Gesetz

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Icon Hinweis Rechtsthemen.svg Dësen Artikel gehéiert zur Serie vun den Droits-Artikelen. Dës Explikatioune bezéie sech am Prinzip just op dat lëtzebuergescht Recht. Ënner Ëmstänn goufen déi lescht Changementer an der Legislatioun an/oder der Jurisprudenz nach net berécksichtegt. Et handelt sech och net ëm e juristesche Rot, mä ëm eng vereinfacht Duerstellung fir Laien. A konkrete Fäll soll ee sech ëmmer un en Affekot wennen!
Statu La Loi vum Jean-Jacques Feuchère

Ënner Gesetz versteet een an engem materiellen (inhaltlechen) Sënn, all abstrakt an net-perséinlech Rechtsnorm. Gesetz am formelle Sënn begräift all Moossnam déi an enger Prozedur zustane komm ass, déi vun der Verfassung hier virgesinn ass fir Gesetzer z'erloossen.

Definitioun[änneren | Quelltext änneren]

D'Verfassungsrecht zu Lëtzebuerg definéiert e Gesetz als en Akt dee vun der Chamber gestëmmt a vum Grand-Duc promulgéiert gëtt.

Materiell a formell Gesetzer[änneren | Quelltext änneren]

Fir d'Europäesch Mënscherechtskonventioun ass de Begrëff „Gesetz“ am materiellen an net am formelle Sënn ze betruechten. No der Jurisprudenz vum Europäesche Geriichtshaff fir Mënscherechter begräift „Gesetz“ den Ensembel vum geschriwwene Gesetz, inklusiv den Texter vun engem ënnergeuerdente Rang, grad ewéi d'Jurisprudenz.

Op der aner Säit ass e Gesetz oder Reglement dem Lëtzebuerger Droit no e formelle Rechtsakt, dee vum deem Organ an no där Prozedur déi virgesinn ass, ausgeschafft gëtt, onofhängeg vu sengem Inhalt (Matière).

D'Verfassungsgeriicht stellt sech och op d'Säit vun der formeller Approche well Gewaltentrennung, wéi se vun der Constitutioun virgesinn ass, mat sech bréngt, datt kee staatlecht Organ dat d'Legislativ, d'Exekutiv oder d'Judikativ ausüübt eng aner Gewalt ausübe kann, déi duerch d'Verfassung fir en anert Organ virgesinn ass. Dem Legislateur seng Kompetenz begräift deemno net just d'Festleeë vun allgemengen, net-perséinleche Reegelen, mä och déi, déi sech op individuell a konkret Mesure bezéien.

Wat de Contenu vun de Gesetzer a Reglementer ugeet, sou mécht een en Ënnerscheed tëscht normative Gesetzer, déi en allgemengen, net-perséinleche Sujet betreffen an dozou déngen, Normen ze schafen, also fir Verhalensreegelen, Rechter a Flichte festzeleeën.

Formell Gesetzer sinn Texter déi „Gesetz“ oder „Reglement“ heeschen, well se no enger gewësser Prozedur a vun engem bestëmmten Organ opgestallt goufen, ouni datt s'awer wéi d'normativ Gesetzer eppes befeelen oder eppes Allgemenges betreffen.

Formell Gesetzer sinn z. B.:

  • Loi du 27 mai 2002 autorisant le Gouvernement à construire un nouveau bâtiment pour le Lycée technique Mathias Adam de Pétange y compris l'aménagement des alentours;
  • Loi du 24 mars 2020 portant prorogation de l’état de crise déclaré par le règlement grand-ducal du 18 mars 2020 portant introduction d’une série de mesures dans le cadre de la lutte contre le Covid-19;
  • Règlement grand-ducal du 1er avril 2022 portant déclaration d’obligation générale de l’avenant X à la convention collective de travail pour le métier de carreleur signé le 12 juillet 2013 et conclu entre la Fédération des Entreprises de Carrelages du Grand-Duché de Luxembourg, d’une part et les syndicats bénéficiant de la représentativité nationale générale l’OGBL et le LCGB, d’autre part;
  • Loi du 21 juillet 2021 portant approbation de l’Accord modifiant le traité instituant le mécanisme européen de stabilité, signé à Bruxelles les 27 janvier et 8 février 2021.

E formellt Gesetz kann nëmmen am deem Kader geholl ginn dee vun engem normative Gesetz virginn ass. Et kann en normatiivt Gesetz weder änneren nach ofschafen. Am Prinzip gëtt et och net abrogéiert oder modifizéiert, well et automatesch ausleeft wa säin Zweck erfëllt ass. Sou ass z. B. engem Gesetz, mat deem d'Chamber en internationalen Traité unhëlt, säin Zweck erfëllt, wann den Traité bis vum Grand-Duc ratifizéiert ass.

Kompetenz vun der Legislativ[änneren | Quelltext änneren]

E Gesetz kann all Beräicher reegelen, déi vun der Verfassung net fir d'Exekutiv oder d'Judikativ reservéiert sinn. Net reegele kann d'Legislativ deemno z. B. d'Organisatioun vun der Regierung oder d'Nominatioun vun de Fonctionnairen, well dëst vun der Verfassung hier an d'Kompetenz vun der Exekutiv fält.

Ënnert der Konditioun d'Normen uewendriwwer anzehalen, kann d'Legislativ alles reegele wat se fir néideg fënnt. Am Fall wou e Gesetz oder Reglement net kloer wär, oder wann et ënnerschiddlech ausgeluecht kéint ginn, kann d'Legislativ d'Affär iwwer e Gesetz interpretéieren[1].

E Beispill fir esou eng Interpretatioun ass:

  • Loi du 5 février 1890 portant interprétation de l'art. 10 du Code civil et de l'art. II de la loi du 27 janvier 1878, sur les naturalisations[2].

D'Chamber eleng huet de legislative Pouvoir, wat mat sech bréngt datt all Gesetz nëmme bestoe kann, wann et am Kader vun der legislativer Prozedur vun der Chamber gestëmmt gouf. Keng aner Autoritéit kann der Chamber hir Kompetenz modifizéieren. Weder d'Promulgatioun vum Gesetz duerch de Grand-nach d'Judikativ kënnen sech géint de Wëlle vun der Chamber fir e Gesetz ze stëmmen duerchsetzen.

Wann et net anescht vun der Constitutioun virgesinn ass, gëtt e Gesetz an der Chamber mat enger einfacher Majoritéit gestëmmt.

Formell Gesetzer[änneren | Quelltext änneren]

Am Allgemenge kann d'Legislativ decidéieren ob e s'e Gesetz selwer ausféiert oder d'Uwennung z. B. vun engem Reglement oder enger administrativer Decisioun ofhängeg mécht.

Der Constitutioun no mussen awer verschidde Beräicher duerch e formellt Gesetz gereegelt ginn. Dëst betrëfft haaptsächlech Theemen am Zesummenhang mat de Grondrechter oder dem Fonctionnement vum Staat.

Beispiller heifir sinn:

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Besch, Marc. (2019). Normes et légistique en droit public luxembourgeois (Vademecum). Windhof: Promoculture-Larcier.

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Art. 48. vun der Constitutioun: « L’interprétation des lois par voie d’autorité ne peut avoir lieu que par la loi. »
  2. Loi du 5 février 1890 portant interprétation de l'art. 10 du Code civil et de l'art. II de la loi du 27 janvier 1878, sur les naturalisations. - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 2022-05-20.
  3. Art. 37. – « Nulle cession, nul échange, nulle adjonction de territoire ne peut avoir lieu qu'en vertu d'une loi. »
  4. Art. 2. – « Les limites et chefs-lieux des arrondissements judiciaires ou administratifs, des cantons et des communes ne peuvent être changés qu’en vertu d’une loi. »
  5. Art. 9. – « (…) la loi peut conférer l’exercice de droits politiques à des non-Luxembourgeois. »
  6. Art. 11. (4) – « La loi garantit les libertés syndicales et organise le droit de grève »
  7. Art. 37. – « (…) Les traités (…) sont approuvés par une loi votée (…) »
  • Quell vum Artikel, wou net anescht uginn: Besch M., an der Literatur