Uelegschifer

Vu Wikipedia
Uelegschiferfront zu Kimmeridge am Dorset

Den Uelegschifer (fr.: schiste bitumineux, de.: Ölschiefer, en.: oil shale oder alt nach kerogen shale genannt) ass e Sedimentgestengs, dat organescht Material ënner Form vu Bitumen oder Ueleg, deen net liicht verflitt, enthält. De Prozentsaz vum organesche Material, dat de “Kerogen” bilt, läit jee no de Plazen, wou den Uelegschifer virkënnt, tëscht 10 an 30 Prozent. Den Ueleg kann duerch Destillatioun aus dem Steen isoléiert ginn.

Uelegschifer zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Zu Lëtzebuerg gëtt den ënneschten Deel vum Toarcium[1] (Lias) vun Uelegschifer gebilt, deen an zwee Haaptgebidder usteet:
(1) am Raum Beetebuerg - Diddeleng - Keel,
(2) am Raum Monnerech - Esch-Uelzecht - Zolwer - Déifferdeng - Kënzeg - Nidderkäerjeng - Schuller.

Uelegschifer-Affleurementer zu Lëtzebuerg (no enger Kaart aus dem Joer 1915)

Den Alphonse de Prémorel (1799-1888) vun Déifferdeng huet sech ëm d'Mëtt vum 19. Joerhonnert fir de Gebrauch vum Uelegschifer als Brennes an als Dünger agesat.[2] An engem Artikel, deen 1853 am Bulletin vun der Société des sciences naturelles publizéiert gouf, sinn d'Resultater vu sengen Experimenter resüméiert ginn.[3] Am Februar 1846 hat den A. de Prémorel souguer e Patent fir 15 Joer fir seng nei Method fir Uelegschifer ze verbrennen an ze muelen accordéiert kritt.[4]

Och den Apdikter Fréd. Fischer junior (1810-1871), deen an der Stad Lëtzebuerg d'Schwanen-Apdikt hat, huet fir eng Verwäertung vum Uelegschifer plädéiert.[2] De Cheemiker Gustave Faber huet sech Joerzéngte laang mat dem Uelegschifer beschäftegt, deelweis an Zesummenaarbecht mam Geolog Michel Lucius.[2] Zu enger Exploitatioun vum Uelegschifer sollt et awer deemools net kommen, well si net rentabel hätt kënne sinn.

An den 1980er Joren hunn d'ARBED an d'SDHS (Société pour le développement de l'huile des schistes) allerdéngs nees doriwwer nogeduecht an Etüde maache gelooss, ob een den Uelegschifer net kéint exploitéieren, fir Bensinn an Diesel ze produzéieren.[2] 1985 huet d'Regierung souguer eng interministeriell Aarbechtsgrupp agesat, déi mat de Promoteure vun der Iddi Kontakt sollt ophuelen.[5] Méi wäit ass dee Projet awer net komm.

Am Juli 2012 huet den Europadeputéierten a fréiere Wiertschaftsminister Robert Goebbels d'Fro opgeworf, ob een de lëtzebuergeschen Uelegschifer net kéint huelen, fir doraus mat Hëllef vum "Fracking" Schifergas (de.: Schiefergas, fr.: gaz de schiste, en.: shale gas) ze gewannen. Hie berifft sech dobäi op eng Etüd vun 1993, no där de lëtzebuergeschen Uelegschifer ronn 100 Millioune Kubikmeter Gas liwwere kéint, woumat den Energiebedarf vum Land fir 20 bis 30 Joer kéint gedeckt ginn.[6].

D'Uni Lëtzebuerg hat fir den 8. Oktober 2012 eng Konferenz zu deem Sujet organiséiert[7], déi schonn zu enger Poleemik gefouert huet, ier se iwwerhaapt stattfonnt huet.[8]

Op eng parlamentaresch Fro iwwer eng eventuell Exploitatioun vum Uelegschifer-Gas zu Lëtzebuerg, déi den Deputéierte Fernand Kartheiser de 27. August 2012 gestallt hat, hunn d'Ministeren Etienne Schneider a Marco Schank den 19. Oktober 2012 op déi grouss Risike fir d'Ëmwelt an d'Bevëlkerung higewisen, déi domat verbonne wieren. Lëtzebuerg géif op erneierbar Energien an op Energiespuere setzen.[9]

An enger Konferenz, déi de 24. Oktober 2012 war, huet de Geolog Romain Meyer[10] gemengt, de "Fracking" wier zu Lëtzebuerg net sënnvoll, well d'Uelegschiferschichten ze no un der Surface leie géifen an net duerch onduerchléisseg Schichte protegéiert wieren, soudatt dat injizéiert Material ganz séier no uewen eropkéim. Da wier och ze bedenken, datt doduerch datt den Uelegschifer sou no un der Surface läit, d'Gase liicht kéinte verfléien an net méi genuch dovun am Buedem géif iwwereg bleiwen.[11]

An der ëffentlecher Sitzung vun der Chamber vum 13. November 2012, wou am Kader vun enger Aktualitéitsstonn doriwwer diskutéiert gouf, ass sech kloer géint d'Exploitatioun vum Schifergas zu Lëtzebuerg ausgedréckt ginn.[12]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Lucius 1948, S. 172-193.
  2. 2,0 2,1 2,2 2,3 Massard 1985.
  3. Note sur l'emploi du schiste comme combustible. Bulletin de la Société des sciences naturelles du Grand-Duché de Luxembourg, tome 1 (1853), S. 123.
  4. Par arrêté du 10 février dernier, № 304, Sa Majesté le Roi Grand-Duc a daigné accorder au sieur de Prémorel, de Differdange, un brevet d'invention de quinze années pour une nouvelle manière de brûler les schistes et de les broyer. Mémorial législatif et administratif du Grand-Duché de Luxembourg 1846, S. 304. [1]
  5. Mars di Bartolomeo: Große Ölreserven schlummern in Luxemburgs Boden. Können diese Reserven eines Tages aus ihrem Dornröschenschlaf geweckt werden? Tageblatt 1985, Nr. 50 (1. März), S. 11.
  6. Robert Goebbels: Schiefergas in Luxemburg. Tageblatt 2012, Nr. 174 (27. Juli), S. 16.
  7. Conference: Shale Gas - A Solution to EU's Energy Problems?
  8. Uni als Schiefergas-Lobbyist? Woxx Nr. 1183, 5. Oktober 2012, S. 3.
    Kontroverse um Schiefergas: Turmes kritisiert Tarach. Goebbels für Probebohrungen im Süden Luxemburgs. Luxemburger Wort 2012, Nr. 233 (5. Oktober), S. 1.
    Jakub Adamowicz: Debatte um Schiefergas: Schlechter Ruf - viel Potential. Kritiker beklagen Umweltrisiken und fürchten Auswirkungen auf Klimaschutzziele. Luxemburger Wort 2012, Nr. 233 (5. Oktober), S. 72.
  9. Gaz de schiste et schistes bitumineux au Luxembourg: le gouvernement affiche sa position sur une éventuelle exploitation en réponse à une question parlementaire de Fernand Kartheiser. [2]
  10. University of Bergen: Romain Meyer
  11. Gaz de schiste en Europe et au Luxembourg - Le géologue Romain Meyer, invité de la Gréng Stëftung, pense que la discussion autour du gaz de schiste est de nature politique, et n'a pas lieu d'être d'un point de vue scientifique et économique. [3]
  12. Schlammes, Marc, 2012. Aus dem Parlament. “Extrem bedenklich”: Schiefergas soll unter der Erde bleiben. Luxemburger Wort 2012, Nr. 266 (14. November), S. 6.
    Marx, Léon, 2012: Baulicher Schutz vor Fluglärm: Finanzielle Hilfen des Staates. Tageblatt 2012, Nr. 266 (14. November), S. 12.
    Wort.lu, 2012. Schiefergas bleibt vorerst im Boden. Veröffentlicht am 14.11.12. [4]
    Tageblatt.lu, 2012. Niemand will das Schiefergas. 13. November 2012 17:19; Akt: 14.11.2012 09:09 [5]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]