Aire de Berchem
Aire de Berchem ass den Numm vun enger Koppel Raschtplaze mat Bensinnsstatioun op der lëtzebuergescher Autobunn A3, nieft der Uertschaft Bierchem an der Gemeng Réiser.
Bierchem-West
[änneren | Quelltext änneren]D'Raschtplaz Bierchem-West ((fr) Aire de Berchem-Ouest) läit ongeféier um KP 5,25 tëscht dem Gaasperecher Kräiz an der Ausfaart Léiweng (N° 2) an der Richtung fir op Diddeleng.
D'Statioun gëtt vun Aral exploitéiert an et ass déi gréisst Tankstell iwwerhaapt vun dëser Firma. Se setzt am Joer ronn 108 Millioune Liter ëm, déi an iwwer 1 Millioun Autoen a ronn 15.000 Camione gezaapt ginn. Eng hallef Millioun Leit passéieren all Joer an hirem Restaurant.
Als Restaurant gëtt et eng Filial vu Philéas an eng vu L'Arche.
Nodeems d'Raschtplaz mat der Autobunn 1983 opgaangen ass, gouf se ëm 1994/95 vergréissert[1].
Bierchem-Ost
[änneren | Quelltext änneren]An der Richtung fir an d'Stad läit d'Raschtplaz Bierchem-Ost ((fr) Aire de Berchem-Est) tëscht der Opfaart Léiweng (N° 2) an dem Gaasperecher Kräiz, ongeféier um KP 5,25.
D'Bensinnsstatioun gëtt, zënter datt d'Autobunn 1983 opgaangen ass, vu Shell exploitéiert. Nodeems se 2016 komplett renovéiert gouf, sti 27 Pompele fir Autoen an der 24 fir schwéier Gefierer zur Verfügung Stand 2024. Dem Exploitant no ass et déi gréisst Shell-Statioun weltwäit; se verkeeft iwwer 260 Millioune Liter Sprit am Joer, a se gëtt mat ronn 20 Camionen den Dag beliwwert.
D'Statioun ka bis 25.000 Clienten am Dag zerwéieren an am Ganze passéieren hei ronn 1,5 Millioune Cliente bannent engem Joer.
Op der Raschtplaz Bierchem-Ost gëtt et eng Filial vu Starbucks an eng vu McDonald's. Fir Shell a Starbucks zesumme schaffe ronn 100 Leit a McDonald's beschäftegt sengersäits nach ronn 30 Leit.
Soss
[änneren | Quelltext änneren]- Den Dokumentarfilm "Plein d'essence" vun der Geneviève Mersch vun 2007 beschreift de Mikrokosmos vun dëser Raschtplaz.
- E Foussgängertunnel ënnert der Autobunn verbënnt déi zwou Raschtplaze mateneen. Uganks als technesche Passage just fir d'Personal gebaut, gouf e méi spéit – an nodeems et zu engem déidlechen Accident koum, wéi Leit ze Fouss queesch iwwer d'Autobunn gelaf sinn[2] – fir jiddereen accessibel. Wéinst den Ëmbauaarbechte vun der Autobunn ass den Tunnel awer zënter August 2023 gespaart.
- Am Oktober 1989 gouf et eng Explosioun op der Aral-Statioun, wouduerch déi eng Zäit laang zou war[3].
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Aire de Berchem – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Berchem a la plus grande station Shell au monde, lequotidien.lu, 08.06.2016
- Bienvenue dans la plus grande station-service du monde, l'aire Shell de Berchem au Luxembourg, francebleu.fr, 16.07.2018
- "Station autoroutière de Berchem" op der Aral-Websäit (fr) (archivéiert Versioun)
- Iwwer d'Shell-Statioun (fr) (archivéiert Versioun)
- Klangbild - Moies um hallwer zéng op der Raschtplaz, 100komma7.lu, 07. Dez 2018 - 11:10
- Die Entdeckung des Stillstands - Aire de Berchem Ein Sommertag auf der umsatzstärksten Autobahntankstelle Europas, d'Letzeburger Land, 24.08.2001
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ (fr)d'Letzeburger Land, 41. Jg., nº 3, p. 12., Avis d'adjudication. Ministère des Travaux publics, Administration des Ponts et Chaussées, Division Centrale de la Voirie (21.01.1994). Gekuckt de(n) 06.08.2024.
- ↑ (de)Sans titre. Revue, Jg. nº 3, p. 10 (15.01.1997). Gekuckt de(n) 06.08.2024.
- ↑ (de)Gasexplosion verwüstete « aire de Berchem ». Revue, 45. Jg., nº 43, p. 14. (25.10.1989). Gekuckt de(n) 06.08.2024.