Reglement

Vu Wikipedia
Dësen Artikel gehéiert zur Serie vun den Droits-Artikelen. Dës Explikatioune bezéie sech am Prinzip just op dat lëtzebuergescht Recht. Ënner Ëmstänn goufen déi lescht Changementer an der Legislatioun an/oder der Jurisprudenz nach net berécksichtegt. Et handelt sech och net ëm e juristesche Rot, mä ëm eng vereinfacht Duerstellung fir Laien. A konkreete Fäll soll ee sech ëmmer un en Affekot wennen!

Ënnert Reglement oder reglementareschen Akt versteet een all Akt dee vun enger ëffentlecher Autoritéit opgesat gouf an dee generell an netperséinlech Rechtsreegele begräift. En Akt fält an d'Kategorie vun de Reglementer, wann e sech un eng net definéiert Zuel vu potentielle Persoune riicht, déi net individuell ernimmt sinn. E Reglement kann sech awer op eng oder méi Persoune bezéien, déi an enger abstrakter Form bezeechent sinn.

Sou zielen der administrativer Geriichtsbarkeet no z. B. als generell an als netperséinlech:

Op der aner Säit falen individuell Akten déi vun engem Autoritéitsorgan geholl ginn a sech op bestëmmt Situatioune bezéien, net ënnert d'Reglementer. Se behalen en individuelle Charakter, och wa se sech op eng Rei vu bestëmmte Persoune bezéien. Dat zielt z. B. fir en Arrêté iwwer d'Nominatioun vu Membere vun enger Kommissioun.

Autoritéite mat reglementarescher Muecht[änneren | Quelltext änneren]

Der Constitutioun no läit d'Kompetenz fir Reglementer ze huele beim Grand-Duc[1] a bei de Gemengen[2]. Se gesäit awer och d'Méiglechkeet vir, datt engersäits d'Legislativ engem ëffentlechen Etablissement[3] oder enger Beruffschamber[4] an anersäits de Grand-Duc engem Regierungsmember[5] dës Muecht iwwerdréit. Soss keng aner Autoritéit vun ëffentlechem oder privatem Recht kann dës Muecht ausüben.

Duerch d'Constitutioun huet de Grand-Duc déi allgemeng Kompetenz fir Reglementer an alle Beräicher ze huelen an hie mécht dat gemenkerhand mat engem Règlement grand-ducal.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Groussherzoglecht Reglement.

D'Gemenge kënne Reglementer am Kader vun hirer kommunaler Kompetenz a bannent dem Territoire vun der Gemeng huelen; se kënnen awer och vum Legislateur domat beoptraagt ginn.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Gemengereglement.

Reglementer vun den ëffentlechen Etablissementer an de Beruffschambere limitéiere sech op déi Kompetenzberäicher déi vum Legislateur virgi sinn.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Reglement vun den ëffentlechen Etablissementer.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Reglement vun de Beruffschamberen.

Virun der Constitutioun vun 1848 an och mat där vun 1856 hat de Kinnek-Groussherzog d'Méiglechkeet Reglementer ze huelen, ouni datt déi e Gesetz als legal Basis haten. Zanter der Revisioun vun der Verfassung vun 1919 kann de Grand-Duc just nach e Reglement am Kader vun engem Gesetz huelen, dat deemno an der Hierarchie vun den Normen driwwer steet. Et steet der Legislativ awer fräi ob – an a wéi engem Ausmooss – se d'Ausféierung vun engem Gesetz op Reglementer iwwerdréit.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Besch, Marc. (2019). Normes et légistique en droit public luxembourgeois (Vademecum). Windhof: Promoculture-Larcier.

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Art. 36. – « Le Grand-Duc prend les règlements et arrêtés nécessaires pour l'exécution des lois. »; Art. 37. – « Le Grand-Duc fait les traités. (…) Le Grand-Duc fait les règlements et arrêtés nécessaires pour l'exécution des traités … »
  2. Art. 137. – « (3) Le conseil (…) fait les règlements communaux …»
  3. «Art. 108bis. – « La loi peut créer des établissements publics (…). Dans la limite de leur spécialité le pouvoir de prendre des règlements peut leur être accordé par la loi (…) »
  4. Art. 11. (6) – « En matière d'exercice de la profession libérale elle [la loi] peut accorder à des organes professionnels dotés de la personnalité civile le pouvoir de prendre des règlements. »
  5. Art. 76. – « (…), le Grand-Duc peut, dans les cas qu'il détermine, charger les membres de son Gouvernement de prendre des mesures d'exécution. »
  • Quell vum Artikel, wou net anescht uginn: Besch M., an der Literatur