Op den Inhalt sprangen

Dreifstoff

Vu Wikipedia

En Dreifstoff oder Kraaftstoff ass e Brennstoff, deem seng cheemesch Energie duerch Verbrennung, an thermesche Motore wéi Verbrennungsmotoren, Gasturbinnen, oder a Rakéitendreifwierker a mechanesch Energie ëmgewandelt gëtt.

Dreifstoffer ginn haaptsächlech fir den Undriff vu Fortbeweegungsmëttelen (Auto, Fliger, Schëff, Rakéit) gebraucht. Well si ëmmer musse matgefouert ginn, gi meeschtens Stoffer mat enger héijer Energiedicht agesat. Awer och stationär Verbrennungsmotore ginn dermat bedriwwen.

Bei der Verbrennung gëtt als Oxidater meeschtens Loft-Sauerstoff gebraucht, deels, virun allem bei Rakéiten, awer och en eegenen Oxidater wéi verflëssegte Sauerstoff, Laachgas oder Salpéitersaier.

D'Ofgrenzung vum Begrëff Kraaftstoff zum Begrëff Dreifstoff ass net duerchgängeg eenheetlech gereegelt:

  • Als Kraaftstoff gëtt normalerweis e Stoff bezeechent, dee fir eng direkt Verbrennung an enger Verbrennungskraaftmaschinn benotzt gëtt. Besonnesch gängeg ass de Begrëff am Beräich vun der Kraaftgefiertechnik.
  • Als Dreifstoff gëtt normalerweis e Stoff bezeechent, dee fir den Undriff vun engem Fortbeweegungsmëttel, méi rar och enger stationärer Maschinn, gebraucht gëtt. Besonnesch gängeg ass de Begrëff Dreifstoff am Beräich vun der Schëfffaart an der Loft- a Raumfaart.

Net als Kraaftstoff bezeechent ginn normalerweis Stoffer, déi zwar als Energiedréier fir en Undriff déngen, bei deenen awer keng cheemesch Energie fräigesat gëtt, z. B. Waasser fir eng Waasserturbin oder Uran fir de Kärreakter vun engem Nuklearundriff.

Aarte vu Kraaft- resp. Dreifstoffer

[änneren | Quelltext änneren]

Methode fir d'Hierstelle vu Kraaftstoffer

[änneren | Quelltext änneren]

Verglach vu Kraaftstoffer

[änneren | Quelltext änneren]

D'Reechwäit vun engem Gefier gëtt nieft dem Wierkungsgrad vu sengen Aggregaten ë. a. de Volume vum Tank an déi dodra gespäichert Energie bestëmmt. De physikalesche Verglach vun den Hëtzwäerter (kWh pro m³) weist, datt flësseg Dreifstoffer optimal sinn. Bei Gasen hänkt den Energiegehalt staark vum Drock of.

NummAggregatzoustandDicht an
kg/m³
Heizwäert a
kWh/kg
Heizwäert pro
Volumeneenheeten
Waasserstoffgasfërmeg (Normaldrock)   0,09 37,0   3,3 kWh/m³
Waasserstoffgasfërmeg (20 MPa) 37,0   530 kWh/m³
Waasserstoffflësseg (-253 °C) 67,8 37,0   2360 kWh/m³
Äerdgas H-Gas (CNG/GNV)gasfërmeg (Normaldrock)   0,81 13,0   10,5 kWh/m³
Äerdgas L-Gas (CNG/GNV)gasfërmeg (Normaldrock)   0,82 11,3   9,3 kWh/m³
Äerdgasgasfërmeg (20 MPa) 12,0   2580 kWh/m³
Autogas („Flësseggas”)flësseg 540   12,8   6966 kWh/m³
Superbensinflësseg 740   12,0   8760 kWh/m³
Methanolflësseg 787     6,11 4800 kWh/m³
Ethanolflësseg 789     7,44 5900 kWh/m³
Bensinn-Benzol-Gemëschflësseg 796   11,6   9300 kWh/m³
Dieselflësseg 833   11,8   9800 kWh/m³
Benzolflësseg 880   11,1   9760 kWh/m³
Planzenuelegflësseg 920   10,0   9200 kWh/m³[1]

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. DIN 51605 – Rapsuelegkraaftstoff“