Biwelsser Millen

Vu Wikipedia
Biwelsser Millen
De Café vum Camping op der Biwelsser Millen
An anere Sproochen fr: Bivels-Moulin
de: Bivelser Mühle
Land Lëtzebuerg
Kanton Veianen
Gemeng Pëtschent
Buergermeeschter Fabienne Huberty
Koordinaten 49° 56’ 58’’ N
      06° 11’ 47’’ O

D'Biwelsser Millen ass e Lieu-dit an eng fréier Millen an der Gemeng Pëtschent, knapps 1 km südlech vu Biwels a Richtung Veianen.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Biwelsser Mille gouf 1744 vum Johann Jakob Tesch, Här vu Falkesteen, op eege Käschte a mat der Hëllef vun de Biwelsser Leit gebaut[1][2]. Iwwer d'Joerhonnerte hat d'Millen eng Rëtsch Proprietären a se gouf och e puermol duerch Feier beschiedegt.

1935 hat den deemolege Proprietär vun der Millen eng Familljepensioun mat engem Camping opgemaach a war domat ee vun den éischten déi laanscht d'Our an d'Gastronomie an an den Tourismus investéiert hunn[2].

De 15. Dezember 1961 ass d'Mille beim Bau vum Pompelspäicherwierk am Stauséi verschwonnen. Haut ass d'Biwelsser Millen e Camping ënner dem Numm "Camping du Lac / Moulin de Bivels". En ass méi oder wéineger op der selwechter Plaz wéi déi al Millen, just méi héich am Hank.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Erpelding, Émile, 1971. Luxemburger Mühlen im Ourtal. An der Ucht 25: 173-177.
  • Erpelding, Émile, 1972. Seit 10 Jahren unter Wasser, die Bivelser Mühle. Revue Jg. 27, Nr. 5: 32-33. Luxembourg.
  • Erpelding, Émile, 1988. Die Mühlen des Luxemburger Landes. E. Borschette (Christnach) & Impr. Saint-Paul (Luxembourg).

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Biwelsser Millen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Cf. Erpelding 1988 an der Literatur.
  2. 2,0 2,1 Informatiounspanneau op der Biwelsser Millen, am Wee fir bei d' Maschinn 10 vun der SEO.
  3. Den Tableau mam Originaltitel Vallée de l'Our war e Bäitrag vum Lamboray fir d'Exposition internationale vun 1937 zu Paräis. D'Bild ass an de Sammlunge vum MNHA.