Stauséi Our

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Luxembourg geo stub.svg Dëse Geographiesartikel iwwer Lëtzebuerg ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Bréck bei der Biwelser Millen

De Stauséi Our gëtt vum Barrage Veianen am enken a mat Bësch bewuessenem Éisleker Ourdall tëscht Stolzebuerg a Veianen gestaut. De Stauséi ass den ënneschte Baseng vum Pompelspäicherwierk Veianen, dat zu de gréisste vun där Zort an Europa zielt.

Ufanks vun den 1960er Jore beim Uleeë vum Stauséi huet en Deel vun der Uertschaft Biwels missen op e kënschtleche Plateau verluecht ginn. Den 8 km laange Stauséi bedeckt eng Fläch vu ronn 100 ha an huet e Fassungsverméige vun zirka 10 Millioune Kubikmeter. Flossopwäerts vun der Staumauer gëtt de Séi vun engem Tëschewier op der Héicht vu Stolzebuerg-Keppeshausen agegrenzt.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]