Marc Besch
Ausgesinn
Marc Besch | |
---|---|
Marc Besch (2019) | |
Gebuer |
5. November 1964 Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Fonctionnaire, Auteur |
De Marc Besch, gebuer de 5. November 1964 ass en héije Lëtzebuerger Beamten an Auteur vu juristesche Publikatiounen.
No sengem Ofschloss an der École de commerce et de gestion zu Lëtzebuerg huet hien zu Nanzeg an zu Metz studéiert an huet 1988 beim Staat, an der Steierverwaltung an duerno beim Fonds national de solidarité geschafft. Zënter 1990 ass hie Beamten am Sekretariat vum Staatsrot an zanter 1998 Generalsekretär vun där Institutioun.
Hien ass Chargé de cours associé op der Uni Lëtzebuerg a Chargé de cours um Institut national d'administration publique (INAP). Donieft ass hien Auteur vun enger Rei vu juristesche Bicher a Member vum Redaktiounscomité vun der Revue luxembourgeoise de droit public.
Publikatiounen
[änneren | Quelltext änneren]- Marc Besch. (2019). Normes et légistique en droit public luxembourgeois. Windhof: Promoculture-Larcier ISBN 978-2-87998-279-3
- Pierre Majerus, Marcel Majerus, Jean-Mathias Goerens, Emmanuel Servais, Marc Besch, Max Agnès. (2009) Connaissances sur l'organisation, le fonctionnement et les structures de l'Etat luxembourgeois
- Marc Besch. (2005). Traité de légistique formelle. Luxembourg: Conseil d'État ISBN 2-495-29075-2
- Marc Besch. (1999). Guide pratique de la technique législative luxembourgeoise. Luxembourg: Conseil d'État ISBN 2-495-16044-1
Gielercher
[änneren | Quelltext änneren]- Commandeur vum Ordre de la couronne de chêne (Promotioun 2022)[1]
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Marc Besch – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ (fr)Ministère d’État - Promotion générale dans les Ordres nationaux - Nominations.. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 24.02.2024.