Croix de Guerre (Lëtzebuerg)

Vu Wikipedia

D'Croix de Guerre ass eng lëtzebuergesch militäresch Auszeechnung.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Croix de Guerre 1940-1945[änneren | Quelltext änneren]

De 17. Abrëll 1945 gouf d'Croix de Guerre 1940 - 1945 geschaf, als Unerkennung fir all d'Membere vun enger Arméi oder enger paramilitärescher Organisatioun, déi sech fir d'Befreiung vu Lëtzebuerg am Zweete Weltkrich verdéngt gemaach hunn. A besonnesche Fäll konnt et och un Auslänner goen.[1]

Et krut een déi Auszeechnung per Arrêté grand-ducal op Propose vum Staatsminister, deemools de Pierre Dupong, dee gläichzäiteg och "Président du Gouvernement" an Arméiminister war.

Croix de Guerre[änneren | Quelltext änneren]

Den 9. Mee 1951 gouf nach eng aner Auszeechnung geschaf, déi Kéier ouni d'Mentioun "1940-1945". Déi Auszeechnung kann un all Militärmembere goen, déi sech duerch hir Bravour an hire Mutt verdéngt gemaach hunn. Si kann och posthum, also nom Doud, vergi ginn.[2]

Et kann een déi Medail mat engem Arrêté grand-ducal, op Propositioun vum Arméisminister, kréien.

Beschreiwung[änneren | Quelltext änneren]

D'Medail ass aus Bronz an huet d'Form vun engem Kräiz, iwwer deem sech zwee Schwäerter kräizen. Um ieweschten Deel ass d'groussherzoglech Kroun. Um ronnen Avers an der Mëtt vum Kräiz ass de Buschtaf "C" ënner enger zweeter méi klenger groussherzoglecher Kroun ofgebilt. Um Revers ass bei der Croix de Guerre 1940 - 1945 de Joergang 1940, a bei der anerer Croix de Guerre ee "laurier de chêne" (sic).

D'Band ass däischter-blo mat fënnef giele Sträifen.

Perséinlechkeeten, déi mat der Medail ausgezeechent goufen[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Croix de Guerre (Lëtzebuerg) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Arrêté grand-ducal du 17 avril 1945 portant institution d'une croix de guerre
  2. Arrêté grand-ducal du 9 mai 1951 portant institution d'une Croix de guerre