Jean vu Lëtzebuerg

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Jean vu Lëtzebuerg
GD Jean 1967.jpg
Titelen
Groussherzog vu Lëtzebuerg
1964 bis 2000
Biographie
Gebuer 5. Januar 1921
Schlass Bierg
Gestuerwen 23. Abrëll 2019
Lëtzebuerg
Bestuet mat Joséphine-Charlotte vun der Belsch
Papp Felix vu Bourbon-Parma
Mamm Charlotte vu Lëtzebuerg
Geschwëster Charles vu Lëtzebuerg, Élisabeth vu Lëtzebuerg, Marie-Adélaïde vu Lëtzebuerg, Marie-Gabrielle vu Lëtzebuerg, Alix vu Lëtzebuerg
Kanner Marie-Astrid vu Lëtzebuerg, Henri vu Lëtzebuerg, Jean vu Lëtzebuerg, Margaretha vu Lëtzebuerg, Guillaume vu Lëtzebuerg


De Jean Benoît Guillaume Robert Antoine Louis Marie Adolphe Marc d'Aviano vu Lëtzebuerg, gebuer de 5. Januar 1921 op Schlass Bierg a gestuerwen den 23. Abrëll 2019[1][2], war vun 1964 bis 2000 deen aachte Groussherzog vu Lëtzebuerg.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

12.11.1964: Den Eed op d'Verfassung als neie Groussherzog.
D'groussherzoglech Koppel mat hire Kanner (1971).

De Prënz Jean koum um Schlass vu Kolmer-Bierg als Jong vun der Groussherzogin Charlotte vu Lëtzebuerg an hirem Mann, dem Prënz Felix vu Bourbon-Parma op d'Welt. Hien huet säi Lycée zu Lëtzebuerg an zu Ampleforth a Groussbritannien gemaach. De 5. Februar 1939 gouf hien zum Ierfgroussherzog ernannt.

Wéi d'Wehrmacht den 10. Mee 1940 Lëtzebuerg iwwerfall huet, huet e mat senger Famill d'Land verlooss. Hien huet fir d'éischt am Québec gelieft, wou en op d'Universitéit vu Laval goung. Enn 1942 huet hie sech bei den Irish Guards gemellt an eng Militärausbildung zu Aldershot gemaach, no där e Lieutenant (1944) an duerno 1945 Captain gouf. 1947 gouf e vum Déngscht an den Irish Guards fräigestallt. 1984 gouf e vun der Kinnigin vun England zum Colonel ernannt, a konnt an deem Grad bei der traditioneller Truppeparade vum Trooping the Colour nieft der Kinnigin reiden.

Den 11. Juni 1944 ass hien an der Normandie gelant a war bei der Schluecht vu Caen an der Befreiung vu Bréissel dobäi. Den 10. September 1944 war hien, zesumme mat sengem Papp, bei den alliéierten Truppen, wéi déi Lëtzebuerg befreit hunn. Kuerz duerno, bis un d'Enn vum Krich, war de Prënz Jean bei senger Unitéit, déi Arnhem befreit an an der Ardennenoffensiv mat gekämpft huet.

Tëscht dem 24. Abrëll 1951 an dem 28. Abrëll 1961 war de Prënz Jean Member vum Staatsrot[3].

Den 9. Abrëll 1953 huet hie sech mat der Prinzessin Joséphine-Charlotte vun der Belsch bestuet.

Den 28. Abrëll 1961 huet seng Mamm en zum Lieutenant représentant ernannt, an den 12. November 1964 koum hien no senger Mamm op den Troun a gouf Groussherzog vu Lëtzebuerg. Deeselwechten Dag krut hien den Titel Generol vun der Lëtzebuerger Arméi.

Iwwer en Drëttel Joerhonnert war hien un der Spëtzt vum Land. De 7. Oktober 2000 huet hien zugonschte vu sengem eelste Jong Henri op den Troun verzicht.

De Grand-Duc Jean ass den 23. Abrëll 2019 gestuerwen, nodeems hien déi Woch virdru mat enger Longenentzündung an eng Klinik ageliwwert gi war. De 4. Mee 2019 gouf hien an der Krypta vun der Kathedral bäigesat.

Kanner[änneren | Quelltext änneren]

Patronagen an Engagementer[änneren | Quelltext änneren]

De Groussherzog Jean hat folgend Aufgaben a Chargen iwwerholl:

De Grand-Duc Jean 2006

Militäresch Auszeechnungen[änneren | Quelltext änneren]

Aner Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

Nieft de militäreschen Auszeechnungen hat hien eng Abberzuel Lëtzebuergesch an auslännesch Auszeechnungen iwwerreecht kritt, douvun ë. a. de Silver Wolf, déi héchst Auszeechnung vun der britescher Scout Association.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Jean vu Lëtzebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien

Artikelen op wort.lu:[änneren | Quelltext änneren]

Artikelen op rtl.lu:[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. RIP Grand-Duc Jean - E grousse Staatsmann huet eis fir ëmmer verlooss op rtl.lu den 23. Abrèell 2019, 06:09
  2. Message de Son Altesse Royale le Grand-Duc op monrachie.lu den 23. Abrëll 2019
  3. Lëscht vun de Membere vum Staatsrot um Site vum Staatsrot