun dëser Memberschaft ze spieren. De 7. Dezember 1787 gouf hien zum k.k. Kammermusicus ernannt (mat engem Joresgehalt vun 800 Gulden fir d'Komponéiere vun e puer Dänz fir d'Fuesend) an den 9. Mee 1791 zum Adjunkt vum Doumkapellmeeschter vu St. Stephan Leopold Hoffmann.

Mat der Opféierung vum Figaro 1786, deen de Josef II. (däitsche Keeser an Äerzherzog vu Wien) fräiginn hat, obschonn de Figaro de System kritiséiert huet, huet de Wiener Public sou iwwerfuerdert, datt e sech vum Mozart zréckgezunn huet, a sech seng wirtschaftlech Situatioun ëmmer méi verschlechtert huet. Dëse Mësserfolleg war e wichtege Punkt a sengem Liewen. Erfolleg hat hien zu dëser Zäit nëmmen zu Prag. Mat neie Reesen huet hie versicht, seng wirtschaftlech Situatioun ze verbesseren.

Dës Reesen hunn hien zu den Opféierungen op Prag (8. Januar bis Mëtt Februar 1787 an Enn August bis Mëtt September 1791) gefouert, awer och mam Fürst Karl Lichnowsky iwwer Prag, Dresden a Leipzig op Potsdam a Berlin zum preisesche Kinnek Friedrich Wilhelm II. (8. Abrëll bis 4. Juni 1789), souwéi op Frankfurt zu der Kréinung vum Keeser Leopold (23. September bis Ufank November 1790). Op Heemreesen huet hie Statioun zu Mannheim a München gemaach.

Mä weder d'Berliner Rees vu 1789 nach déi op Frankfurt 1790 konnten him en neie Wuelstand bréngen: zu Berlin konnt hien näischt verdéngen a krut och keng nei Plaz. D'Oper Così fan tutte, ëm déi de Keeser gebieden hat, hat nëmmen e mëttelméissege Succès, och den Optrëtt zu Frankfurt an d'Première vum Tito zu Prag hu wéineg Resonanz fonnt. Eréischt de Succès vun der Zauberflöte huet eng wirtschaftlech Besserung versprach.

Lescht Wierker a fréien Doud[änneren | Quelltext änneren]

No der Uropféierung vu La clemenza di Tito zu Prag war de Mozart Mëtt September 1791 op Wien zréckkomm, an huet direkt un der Première vun der Zauberflöte geschafft, déi zwou Woche méi spéit – endlech nees mat Erfolleg – iwwer d'Bühn gaangen ass. Gläichzäiteg hat hien d'Motette Ave verum corpus ausgeschafft, a mat der Nidderschrëft vum Requiem (KV 626) ugefaangen, déi hien awer net méi ofschléisse konnt. Dëst huet de Franz Xaver Süßmayr, en ehemolege Schüler vum Mozart, iwwerholl.

E puer Wochen no der Première vun der Zauberflöte den 30. September 1791 huet de Mozart missen am Bett leiebleiwen, de 5. Dezember um 1 Auer an der Nuecht ass e gestuerwen a gouf den Dag drop begruewen. Hie gouf net ganz 36 Joer al.

D'Doudesursaach gouf ni eendeiteg gekläert. Genannt ginn „hitziges Frieselfieber“ (Diagnos vum Doudebeschauer), Rheuma, Syphilis, Häerzversoen an Oderlooss. Hie selwer war dovun iwwerzeegt, datt hie vergëft gi wier, an huet dat och e puer Woche viru sengem Doud der Constanze bei engem Besuch am Prater erzielt: „Gewiß, man hat mir Gift gegeben.“ Déi éischt Legende si scho kuerz no sengem Doud opkomm. Déi berühmtesten dovu gëtt sengem anscheinend neidesche Kolleg Antonio Salieri d'Schold, dee sech kuerz viru sengem eegenen Doud als Mäerder vum Mozart genannt hu soll.

Wahrscheinlech ass d'Doudesursaach awer scho bei enger Infektioun a senger Kandheet ze sichen; déi modern Medezin tendéiert dobäi zu enger Infektioun mat Streptokokken, déi net behandelt gouf, an zu Häerz- an Organversoë gefouert huet. Laut enger anerer Theorie huet de Mozart u Syphilis gelidden, wat hien duerch Quecksëlwer bekämpfe wollt. Eng Iwwerdoséierung soll zu enger Quecksëlwer-Vergëftung an domat zum Doud gefouert hunn.

Bäigesat gouf de grousse Komponist an engem allgemenge Graf um Kierfecht vu Sankt Marx. Seng Witfra huet d'Graf eng éischt Kéier eréischt no 17 Joer besicht. 1855 gouf d'Plaz vu sengem Graf sou genee wéi méiglech bestëmmt an 1859 gouf op dëser Plaz e Grafsteen gebaut, dee spéider vun der Stad Wien an d'Grupp vun de Museker-Éieregriewer um Zentralkierfecht vu Wien iwwerdro gouf. Um ale Graf gouf duerch Eegeninitiativ vum Alexander Kugler eng Mozart-Gedenktafel gebaut, déi bis haut vill besicht gëtt.

Säi Wierk[änneren | Quelltext änneren]

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Köchelverzeichnis Nuvola apps xmag.png

Operen[änneren | Quelltext änneren]

Kierchemusek[änneren | Quelltext änneren]

18 Massen, dorënner

Orchesterwierker[änneren | Quelltext änneren]

Kammermusek ouni Piano[änneren | Quelltext änneren]

  • Sträichduos und -trios
  • Sträichquartetter
  • Sträichquintetter
  • Bléiserquartetter
  • Quintetter mat Bléiser
  • Sextett Ein musikalischer Spaß (1787, KV 522)

Kammermusek mat Pianosbegleedung[änneren | Quelltext änneren]

  • 35 Sonate fir Gei a Piano
  • Pianotrios
  • 2 Pianoquartetter
  • Pianoquintett Es-Dur (1784, KV 452)

Pianosmusek[änneren | Quelltext änneren]

  • 18 Pianossonaten
  • Variatiounen iwwer verschidden Themen
  • 27 Pianosconcerten
  • Eenzelstécker wéi Fantasien, Rondos, etc.

Kanonen[änneren | Quelltext änneren]

De Mozart huet Kanone mat Text an ouni Text geschriwwen. Ënner deene mat Text fanne sech Wierker mat kierchlechem Inhalt:

  • Kyrie (KV 89), Alleluia (KV 553), Ave Maria (KV 555)

Et gëtt awer och Kanone mat zum Deel méi "ongewéinlechem" Text, deen un dem Mozart seng „Bäsle-Briefe“ erënnert. A ville Lidderbicher gouf den Text duerch eng "entschäerfte" Versioun ersat. Sou zum Beispill:

  • Bona nox, bist a rechter Ochs (KV 561)
  • Oh, du eselhafter Martin/Oh, du eselhafter Peierl (KV 560b/560a) – Déi zwou Textfaassunge vun dësem Kanon bezéie sech op dem Mozart seng Drénk- a Keelefrënn Philip („Liperl“) Jacob Martin a Johann Nepomuk Peierl, mat deenen hie gäeren de Geck gemaach huet.

De véierstëmmege Kanon KV Anh. 191 (562c) ass fir zwou Geien, Viola a Bass gesat.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

"Köchelverzeichnis"[änneren | Quelltext änneren]

Dem Mozart seng Wierker goufe vum Ludwig von Köchel am no him genannte Köchelverzeichnis (KV) katalogiséiert wat nach haut de Standartkatalog fir d'Kompositioune vum Wiener Klassiker ass. Eng éischt Editioun ass 1862 erauskomm.

  • Der kleine Köchel. Chronologisches und systematisches Verzeichnis sämtlicher musikalischer Werke von Wolfgang Amade Mozart 11. Oplo, 1988, Breitkopf & Härtel, Wiesbaden
  • Chronologisch-thematisches Verzeichnis sämtlicher Tonwerke Wolfgang Amade Mozart's, 2006, Olms

Bréiwer[änneren | Quelltext änneren]

  • Internationale Stiftung Mozarteum Salzburg (Ersg.), Briefe und Aufzeichnungen. Gesamtausgabe., Gesammelt an erkläert vum Wilhelm A. Bauer an Otto Erich Deutsch [1962ff.]. Erweidert Editioun ersg. vum Ulrich Konrad. 8 Bänn, Bärenreiter, Kassel a. a., 2005.
  • Stefan Kunze (Ersg.), Briefe, Reclam, Stuttgart, 2005. (ISBN 3-15-010574-9)
  • Silke Leopold (Ersg.), Guten Morgen, liebes Weibchen! Mozarts Briefe an Constanze, Bärenreiter, Kassel a.a., 2005.
  • Juliane Vogel (Ersg.), Die Bäsle-Briefe, Reclam, Stuttgart, 1993.

Biographien a Gesamtinterpretatiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • Alfred Einstein, Mozart, his character, his work (1945), Neioplo Fischer TB, 2005.
  • Martin Geck, Mozart. Eine Biographie. Rowohlt, Hamburg, 2005.
  • Wolfgang Hildesheimer, Mozart., Neioplo Insel TB, 2005.
  • Silke Leopold (Ersg.), Mozart-Handbuch. Metzler-Verlag a Bärenreiter-Verlag, Stuttgart a Kassel, 2005.
  • Maynard Solomon, Mozart. Ein Leben. Metzler, Stuttgart, 2005.
  • Brigitte Hamann, Mozart. Sein Leben und seine Zeit. Ueberreuter, Wien, 2006.

Monographien[änneren | Quelltext änneren]

  • Volkmar Braunbehrens, Mozart in Wien 2006, Piper. Neiinterpretatioun vun de bekannte Primärquellen aus geneeër Kenntnis vun de Liewensverhältnisser am Josephinesche Wien.
  • Wilhelm Otto Deutsch: Mozart und die Religion 2005

Belletristik[änneren | Quelltext änneren]

  • E. T. A. Hoffmann, Don Juan in Fantasiestücke in Callot’s Manier.l 1814.
  • Eduard Mörike, Mozart auf der Reise nach Prag. Frankfurt, 2005.
  • Wolf Wondratschek, Mozarts Friseur. DTV TB, 2004.

Bühnewierker[änneren | Quelltext änneren]

  • Aleksandr Sergeevič Puškin, Mozart und Salieri. Schauspill, 1832. (ISBN 3-15-008094-0)
  • Nikolaj Rimskij-Korsakov, Mozart und Salieri. Oper (nokm Puškin-Text), 1897.
  • Peter Shaffer, Amadeus. Schauspill, 1979, (ISBN 3-15-009219-1)
  • Michael Kunze & Silvester Levay, Mozart!. Musical.

Filmer[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Wolfgang Amadeus Mozart – Biller, Videoen oder Audiodateien
Wikisource: Wolfgang Amadeus Mozart – Quellentexter