Regierung (Lëtzebuerg)

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Logo vun der Lëtzebuerger Regierung

D'Regierung ass zu Lëtzebuerg d'Exekutivorgan, dat sech aus dem Groussherzog an de Ministeren zesummesetzt. Am allgemenge Sproochgebrauch an an engem méi restriktive Kader, si mat der Regierung d'Ministeren an d'Staatssekretären (oder delegéiert Ministeren) gemengt.

Op Grond vun der Konstitutioun ass et de Grand-Duc eleng deen d'Exekutiv ausüübt[1], mä all Decisioun muss vun engem Regierungsmember contresignéiert ginn[2].

De Sëtz vun der Regierung ass an der Stad Lëtzebuerg an e kann nëmme provisoresch an duerch grav Ëmstänn anzwousch anescht hi verluecht ginn[3]. Aktuell ass de Sëtz am Hôtel St Maximin, dem Gebai vum Staatsministère.

De Choix an d'Nominatioun vun de Ministeren[änneren | Quelltext änneren]

De Grand-Duc reegelt d'Organisatioun vu senger Regierung, déi op d'mannst aus dräi Membere bestoe muss[4], an ernennt deemno d'Ministeren. Do dernieft kann hie Conseilleren a fënnef verschiddene Kategorien ernennen (Administrateurs généraux, Premiers Conseillers de Gouvernement, Conseillers de Gouvernement première classe, Conseillers de Gouvernement, Conseillers de Gouvernement adjoints)[5].

D'Recht fir säi “Personal” z'ernennen ass eng Ausnam zur allgemenger Reegel, déi seet, datt all bezuelt Plaz beim Staat iwwer e Gesetz festgeluecht gi muss[6].

De Grand-Duc huet déi fräi Wiel fir déi Leit erauszesichen déi zesumme mat him, als Minister, d'Exekutiv bilden. An der Praxis ass de Grand-Duc awer a sengem Choix limitéiert well d'demokratesch Prinzippie verlaangen, datt d'Ministeren net nëmmen d'Vertraue vum Grand-Duc, ma och vun der Chamber mussen hunn. No den allgemenge Gewunnechten ass et esou, datt de Grand-Duc just de President vun der Regierung (Premierminister) eraussicht, deen da seng Mataarbechter proposéiert fir eng Regierung op d'Been ze stellen, déi vun der Chamber ugeholl gëtt. Gemenkerhand gi markant Perséinlechkeeten aus deene Partien ausgewielt, déi d'Majoritéit an der Chamber hunn. Et kënnen awer och “Fachleit” Minister ginn, déi net an d'Chamber gewielt goufen oder déi keng direkt politesch Tendenz hunn.

De Grand-Duc ernennt déi Perséinlechkeeten déi him vum Regierungspresident proposéiert ginn.

D'Membere vun der Regierung musse Lëtzebuerger sinn. E Ministeschposten ass net kompatibel mat deem vun engem Magistrat, engem Conseiller vun der Cour des comptes, engem Conseiller vum Staatsrot, engem Deputéierten oder Gemengeconseiller.

D'Dauer vun engem Ministermandat ass net definéiert an de Grand-Duc kéint e Minister zu all Moment vu senge Funktiounen entbannen. An der Praxis mécht hie kee Gebrauch vun deem Recht, ma e limitéiert sech drop fir d'Demissioune vun de Ministeren unzehuelen, sief et aus perséinleche Grënn, wann e Minister sech z. B. net méi eens ass mam Regierungspresident oder wann d'politesch Majoritéit an der Chamber no de Chamberwalen eng aner ginn ass.

Regierungsapparat[änneren | Quelltext änneren]

D'Regierung besteet aus engem President deen den Titel „Staatsminister“ oder „Premierminister“ huet, aus engem oder zwéi Vize-Presidenten, aus Ministeren an eventuell aus Staatssekretären.

Déi aktuell Regierung(Juli 2021) besteet aus 17 Ministeren.

Nuvola apps xmag.png Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Regierung Bettel-Kersch-Bausch.

Nieft de Ministere kënnen nach Staatssekretären ernannt ginn. Si ënnerstëtzen d'Ministeren bei der Instruktioun vun de Dossieren. Se si Member vun der Regierung, politesch responsabel, stinn awer an der Hierarchie méi déif wéi d'Ministeren. Hire Pouvoir gëtt iwwer en Arrêté grand-ducal festgeluecht.

Regierungsrot[änneren | Quelltext änneren]

Den Hôtel St Maximin, Sëtz vun der Regierung

De Regierungsrot (Conseil de gouvernement oder Gouvernement en conseil) ass en Organ dat sech aus de Ministeren an de Staatssekretären zesummesetzt an all Woch zesummekënnt. D'Staatssekretären hunn awer kee Stëmmrecht.

Iwwer all Affär déi dem Grand-Duc fir eng Decisioun virgeluecht muss ginn, muss fir d'éischt am Regierungsrot berode ginn. De Regierungsrot diskutéiert awer och iwwert Gesetzesprojeten, déi bei der Chamber agereecht ginn[7].

All Member vun der Regierung ka froen, fir datt am Regierungsrot eng Decisioun iwwer e Sujet geholl gëtt dee säin Departement betrëfft. All Dossier dee méi wéi ee Ministère betrëfft, muss am Regierungsrot debattéiert ginn.

D'Decisioune vum Regierungsrot gi mat enger einfacher Majoritéit geholl. Bei Stëmmegläichheet ass d'Stëmm vum Premierminister ausschlaggeebend. An der politescher Traditioun ginn d'Decisioune vum Regierungsrot allerdéngs am Konsens geholl, sou datt eng Ofstëmmung nëmmen an Ausnamefäll stattfënnt.

Generalsekretariat[änneren | Quelltext änneren]

D'Regierung bestëmmt en héije Beamten aus der Regierungsverwaltung fir de Poste vum Generalsekretär (Secrétaire général) vum Regierungsrot; e kann och nach e Secrétaire général adjoint bestëmmen[8]. Se kënnen zu all Moment ofgesat ginn an hir Amtszäit hält mam Enn vum Regierungsmandat op.

De Generalsekretär preparéiert d'Reunioune vum Regierungsrot, mécht de Sëtzungsprotokoll a kuckt, datt d'Decisiounen ëmgesat ginn. De Regierungsrot kann him och aner Aufgaben iwwerdroen.

President vun der Regierung[änneren | Quelltext änneren]

De Staatsminister, President vun der Regierung, iwwerwaacht den allgemengen Oflaf vun den Affären a suergt dofir, datt an all Staatsservice déi selwecht Prinzippie gëllen.

Bei enger Stëmmegläichheet am Regierungsrot ass dem Staatsminister seng Stëmm ausschlaggeebend. An extrem dréngende Fäll kann hien eng Decisioun huelen, déi eigentlech an der Kompetenz vum Regierungsrot läit. Hie muss de Regierungsrot an deem Fall an der nächster Sëtzung doriwwer an d'Bild setzen.

De Staatsminister huet d'Recht eng Decisioun, déi vum Regierungsrot geholl gouf, ze suspendéieren, ënnert der Konditioun, datt hien de Grand-Duc doriwwer informéiert.

Am Fall wou de Staatsminister verhënnert ass fir d'Presidence vum Regierungsrot z'iwwerhuelen, fält déi Charge un de Vize-President vum Regierungsrot an duerno op den déngschteelste Minister.

De Begrëff „President vun der Regierung“ ass net an der Verfassung virgesinn an huet och keen institutionelle Charakter. Mam Term, deen zanter 1857 an den Arrêté-grand-ducallen iwwert d'Organisatioun vun der Regierung gebraucht gëtt, kann op Grond vum Artikel 79[9] vun der Verfassung just de Premierminister gemengt sinn, deen d'Presidence vum Regierungsrot iwwerhëlt.

Ministeren[änneren | Quelltext änneren]

All Minister leet säin oder seng Departementer déi him vum Grand-Duc iwwerdroe goufen. Well d'Verfassung all Autoritéit tëscht dem Grand-Duc an der Regierung verbitt[9], stinn d'Ministeren an der Hierarchie direkt ënnert dem Grand-Duc.

En delegéierte Minister oder Staatssekretär iwwerhëlt d'Leedung vun engem ministeriellen Departement oder engem Deel dovun, fir dat/déi hien d'Kompetenz vum Minister, an am Aklang mam Grand-Duc, iwwerdroe krut. Hie kann och eng Delegatioun fir d'Ënnerschrëft iwwerdroe kréien, fir Affären déi net a senger delegéierter Kompetenz leien[10].

An d'Zoustännegkeet vun de Ministere fale follgend Aufgaben:

  • si ënnerschreiwen d'Decisioune vum Grand-Duc, déi hiren Departement betreffen;
  • si decidéieren direkt all lafend Geschäfter an hirem Departement;
  • si elaboréieren d'Projet-de-loien déi vum Grand-Duc ausginn a presentéieren se an der Chamber ;
  • wann d'Chamber dono freet, ginn si Erklärungen iwwert Affären déi hiren Departement betreffen;
  • am Kader vun hiren Attributioune këmmeren si sech drëm, datt d'Gesetzer an d'Reglementer vun der ëffentlecher Verwaltung agehale ginn. Si huelen dofir Arrêté-ministériellen an administrativ Decisiounen a ginn Instruktiounen a Circulairen un hir Verwaltungen eraus;
  • d'Exekutioun vun de Gesetzer, déi prinzipiell just vum Grand-Duc gemaach gëtt, kann an spezielle Fäll iwwert e Gesetz oder en Arrêté grand-ducal un een oder méi Ministeren iwwerdroe ginn. An deem Fall kënnen se exekutiv Reglementer a Form vu engem ministeriellen Arrêté huelen;
  • si féiere fir hiert Departement d'Decisioune vum Regierungsrot aus;
  • an all Fall, wou et explizitt vun engem Gesetz virgesinn ass, ernennen si Personal an ëffentleche Funktiounen;
  • si stellen de Budget vun hirem Departement op;
  • si beoptragen d'Payementer vun hirem Departement iwwer de Staatsbudget.

Ministeriell Departementer[änneren | Quelltext änneren]

Mat der Opdeelung vun den eenzele ministeriellen Departementer (Ministèren) leet de Grand-Duc d'Kompetenze vun all Regierungsmember fest. Déi aktuell Opdeelung ass am Arrêté grand-ducal vum 28. Mee 2019 festgehalen[11].

Nuvola apps xmag.png Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Lëscht vun de Ministèren zu Lëtzebuerg.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Pierre Majerus, Marcel Majerus. L'État Luxembourgeois : Manuel de droit donstitutionnel et de droit administratif. 6e éd., Revue, complétée et mise à jour. ed. Luxembourg: P. Majerus, 1990.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. (fr)Constitution du Grand-Duché du Luxembourg - Legilux. Art. 33 « Le Grand-Duc est le chef de l’Etat (…). Il exerce le pouvoir exécutif conformément à la Constitution et aux lois du pays ». legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 2021-07-19.
  2. (fr)Constitution du Grand-Duché du Luxembourg - Legilux. Art. 45 « Les dispositions du Grand-Duc doivent être contresignées par un membre du Gouvernement responsable ». legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 2021-07-19.
  3. (fr)Constitution du Grand-Duché du Luxembourg - Legilux. Art. 109 « Le siège du Gouvernement ne peut être déplacé que momentanément pour des raisons graves ». legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 2021-07-19.
  4. (fr)Constitution du Grand-Duché du Luxembourg - Legilux. Art. 76 « Le Grand-Duc règle l’organisation de son Gouvernement, lequel est composé de trois membres au moins. ». legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 2021-07-19.
  5. Arrêté grand-ducal du 21 décembre 2018 modifiant l’arrêté grand-ducal modifié du 14 janvier 1974 relatif aux conseillers qui sont adjoints au Gouvernement. - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 2021-07-20.
  6. (fr)Constitution du Grand-Duché du Luxembourg - Legilux. Art. 35 « Aucune fonction salariée par l’Etat ne peut être créée qu’en vertu d’une disposition législative ». legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 2021-07-19.
  7. Arrêté royal grand-ducal du 9 juillet 1857 portant organisation du Gouvernement grand-ducal. - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 2021-07-22.
  8. Arrêté grand-ducal du 20 septembre 2004 modifiant l'arrêté grand-ducal du 9 juillet 1857 portant organisation du Gouvernement grand-ducal. - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 2021-07-22.
  9. 9,0 9,1 (fr)Constitution du Grand-Duché du Luxembourg - Legilux. Art. 79 « Il n’y a entre les membres du Gouvernement et le Grand-Duc aucune autorité intermédiaire ». legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 2021-07-19.
  10. Arrêté grand-ducal du 9 juillet 1971 modifiant l'article 4 de l'arrêté royal grand-ducal du 9 juillet 1857 portant organisation du Gouvernement grand-ducal. - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 2021-07-22.
  11. Arrêté grand-ducal du 28 mai 2019 portant constitution des Ministères. - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 2021-07-22.