Op den Inhalt sprangen

Pëtrol

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Pëtrol, engem Distillat aus Réiueleg. Fir de Produit deen dacks fälschlecherweis als Pëtrol bezeechent gëtt, kuckt wgl. Äerdueleg.
Pëtrol
Pëtrol
Systemateschen Numm (IUPAC) Pëtrol
Trivialen Numm Pëtrol
Cheemesch Formel
Ausgesinn / Geroch
Eegenschaften
Dicht ca. 0,8 g/cm³
Molmass g/mol
Schmëlzpunkt −48 bis −26 °C
Kachpunkt ca. 175–325 °C
Thermodynamesch Daten
Weideres
Cheemesch Famill Kuelewaasserstoffer

Pëtrol ass e flëssegt Gemësch aus Kuelewaasserstoffer, dat duerch eng fraktionéiert Distillatioun aus Réiueleg gewonne gëtt. D'Eegenschafte vum Gemësch hänke vun der jeeweileger exakter cheemescher Zesummesetzung of a kënne staark variéieren.

D'Zuel vu Kuelestoffatomer pro Moleküll leien am Beräich C10-C16. Pëtrol ass liicht flüchteg a schwéier entzündlech, mat engem Flampunkt ((en) flash point) tëscht 55 a 74 °C. D'Pëtrolsdämp si weesentlech méi schwéier wéi d'Loft a kënnen zesumme mat der Loft explosiv Mëschunge bilden. D'Pëtrolsfraktioun bei der Äerduelegdistillatioun läit am Kachberäich tëscht dem Bensinn an dem Diesel, bei ongeféier 175 °C bis 325 °C.

Am Handel gëtt als e Botz- a Léisungsmëttel dacks e Produit mat engem schmuele Kachberäich ugebueden an als Pëtrol bezeechent. Dës Produkter si ganz reng (z. B.  hydréiert, desaromatiséiert) an hu keng schwéier Komponenten déi Réckstänn hannerloossen.

Begrëffsdefinitioun

[änneren | Quelltext änneren]

De Begrëff Pëtrol (op Laténgesch Petroleum) setzt sech ass aus dem Griichesche Petra (Fiels) an dem Laténgeschen Oleum (Ueleg) zesummen.

De Pëtrol heescht op Däitsch Petroleum, op Franséisch kérosène an op Englesch paraffin (GB) oder kerosene (US). Op Lëtzebuergesch gëtt Pëtrol dacks fälschlecherweis fir Äerdueleg gebraucht.

Commons: Pëtrol – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]