Michel Lucius

Vu Wikipedia
Michel Lucius
Gebuer 9. Dezember 1876
Rëmmereg
Gestuerwen 13. Abrëll 1961
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Geolog
Gebuertshaus vum Micel Lucius zu Rëmmereg, an deem haut e Musée ass. Iwwer der Dier steet d'Joreszuel 1849.

De Michel Lucius, gebuer den 9. Dezember 1876 zu Rëmmereg, a gestuerwen den 13. Abrëll 1961 an der Stad Lëtzebuerg, war e Lëtzebuerger Geolog a Schoulmeeschter. Hie gëllt als de Papp vun der Lëtzebuerger Geologie.

Säi Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Als eent vu siwe Kanner vun enger einfacher Steenhaer- a Bauerefamill koum de Michel Lucius zu Rëmmereg am Préizerdaul op d'Welt. Schonn als Kand koum hien an éischte Kontakt mat der Geologie. Hien ass dacks säi Papp, deen an der Mäerzeger Steekaul geschafft huet, besiche gaangen an huet him bei der Aarbecht nogekuckt. D'Vue op d'Éisleker Koppen, déi sech dem Bouf aus sengem Elterenhaus gebueden huet, huet him héchstwarscheinlech d'Loscht ginn ze wëssen an ze verstoen, wéi dës Landschaft entstanen a geschaf ass.

Säi Beruffswee sollt awer fir d'éischt een anere ginn. Vun 1896 bis 1913 war de Michel Lucius Schoulmeeschter, fir d'éischt zu Léiler, duerno, dräi Joer drop, zu Kleng Elchert an der Gemeng Ell. Tëscht 1902 an 1903 huet hie wärend zwee Semesteren zu Paräis op der Sorbonne Naturwëssenschafte studéiert, duerno huet hien den Exame fir Schoulmeeschter gemaach a bis 1910 am Garer Quartier an der Stad Lëtzebuerg enseignéiert. An där Zäit ass et him och gelongen, nieft den zwou Sektioune Botanik an Zoologie vun der Société des naturalistes luxembourgeois, eng drëtt fir Geologie ze schafen.

1910 huet de Michel Lucius sech op der Universitéit zu Zürich beim Professer Schardt ageschriwwen, an dës Studien 1912 mat engem Doktorat a Geologie ofgeschloss. Den Titel vu senger Thees war Die Tektonik des Devons im Großherzogtum Luxemburg.

Zeréck zu Lëtzebuerg war hien nees bis 1913 am Schouldéngscht aktiv. Wärend dëser Zäit krut hie säin éischten Optrag als Geolog. No Virschlag vum Leopold van Werveke huet d'Lëtzebuerger Regierung him d'geologesch Surveillance vun de Foragë vun der Marie-Adelheid Quell zu Munneref am Bad iwwerdroen.

Op Recommandatioun vu sengem Züricher Professer gouf de Michel Lucius am Dezember 1913 vun enger grousser Pëtrolsfirma a Russland engagéiert. Zu Baku (haut Aserbaidjan) a schliisslech zu Grozny huet hien no Pëtrol gesicht, bis datt hien 1922, wéi Russland dunn d'UdSSR gouf, no jorelaange Strapazen total veraarmt an doutkrank a seng Heemecht zeréckkoum.

Hien huet sech séier erholl an nach dat selwecht Joer den Optrag vun der Stad Esch ugeholl, eng Etüd iwwer d'Waasserversuergungsméiglechkeete fir déi nächst 30 Joer ze maachen.

1923 gouf hie Member vum Institut grand-ducal.

1924 gouf hie vun der tierkescher Regierung als Chefgeolog am tierkesche Wirtschaftsministère engagéiert, wou hie bis 1933 fir d'Prospektioun an d'Kartographie zoustänneg war. Zousätzlech zu senger Aarbecht am Ministère huet hie Geologie op der Universitéit vun Ankara enseignéiert.

1933 war hien nees zeréck zu Lëtzebuerg a gouf do vun der Lëtzebuerger Regierung beopdraagt, fir eng detailléiert geologesch Kaart vum Land z'erstellen. 1936 huet mat de Fuerschungsaarbechten ugefaangen. Dat selwecht Joer huet hien de Service Géologique gegrënnt a war Chef vun deem Service vun 1936 bis zu sengem Doud. An enger Rekordzäit vun nëmme 14 Joer huet hie ganz eleng d'Aarbechte vun enger Kaart an aacht Béi iwwer d'Geologie vu Lëtzebuerg 1950 ofgeschloss. An der selwechter Zäit gouf de Monni Misch, wéi seng Leit am Service hie genannt hunn, Rotschléi zu der Waasserversuergung an dem Waasserschutz fir d'Land. Hie gouf Avisen iwwer d'Konstruktioun vun de Barragen Esch-Sauer, Veianen a Rouspert of, grad wéi fir de Bau vun der Rouder Bréck an d'Kanalisatioun vun der Musel.

1955 huet hien éischt Buerungen op Demande vun der Famill Bofferding zu Rouspert duerchgefouert, déi 1959 zu dem Faasse vun der Mineralwaasserquell Rousperter gefouert hunn.

Am Alter vu 85 Joer ass de Michel Lucius 1961 stënterlech hanner dem Schreifdësch vu sengem Büro an der Direktioun vun de Ponts et Chaussées an der Stad Lëtzebuerg gestuerwen.

Vun 1939-1940 an och vun 1946-1950 war de Michel Lucius Vizepresident vun der Société des naturalistes luxembourgeois.

De Michel Lucius war Fräimaurer.

Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

De Michel Lucius huet eng Hellewull Publikatiounen iwwer geologesch Studien erausginn, ë. a. 7 Bänn iwwer d'Geologie vu Lëtzebuerg, en Handbuch iwwer d'Lëtzebuerger Geologie an eng geologesch Kaart an 8 Béi vu Lëtzebuerg.

Auszeechnungen an Éierungen[änneren | Quelltext änneren]

  • 1948 - Auszeechnung mam Prix national des Sciences fir seng grouss Verdéngschter.
  • 1956 - de 15. Dezember, Banquet am Casino zu Lëtzebuerg zu Éiere vum Michel Lucius bei Geleeënheet vu sengem 80. Gebuertsdag, a Presenz vu 60 Persounen, dorënner d'Ministere Victor Bodson a Pierre Frieden, mat enger Laudatio vum Marcel Heuertz, President vun der S.N.L.
  • 1964 - Siwwenzéng vu senge Frënn a Kolleegen hunn him eng Sammlung vu Publikatiounen ënner dem Titel Livre à la Mémoire du Docteur Michel Lucius gewidmet.
  • 1966 - Aweiung vum Michel Lucius Monument am Préizerdaul (An der Stréissel) fir un hien z'erënneren.
  • 1976 - Zu de Feierlechkeete vum 100. Gebuertsdag vum Michel Lucius gëtt am Stater Theater a Presenz vum Grand-Duc Jean eng akadeemesch Sëtzung ofgehalen.
  • 1979? - Decisioun vun der Regierung fir déi drëtt Thermalquell zu Munneref nom Michel Lucius ze benennen.
  • 1979 - Ëmbenennung vum Collège d'enseignement moyen um Lampertsbierg a Lycée technique Michel-Lucius (groussherzoglecht Reglement vum 9. Oktober 1979).
  • 2001 - Grënnung vum Institut géologique Michel-Lucius, dee sech net nëmmen zum Zil gesat huet d'Undenken un de Michel Lucius z'erhalen, mä och e breede Publique duerch Virträg, geologesch Ausflich a Course fir d'Geologie z'interesséieren.
  • 2005 - Aweiung vum Michel Lucius sengem renovéierte Gebuertshaus zu Rëmmereg, dat en Abléck an d'Schaffen an d'Liewe vun him gëtt.

De Michel Lucius war Commandeur am Uerde vun der Couronne de chêne an an deem vun Orange-Nassau a Membre d'honneur vun der Société belge de géologie.

Bio-Bibliographie[änneren | Quelltext änneren]

  • La vie et l'œuvre de Michel Lucius 1876-1976. In: Programme de la Séance Académique organisée à l'occasion du Centenaire de la Naissance de Michel Lucius. Luxembourg, le 9 octobre 1976 (=Bulletin du Service Géologique du Ministère des Travaux publics No 7/1976), S. 8-13.
  • Michel Lucius (1876-1961). In: Massard, J.A., 1990. - La Société des Naturalistes Luxembourgeois du point de vue historique. - Livre du Centenaire - 1890-1990, Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 91: 137-141.[1]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]