Jean Dupong

Vu Wikipedia
Jean Dupong
Gebuer 18. Mee 1922
Lëtzebuerg
Gestuerwen 6. Dezember 2007
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Affekot
Partei CSV
Famill
Papp Pierre Dupong
Säi Graf um Märeler Kierfecht.

De Jean Dupong, gebuer den 18. Mee 1922 an der Stad Lëtzebuerg, gestuerwen de 6. Dezember 2007, war e lëtzebuergesche Politiker an Affekot.

Als Member vun der CSV war hie vun 1954 bis 1958, 1959 bis 1967 an 1974 bis 1979 Deputéierten an der Chamber. Hie war President vun der CSV tëscht 1965 an 1972.

1967-1969 war hie Minister fir Justiz, Bildung, Famill, Jugend, Bevëlkerung a Sozial Solidaritéit an der Regierung Werner-Cravatte a vun 1969 bis 1974 Minister fir Bildung, Aarbecht a Sozial Sécherheet (tëscht 1972 an 1974 zousätzlech och nach fir Wäibau) an der Regierung Werner-Schaus II.

Vun 1979 bis 1994 war hie Member vum Staatsrot, wou hie vun 1988 bis 1991 Vizepresident a vun 1991 bis 1994 President war.

De Jean Dupong war weiderhin ë. a. President vum Conseil d'administration vun der SES, vun der Société de banque suisse a vu Shell, Matgrënner vun der Lasel an 11 Joer laang President vun der Fédération luxembourgeoise d'escrime.

An der Nuecht vum 5. op de 6. Dezember 2007, ass hien am Alter vu 85 Joer gestuerwen.

De Jean Dupong war de Fils vum Pierre Dupong a Papp vu véier Kanner.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]