Diskussioun:Biwelsser Millen

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

"D'Biwelser Millen ass eng Uertschaft an der Gemeng Pëtscht déi beim Bau vum Pompelspäicherwierk am Stauséi verschwonnen ass": Wa se verschwonnen ass, da gëtt et se jo net méi. --Cornischong 11:42, 2. Abr 2008 (UTC)


Ass d'Millen da wierklech eng Uertschaft? Wéi gët dat définéiert? A mengen Aen ass et einfach d'Biwelser Millen, déi wéi déi meeschte Millen a gewësser Distanz zur Uertschaft stungen.

--Christian Ries 11:44, 2. Abr 2008 (UTC)

Fir d'éischt kréie mer net gesot, wat et ass, mee dat se verschwonnen ass an datt et e Camping ass. Da kréie mer gesot, et "ass" eng Uertschaft, déi net méi "do" ass. Da kréie mer e Bild gewisen, op deem ech eng Zort Chalet gesinn. 't ass vläicht komesch, mee d'Biwelser Millen war eng Millen, déi vum Johann Jakob Tesch op eege Käschte gebaut gouf, an dat 1744. Op der Foto gesinn ech weder eng Uertschaft, nach e Camping, nach eng verschwonnen Uertschaft, nach eng Millen. Quokeleg Saache geschéien do. --Cornischong 11:57, 2. Abr 2008 (UTC)
Déi Info iwer den Tesch kënnt Dir jo gären bäisetzen. --Christian Ries 13:03, 2. Abr 2008 (UTC)
Moien,
Hei gi se definéiert
Les Meloures 11:59, 2. Abr 2008 (UTC)

Villmols merci un Les Meloures, ech setzen geschwënn nach e Bild bäi, wat vum jean-Pierre Lamboray 1931 gemolt gouf an d'Lag vun deemols gudd rëmgëtt.

--Christian Ries 12:16, 2. Abr 2008 (UTC)

Copyright vu Biller[Quelltext änneren]

"Dëst Bild ass an den Domaine public gefall, well de Copyright ausgelaf ass. No EU-Recht muss een nom Doud vum Auteur nach 70 Joer waarde bis dass d'Wierk net méi protegéiert ass." Da verstéisst hei ee géint d'EU-Recht, well de Lamboray nach keng 70 Joer dout ass. Knaddermuert

Leeft de copyright nët vun dann un wann d'Wierk entsteht? also 70 Joer no 1931? --Christian Ries 17:28, 3. Abr 2008 (UTC)

Fir Informatioun:

Art. 9. 1. Les droits d'auteur se prolongent pendant 70 ans après le décès de l'auteur au profit de ses héritiers et de ses ayants droit. Quell: Mémorial A - N° 50 2001 --Fliedermaus 17:55, 3. Abr 2008 (UTC)


Moien
Neen et ass ganz kloer 70 Joer nom Doud vum Auteur. Mat der Lizenz {{Bild-FU}} kann ee sech derlaanscht drécken.
Les Meloures 17:58, 3. Abr 2008 (UTC)

Fir Informatioun:

(17) La durée du droit d'auteur s'étend, conformément aux dispositions de la directive 93/98/CEE du Conseil du 29 octobre 1993 relative à l'harmonisation de la durée de protection du droit d'auteur et de certains droits voisins (2), jusqu'à soixante-dix ans post mortem auctoris. Quell:DIRECTIVE 2001/84/CE DU PARLEMENT EUROPÉEN ET DU CONSEIL du 27 septembre 2001 relative au droit de suite au profit de l'auteur d'une oeuvre d'art originale--Fliedermaus 18:11, 3. Abr 2008 (UTC)

Villmols merci, ech hun d'Rechter op Fair Use gesat. --Christian Ries 06:18, 4. Abr 2008 (UTC)