Fossil

Vu Wikipedia
D'Ammonitte sinn déi bekanntst Fossilien
Fossil vun engem Schmelzschuppefësch

Fossilie sinn Iwwerreschter oder Spuere vu Liewewiesen, déi méi wéi 10.000 Joer al sinn.[1] D'Fossilie gi virum allem vu Paleontologen erfuerscht.

Fir datt e Liewewiesen als Fossil kann erhale bleiwen, muss et no sengem Doud séier zougedeckt ginn. Déi allermeescht doudeg Déieren a Planzen gi gefriess, an all d'Reschter ginn normalerweis zerstéiert. Souguer haart Muschelschuele gi vun de Waasserwelle widderenee gestouss, gebrach a mat der Zäit zu Sand zerriwwen.

Zënter op d'mannst 3,5 Milliarde Joer gëtt et Liewen op der Äerd. Et fënnt een aus där Zäit nëmme mikroskopesch kleng Fossilie vun Eenzeller (Bakteerien). Réischt 3 Milliarde Joer méi spéit, viru 540 Millioune Joer, hu sech am Mier vill verschidde Villzeller entwéckelt, déi schonn e puer Zentimeter grouss goufen. Am Naturmusée sinn eng Rei Fossilien aus dem kanadesche Burgess-Schifer ausgestallt, déi viru 505 Millioune Joer gelieft hunn.

Fossilien zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Déi eelst Steng vu Lëtzebuerg si viru ronn 400 Millioune Joer am Devon-Mier entstanen. Am Éislek kann een typesch Fossilien aus där Zäit fannen, d'Trilobiten, eng Klass vu Glidderféisser, déi virun 250 Millioune Joer ausgestuerwe sinn. Dofir fënnt een där keng am Guttland, wou d'Gestengs méi jonk sinn.

Déi bescht erhale Fossilie fënnt een am Guttland, besonnesch an de Schichten aus der Jurazäit. Aus dem Lëtzebuerger Sandsteen, dee ronn 200 Millioune Joer al ass, kenne mer vill Zorte vu Muschelen, Schleeken, Ammoniten a Korallen. Am Uelegschifer am Süde vun eisem Land fënnt een och Fësch a spektakulär Miersaurier, déi viru ronn 180 Millioune Joer gelieft hunn. Iwwerreschter vu richtegen Dinosaurier sinn zu Lëtzebuerg immens rar, well Dinosaurier um Land liewen a Lëtzebuerg deemools gréisstendeels vum Mier bedeckt war.

Beispiller vu Fossilien, déi zu Lëtzebuerg fonnt goufen
Fossil Uert Gréisst (cm) Alter (Mio J)
Schlaangestär Ierpeldeng 7,5 405
Nolebam-Zapp Scheedgen 18 200
Ammonit Bruch / Miersch 7 200
Dinosaurier-Zéiweschank Bruch / Miersch 6 200
Thyreophora-Schupp Rëmeleng 8 170
Korall Déifferdeng 9 170
Schmelzschuppefësch Diddeleng 65 180
Fëschsaurier (Stenopterygius) Diddeleng 48 180
Mierkrokodil (Steneosaurus) Käerjeng 48 180
Mierkrokodil (Steneosaurus) Beetebuerg 53 180
Plesiosaurier Zolwer 130 180

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Kersch, Guy, 2018. Fossilien erzielen d'Geschicht vum Liewen. De Panewippchen 123: 34-37.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Den Text staamt gréisstendeels aus Kersch 2018 an der Literatur.