Alphonse de Prémorel

Vu Wikipedia
Alphonse de Prémorel
Gebuer 24. Mee 1799
Braunschweig
Gestuerwen 24. Abrëll 1888
Carignan
Nationalitéit Frankräich, Lëtzebuerg

Den Alexis Louis Alphonse de Durand de Prémorel (Alphonse de Prémorel), gebuer de 24. Mee[1] 1799 zu Braunschweig a gestuerwen de 24. Abrëll[1] 1888 zu Carignan, war e Grondbesëtzer zu Déifferdeng.

Hien ass den Urgrousspapp vum belsche Schrëftsteller Adrien de Durand de Prémorel.

Als jonke Mënsch huet den Alphonse de Pémorel eng Karriär als Läitnant an der franséischer Arméi ugefaangen; 1823 ass hie Kapitän ginn. 1831 huet hien d'Arméi verlooss.

Proprietär zu Déifferdeng[änneren | Quelltext änneren]

1830 huet hie sech mat der Joséphine de Nothomb, déi 1809 zu Déifferdeng op d'Welt koum an d'Duechter vum Jean Antoine de Nothomb, dem Proprietär vun der Faiencerie vu Lonkech war, bestuet. Nom Doud vun hirem Papp am Joer 1835 huet d'Joséphine de Nothomb deem seng grouss Propriétéit zu Déifferdeng — Bëscher an den Domaine vum fréieren Nonneklouschter — geierft, an d'Famill de Prémorel huet sech nach am Laf vum Joer do niddergelooss. En vue vun der Exploitatioun vu sengen Terrainen huet den Alphonse de Prémorel do no an no en Uewe fir Zillen ze baken, e Kalleksuewen, an e Lavoir fir Alluvialäerz installéiert; derbäi koum och nach e Bauerebetrib no bei Zolwer (Gadderscheierhaff).

1842 ass den Alphonse de Prémorel Lëtzebuerger duerch Naturalisatioun ginn; a vun 1844 bis 1849 war hien als Schäffen am Déifferdenger Gemengerot. 1852 huet hie sech erëm Fransous maache gelooss.

De Prieuré vu Conques[änneren | Quelltext änneren]

Tëscht 1857 an 1862 huet hien de gréissten Deel vun der Zäit a sengem Domaine vu Conques, engem fréiere Prieuré bei Herbeumont an der Belsch, gewunnt. Duerno huet hie Conques verkaaft a probéiert d'Geld dovun zu Déifferdeng a Minièren z'investéierten; mä et ass him net gegléckt, déi noutwenneg Konzessioune fir den Ofbau vum Eisenäerz, der Minett, a Galerien ze kréien.

D'Haus zu Carignan[änneren | Quelltext änneren]

1873 huet den de Prémorel en Haus zu Carignan an de franséischen Ardenne kaaft a sech dohin zeréckgezunn. Seng Propriétéit zu Déifferdeng huet hien deemools un d'«Société industrielle du Grand-Duché de Luxembourg» ofgetratt; de Bësch vu Lasauvage huet hien eréischt 1886 un d'«Société des Hauts Fourneaux de Longwy et de Lasauvage, Ferdinand de Saintignon et Compagnie» verkaaft.

Den Amateur vun der Archeologie an den Naturwëssenschaften[änneren | Quelltext änneren]

Den Alphonse de Prémorel huet sech fir Archeologie an Naturwëssenschaften intresséiert. Vun 1846 u war hien “membre correspondant” vun der « Société pour la recherche et la conservation des monuments historiques (Société archéologique) », a vun 1851 u vun der Société des sciences naturelles. Hien huet sech jorelaang mat dem Uelegschifer beschäftegt, dee senger Meenung no als bëllegt Brennmaterial an als bëllegen Dünger gebraucht kéint ginn.

Nieft Artikelen oder Rapporten zu dësen Theemen, huet den de Prémorel och e Buch iwwer d'Géigend vun der Semois, wou hien opgewuess war, geschriwwen, dat 1851 erauskoum.

Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • Prémorel, Alphonse de, 1851. Un peu de tout à propos de la Semois. Ouvrage orné de 12 dessins faits d'après nature par l'auteur et d'un plan de la Semois, le tout exécuté sur pierre par M. Liez. Arlon: J. Laurent, Imprimeur-Editeur, 451 S. [une réimpression anastatique de l'ouvrage est parue à Bruxelles chez Culture et civilisation en 1981].
  • Prémorel, Alphonse de, 1852. [Rapport sur l'emploi des schistes bitumineux dans l'agriculture présenté le 9 janvier 1848 à l'assemblée générale de la Société agricole du Grand-Duché, par M. de Prémorel, propriétaire à Differdange.] Courrier du Grand-Duché de Luxembourg 1852, N° 24 (24 mars): 3. [1]
  • Prémorel, Alphonse de, 1852. Fin du rapport de M. de Prémorel, sur le schiste bitumineux. Courrier du Grand-Duché de Luxembourg 1852, N° 33 (24 avril): 2. [2]
  • Prémorel, Alphonse de, 1852. Sur l'emploi comme combustible des schistes bitumineux du lias de Differdange. Bulletin de la Société géologique de France, 2e série, tome 9 (1851-1852), S. 568-569.
  • Prémorel, Alphonse de, 1855. Rapport sur le terrain minier de Differdange. Bulletin de la Société des sciences naturelles du Grand-Duché de Luxembourg, 3 (1855), S. 192-199.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Kovacs, Stéphanie, 2012. Relations entre maîtres de forges, autorités communales et gouvernementales au Grand-Duché de Luxembourg, de 1850 - 1914 – une étude de cas: Differdange et Dudelange. Université du Luxembourg, Faculté des Lettres, des Sciences Humaines, des Arts et des Sciences de l'Éducation, 392 p. (thèse de doctorat) [Alphonse de Prémorel: S. 69-72]. [3]
  • Logelin-Simon, Armand, 1997. Le capitaine Alphonse de Prémorel ou l'itinéraire culturel et industriel d'un differdangeois à part. Galerie: revue culturelle et pédagogique, 15 (1997), N° 4, S. 505-562.
  • Massard, Jos. A., 1985. Ein über 100 Jahre alter Traum: Öl aus Luxemburger Boden? Tageblatt 1985, N° 107 (9. Mai): 13. Online-Version mit Anmerkungen.
  • Massard, Jos. A., 2022. Alphonse de Prémorel (1799-1888), propriétaire à Differdange, homme de lettres, amateur d'archéologie et de sciences, pionnier de l'exploitation des schistes bitumineux au Luxembourg. Echternach, 18 S. Published online.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 Massard 2022.