Op den Inhalt sprangen

Shell

Vu Wikipedia
Shell
De « Shell Centre », Sëtz vum Grupp zu London
Typ Public limited company
Grënnungsdatum 1890
Grënner Marcus Samuel, Henri Deterding
Sëtz London
Besëtzer BlackRock, The Vanguard Group, Norges Bank Investment Management
President Andrew Mackenzie
Generaldirekter Wael Sawan
Mataarbechter 90.000
  (2023)
Ëmsaz 316.620.000.000 US-Dollar
  (2023)
Branche Pëtrolsindustrie, Extraktioun vu Pëtrol an Äerdgas
Homepage https://www.shell.com/

Shell (offiziell Shell plc[1], bis Januar 2022 Royal Dutch Shell plc) ass eng multinational brittesch Pëtrolsfirma mat Sëtz zu London. Et ass eng vun de gréisste Pëtrolsfirmaen op der Welt. De Shell-Grupp ass a méi wéi 70 Länner aktiv an huet 2023 weltwäit ronn 90.000 Leit beschäftegt.

D'Firma Royal Dutch Shell Group ass am Abrëll 1907 aus der Fusioun vun der hollännescher Koninklijke Nederlandse Petroleum Maatschappij (op Englesch: Royal Dutch Petroleum Company) mat der The Shell Transport and Trading Company entstanen.

Shell stoung 2024 op der 17. Plaz vun de weltwäit gréissten Entreprisë mat engem Ëmsaz vun 289,74 Milliarden Dollar an engem Gewënn vu 17,91 Milliarden Dollar[2].

Shell huet Kontroversen am Beräich vun der Globaler Erwiermung ausgeléist; de Konzern gëtt all Joer am Duerchschnëtt 49 Milliounen Dollar fir Lobbying aus, fir domat Mesuren ze blockéieren déi sech géint d'global Erwiermung asetzen. Bei enger Etüd vun 2019 gouf festgestallt, datt Royal Dutch Shell zënter 1965 mat Emissioune vun 31,95 Milliarden Tonnen CO2-Equivalent, déi Firma mat de siwenthéchsten Ausstéiss an deem Zäitraum war[3].

Numm, Logo a Musek

[änneren | Quelltext änneren]

De Begrëff Shell (Englesch fir Muschel) gouf fir d'éischt am Joer 1891 als Markennumm fir Kenkispëtrol benotzt, dee vun der Marcus Samuel and Company an de Fären Osten exportéiert gouf. Ursprénglech war dëse klenge Londoner Buttek op de Verkaf vun Antiquitéiten, Kuriositéiten an orientalesche Muschele spezialiséiert. D'Muschele goufe besonnesch gebraucht fir Bijouskëschten ze dekoréieren.

Dem Marcus Samuel seng zwee Jongen, de Marcus Samuel jun. an de Samuel Samuel, hunn d'Geschäft iwwerholl an d'Muschele waren esou beléift, datt se séier den Haaptartikel vun den Import-Exportaktivitéiten vum Buttek goufen. Méi spéit hu sech d'Aktivitéiten éischter op den Transport vu Kerosin konzentréiert an am Joer 1890 gouf dunn decidéiert Tankschëffer ënner dem Firmennumm The Shell Transport and Trading Company p.l.c.ze bauen. Aus Sentimentalitéit huet de Marcus Samuel jun. sengem Papp säin etabléierte Firmennumm bäibehalen an eng Coquille Saint-Jacques als Logo gewielt.

Iwwer d'Joren huet d'Form vum Shell-Logo an de grapheschen Design evoluéiert; den aktuelle Logo geet op den Industriedesigner Raymond Loewy zeréck a staamt aus dem Joer 1971, och wann en duerno nach liicht g'ännert gouf: Upasse vun de Faarwen (1995) an Ewechloosse vum Firmennumm (1999).

Zënter dem Ufank vum 20. Joerhonnert huet Shell Musek a seng audiovisuell Kommunikatiounsmedien integréiert. 2015 gouf an Zesummenaarbecht mam brittesche Komponist Tom Howe, “Sound of Shell” geschaaft. Et ass eng Orchesterkompositioun vun dräi Minutten, déi a méi wéi 50 Variatioune vu verschiddene Genren a musikalesche Stiler verfügbar ass. Eng kuerz Versioun vun zwou Sekonnen ass e sougenannte Gimmick, a gëtt zum Beispill zesumme mam Logo um Enn vun engem Shell-Film gespillt.[4]

Shell zu Lëtzebuerg

[änneren | Quelltext änneren]
Plang vum Depot Bartreng

Den 31. Mäerz 1920 ass déi Lëtzebuerger Filial als Shell Luxembourgeoise Sàrl gegrënnt ginn[5].

Shell hautdesdaags

[änneren | Quelltext änneren]

Shell Luxembourgeoise beschäftegt 12 Mataarbechter an de Reseau besteet aus 38 Bensinnsstatiounen zu Lëtzebuerg[6], woubäi d'Statioun op der Aire de Berchem déi weltwäit gréisst Shell-Statioun ass[7].

Depot zu Bartreng

[änneren | Quelltext änneren]

De Shell-Depot zu Bartreng huet eng Capacitéit vu knapp 34.700 m³ fir Bensinn an Diesel ze stockéieren, dobäi kënnt nach en Tank vun 3.179 m³ mat Läschwaasser. Den Dreifstoff gëtt mam Zuch aus Däitschland oder der Belsch geliwwert an duerno mat Camione weiderverdeelt.

Den Depot fält ënnert déi sougenannt EU-Direktiv „Seveso-III“[8] iwwer d'Beherrsche vun de Geforen déi mat Accidenter mat geféierleche Substanzen zesummenhänken.

Commons: Shell – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. URI. data.companieshouse.gov.uk. Gekuckt de(n) 08.08.2024.
  2. (en)ANDREA MURPHY, MATT SCHIFRIN, Forbes 2024 Global 2000 List - The World’s Largest Companies Ranked. Forbes. Gekuckt de(n) 08.08.2024.
  3. (en)Matthew Taylor, Jonathan Watts, Revealed: the 20 firms behind a third of all carbon emissions. The Guardian (09.10.2019). Gekuckt de(n) 08.08.2024.
  4. (fr)La marque Shell. www.shell.lu. Gekuckt de(n) 13.08.2024.
  5. (fr)B7479 – Shell Luxembourgeoise, Statuts coordonnés. www.lbr.lu. Gekuckt de(n) 13.08.2024.
  6. (fr)Qui sommes-nous. www.shell.lu. Gekuckt de(n) 13.08.2024.
  7. (fr)Shell à Berchem. www.shell.lu. Gekuckt de(n) 13.08.2024.
  8. Directive 2012/18/UE du Parlement européen et du Conseil du 4 juillet 2012 concernant la maîtrise des dangers liés aux accidents majeurs impliquant des substances dangereuses, modifiant puis abrogeant la directive 96/82/CE du Conseil Texte présentant de l'intérêt pour l'EEE

sentreprisen]]