Persoun (Droit)

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen

Eng Persoun ass am Droit jiddwereen, deen déi sougenannt juristesch Perséinlechkeet huet.

Et gëtt physesch Persounen, dat sinn d'Mënschen.

An et gëtt moralesch Persounen, dat si Gesellschaften an Associatiounen, déi opgrond vun engem Gesetz eng Perséinlechkeet hunn.

Persoune sinn am Droit wichteg, well si als eenzeg Rechter an Flichte kënnen hunn.