Energie

Vu Wikipedia

Ënner Energie versteet een eng potenziell Kraaft, ënner welcher Form och ëmmer, déi et erlaabt, eng Aarbecht ze maachen. D'Wuert Energie kënnt vum griicheschen εργοs (ergos), wat "Aarbecht" bedeit. De Begrëff Energie ass vum schottesche Physiker William John Macquorn Rankine am Joer 1852 am haitege Sënn an d'Physik agefouert ginn.

Déi verschidden Energieaarten[änneren | Quelltext änneren]

Mechanesch Energie[änneren | Quelltext änneren]

Gemengt ass déi potenziell Energie, déi sech aus engem mechanesche System ergëtt.

Thermesch-Energie oder inherent Energie[änneren | Quelltext änneren]

Dat ass déi Energie, déi a Moleküllen oder Atomer vun enger Matière gespäichert ass.

Elektresch oder magnéitesch Energie[änneren | Quelltext änneren]

Si gëtt ofgeleet aus dem physesche Prinzip, dat Deeler vun engem Stoff, wa s'elektresch oder magnéitesch opgeluede sinn, si sech unzéien oder ofstoussen.

Bindungs-Energie[änneren | Quelltext änneren]

Si gëtt bei engem cheemeschen oder atomare Prozess fräigesat.

Primär a sekundär Energie[änneren | Quelltext änneren]

Well d'Energie net verschwannen, mä nëmmen ëmgewandelt ka ginn, schwätzt ee vun

  • Primärer Energie a vun
  • Sekundärer Energie, déi aus engem Ëmwandlungsprozess entsteet (z. B. d'elektresch Energie als Produkt vun der Verbrennung vu Kuelen oder Mazout oder als Produkt vun der Atomspaltung).

Net erneierbar an erneierbar Energien[änneren | Quelltext änneren]

  • Net erneierbar ass déi Energie, deenen hir Ressourcë limitéiert sinn. Dat trëfft z. B. fir déi fossil Brennstoffer a fir de Pëtrol, deenen hir Reservë limitéiert sinn, zou.
  • Erneierbar ass d'Energie, déi aus dem Holz, dat nowiisst, dem Wand, dem Waasser oder der atomarer Spaltung kënnt.

D'Energieproduktioun[änneren | Quelltext änneren]

Am Laf vun der Zäit huet sech d'Struktur vun der Energieproduktioun staark verännert an eng Rei vu Konsequenzen hu sech doraus erginn:

  • Réckgank vum Kuelenundeel bei der Produktioun vu Primärenergie
  • Wuessenden Undeel vun der Atomenergie
  • Ongläichgewiicht tëscht de geographeschen Zone wou Energie produzéiert gëtt an de Regioune wou déi meescht Energie verbraucht gëtt
  • Perspektiv vun enger Energieknappsheet
  • Onrentabel Anlage fir d'Produktioun vun Energie an den Entwécklungslänner (Anlage mat grousse Perten)

D'Entwécklung vum Energiekonsum[änneren | Quelltext änneren]

De relativen Energiekonsum ass vu Land zu Land staark verschidden a spigelt an engem gewësse Mooss den Entwécklungsgrad an dem Klima vun de Länner zeréck.

  • Energiekonsum vu verschiddenen Industrielänner:

Pro Joer a pro Kapp vun der Bevëlkerung, an TEP-Unitéiten:

    • Island 12,246
    • Lëtzebuerg 8,409
    • Kanada 8,156
    • USA 8,148
    • Finnland 6,409
    • Belsch 5,776
    • Australien 5,740
    • Norwegen 5,704
    • Schweden 5,354

Wéi ënnerschiddlech de relativen Energiekonsum an de verschiddene Länner ass, geet aus der Tatsaach ervir, datt de relative Konsum vun Energie pro Kapp vun der Bevëlkerung tëscht 1 a 60 an den eenzele Länner variéiert.

Den Energiekonsum huet an de leschte Joren iwwerall staark zougeholl an et gëtt gefaart datt vill Reservë vun net erneierbarer Energie (Pëtrol ënner anerem) an den nächste Joerzéngten ausginn.

Energiekonsum an Ëmweltproblemer[änneren | Quelltext änneren]

Verschidden Ëmweltproblemer stelle sech ogrond vum staark klammenden Energiekonsum:

  • De Problem vun der Loftverpeschtung besonnesch duerch d'Kueleverbrennung an den Austouss vun CO2 duerch d'Autoen
  • De Problem vum Klimawiessel duerch d'Zerstéierung vun der Ozonschicht an der Atmosphär
  • De Problem vum Straleschutz am Zesummenhang mat den Atomzentralen an der Lagerung vun atomaren Offäll

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Energie – Biller, Videoen oder Audiodateien