Op den Inhalt sprangen

Pierre Majerus

Vu Wikipedia
Pierre Majerus
Gebuertsnumm Peter Anton Majerus
Gebuer 29. September 1909
Rouspert
Gestuerwen 24. August 1998
Lëtzebuerg
Alter 88 Joer
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Schrëftsteller, Jurist, Diplomat, Ambassadeur, Chambellan
Member vun Section des sciences morales et politiques vum Institut grand-ducal
Auszeechnungen Chevalier grand-croix vum Ordre du Mérite vun der italieenescher Republik, Ordre de Léopold II, Ordre de la couronne de chêne

De Pierre Antoine Majerus[1], gebuer als Peter Anton Majerus den 29. September 1909 zu Rouspert[2] a gestuerwen am Alter vun 88 Joer de 24. August 1998[2] an der Stad Lëtzebuerg[3], war e lëtzebuergesche Jurist, Diplomat an Auteur.

No sengem Secondaire am Stater Kolléisch (1927) huet de Pierre Majerus Droit studéiert. Nom Zweete Weltkrich huet e bei den Affaires étangères an am diplomateschen Déngscht geschafft. Hien huet ë. a. op der lëtzebuergescher Ambassade zu Bonn geschafft (~1954) a gouf mat der Zäit Ministre plénipotentiaire. Méi spéit gouf e Chambellan (Kummerhär) vum Groussherzog Jean.

Hien huet eng ganz Rëtsch juristesch a verfassungshistoresch Wierker geschriwwen a publizéiert. Dofir war hien ë. a. Éieremember vun der Section des Sciences morales et politiques vum Institut grand-ducal.

Publikatiounen (Auswiel)

[änneren | Quelltext änneren]
  • Le Luxembourg indépendant - Essai d'histoire politique contemporaine et de droit international public; Lëtzebuerg (Sankt Paulus), 1945.
  • L'État luxembourgeois - Manuel de droit constitutionnel et de droit administratif; Lëtzebuerg, 1948 (= 1. Oplo). - Déi 6., vum Jurist Marcel Majerus revidéiert an ergänzt Ausgab, koum 1990 zu Esch/Uelzecht (Editpress) eraus (435 S.).
  • Principes élémentaires de droit public luxembourgeois ; Lëtzebuerg (Impr. Jos. Beffort), 1950.
  • Le Luxembourg pendant la Seconde Guerre mondiale - Extrait de l'ouvrage "Le Luxembourg indépendant" (...); Lëtzebuerg (Sankt Paulus), 1980; 159 Säiten.

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. De 24. September 1985 goufen d'Virnimm Peter Anton mat Pierre Antoine ersat (cf. Notiz um Gebuertsschäin)
  2. 1 2 (de) Acte de naissance 48 (13. Blatt) (PDF). Rosport – Naissances, 1892-1913 (Registre) S. 318. Archives nationales. Gekuckt de 24.06.2025.
  3. Notiz iwwer den Doud vum Pierre Majerus am Lëtzebuerger Land vum 4. September 1998 op eluxemburgensia.lu gekuckt de 7. Februar 2022
  4. Memorial A N°12 vun 1958 mat der Lëscht vun de Leit déi 1958 am Ordre dela ocuronne de chêne dekoréiert goufen.
  5. Distinctions honorifiques am Bulletin d'Information N°4 vum Abrëll 1953 vum Service Information et Presse op der Säit 63
  6. (it) MAJERUS S.E. Pierre. https://www.quirinale.it(26.10.1973).Gekuckt de 24.06.2025.
  7. Nationaal Archief (La Haye), Zougangsnummer 2.02.32, Inventarnummer 739, Aschreiwungsnummer 2567