Pierre Dupong

Vu Wikipedia
Pierre Dupong
Gebuer 11. Januar 1885
Heeschdref
Gestuerwen 23. Dezember 1953
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Stater Kolléisch
Aktivitéit Politiker
Partei CSV, Rietspartei
Famill
Kanner Jean Dupong

De Pierre Dupong, gebuer den 1. November 1885 zu Heeschdref a gestuerwen den 23. Dezember 1953 an der Stad, war e lëtzebuergesche Politiker.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

De Pierre Dupong war 1914 ee vun de Grënnungsmembere vun der Rietspartei. 1915 gouf en an d'Chamber gewielt. Vun 1926 bis 1937 war hie Generaldirekter am Finanzministère (Finanzminister), tëscht 1936 an 1937 zousätzlech Minister fir Sozialversécherung an Aarbecht.

Vum 5. November 1937 bis zu sengem Doud, den 23. Dezember 1953, war hie Staatsminister a Regierungschef. Weider Portefeuillen, déi e betreit hat, waren d'Finanzen an zäitweileg d'Arméi, d'Landwirtschaft, d'Aarbecht a Soziales.

Seng Regierunge ware bis 1947 "Grouss Koalitiounen" tëscht der Rietspartei an de Sozialisten, zum Deel och, 1937-1938 zousätzlech mat de Liberalen, a vun 1945-1947 d'Regierung vun der Nationaler Unioun an där véier Parteie vertruede waren.

Hien ass Premier an der Exilregierung zu Montreal[1], vun 1940 bis 1944 bliwwen, an och nom Krich an der Regierung vun der Nationaler Unioun. 1947 goungen d'Sozialisten an d'Oppositioun; d'Chrëschtlech-Sozial Vollekspartei an de Groupement démocratique hunn d'Ministere gestallt. 1951 hunn d'Sozialisten déi Liberal nees ofgeléist.

De Pierre Dupong ass am Alter vun 68 Joer an der Stad verscheet. Hie war de Papp vum Politiker Jean Dupong.

Fir un den Dupong z'erënnere sinn zu Lëtzebuerg eng Rei Stroossen no him benannt: zu Beetebuerg, Déifferdeng, Diddeleng, Esch-Uelzecht, Heeschdref, Keespelt, an der Stad, zu Schëffleng an zu Zolwer.

Gielercher[2][änneren | Quelltext änneren]

Bibliographie[änneren | Quelltext änneren]

  • Grégoire, Pierre, 1985. Vie et carrière de Pierre Dupong, 102 S. Imprimerie St-Paul, Lëtzebuerg.
  • Dostert, Paul, 2003. Pierre DUPONG 1885-1953. In: 400 Joer Kolléisch, Band II, S. 347-349. éditions saint paul, Lëtzebuerg. ISBN 2-87963-419-9.
  • Haag, Emil, 2011. Emile Reuter *1874 1973 et Pierre Dupong *1885 1953: deux personnalités politiques hors pairs, In: Une réussite originale - Le Luxembourg au fil des siècles; Lëtzebuerg (Éditions Guy Binsfeld), 2011; 576 Säiten (ill.); ISBN 978-2-87954-235-5, Ss 352-361.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Pierre Dupong – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. (fr)Philippe Bernier Arcand, L'exil québécois du gouvernement du Luxembourg. Histoire Québec 19–26 (2010). Gekuckt de(n) 2023-05-31.
  2. MINISTÈRE D'ÉTAT BULLETIN D'INFORMATION - 9e Année - DÉCEMBRE 1953 - N°12 - 3. Pierre Dupong, Ministre d'Etat, Président du Gouvernement † 201
  3. MINISTÈRE D'ÉTAT BULLETIN D'INFORMATION N°7 (2me année) Luxembourg, le 31juillet 1946 Säit 12
  4. Hohe Auszeichnungen. Obermoselzeitung. eluxemburgensia.lu (2. Februar 1948). Gekuckt de(n) 2023-01-24.