Lonkech

Vu Wikipedia
Longwy
lb: Lonkech
Fréiert Stadhaus zu Lonkech

Fréiert Stadhaus zu Lonkech
Fréiert Stadhaus zu Lonkech
Land Frankräich
Regioun Grand Est
Departement Meurthe-et-Moselle
Arrondissement Briey
Kanton Longwy
Postcode 54400
Gemengecode 54323
Koordinaten 49° 31’ 12’’ N
      05° 45’ 38’’ O
Fläch  534 ha
Bevëlkerung  15 117 (2020)

Lonkech (fr: Longwy) ass eng franséisch Stad am Arrondissement Briey, Departement Meurthe-et-Moselle, an der Regioun Grand Est.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

Lonkech läit op der Kuer, am Dräilännereck mat Éibeng (Belsch) a Rodange (Lëtzebuerg). Et huet 15.117 Awunner (2020), Longoviciens genannt, déi op 5,34 km² liewen.

Lonkech sëtzt sech aus dräi Deeler zesummen:

  • Longwy-Haut: déi befestegt Alstad, déi haut zum "Réseau des sites majeurs de Vauban" gehéiert, steet op der UNESCO-Lëscht vun de Weltierwen;
  • Longwy-Bas: Administrativen Zentrum, wou hätt sollen um Ufank vum 20. Joerhonnert en Thermal-Domaine entstoen;
  • Longwy-Gouraincourt: eng Cité, déi 1878 gebaut gouf, fir Wunnenge fir d'Schmelzaarbechter ze hunn.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Lonkech huet, no der Deelung vu Lotharingien, zum Herzogtum Loutrengen gehéiert, gouf dann awer 1292 dem Grof vu Bar verkaaft. 1368 gouf et, fir eng Schold ze bezuelen, un d'Herzogtum Lëtzebuerg verkaaft, goung awer 1378 nees hannescht u Bar. 1480 gouf et, zesumme mam ganzen Herzogtum Bar, an d'Herzogtum Loutrengen agegliddert. 1648 gouf et vu Frankräich ugegraff a bis 1660 besat, fir duerno nees u Loutrengen hannescht ze goen. 1670 hunn d'Fransousen et ageholl; am Traité vun Nijmegen (1678) ass dëst definitiv festgehale ginn. De Louis XIV. vu Frankräich huet dann och gläich säi Festungsarchitekt Vauban ugestallt, d'Stad ze befestegen.

Am 19. Joerhonnert huet Lonkech sech, mat der Industrialiséierung schëtzeg entwéckelt. D'Stolkris huet Lonkech dann och an den 1970er an -80er Joren haart getraff; d'Bevëlkerung ass ëm e puer Dausend zeréckgaangen.

Lonkech ass weiderhi bekannt fir seng Faïencerie (Émaux de Longwy). Et ass d'Gebuertsstad vum Moler Jean-Baptiste Fresez.

Kuckt och[Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Longwy – Biller, Videoen oder Audiodateien