Op den Inhalt sprangen

Jean-Pierre Gleis

Vu Wikipedia
Dëse Konschtartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Jean-Pierre Gleis
Gebuertsnumm Johann Peter Gleis
Gebuer 2. Februar 1889
Housen
Gestuerwen 23. Juli 1965
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Moler
Member vun Cercle artistique de Luxembourg
Auszeechnungen Officier d'Académie, Chevalier vum Ordre de la couronne de chêne
D'Biwelsser Millen (1956), Wierk vum Jean-Pierre Gleis

De Jean-Pierre Gleis, gebuer den 2. Februar 1889 zu Housen, a gestuerwen den 23. Juli 1965 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Moler an Zeechner[1].

No der Normalschoul, huet hien op der Académie Julien zu Paräis an op der Kunstgewerbeschule zu München studéiert[2].

De Jean-Pierre Gleis huet haaptsächlech Flosslandschafte vu Lëtzebuerg a Form vun Aquarellen a Fiederzeechnunge realiséiert[1].

Referenzen an Notten

[änneren | Quelltext änneren]
  1. 1 2 Welter, J., red. (1993) Rétrospective : Cent ans d'art luxembourgeois 1893-1993. Lëtzebuerg: Cercle artistique de Luxembourg / Crauthem: Lux-Print. ISBN 2-919970-24-0.
  2. Herr, L. (2001) Signatures, portraits et auto-portraits : artistes plasticiens au Luxembourg. Lëtzebuerg: Éditions Saint-Paul. ISBN 2-87963-382-6. S. 104-105.
  3. "Ordre de la Couronne de Chêne", Luxemburger Wort, 24. Februar 1951.
  4. "Distinctions", Luxemburger Wort, 7. Juli 1951.