Op den Inhalt sprangen

Gemeng Pëtschent

Vu Wikipedia
Gemeng Pëtschent
d'Märei vu Pëtschent
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Putscheid
de: Putscheid
Land Lëtzebuerg
Kanton Kanton Veianen
Gemeng Kanton Veianen
Chef-lieu Pëtschent
Buergermeeschter Fabienne Huberty
Awunner 1.191
  1. Januar 2026
Fläch 2.702,0635 ha
Héicht 415 m
Koordinaten 49° 57’ 34’’ N
      06° 08’ 29’’ O
LAU-Code LU0902
Websäit https://putscheid.lu/
D'Gemeng Pëtschent (orange) am Kanton Veianen (rout)

Kaart

D'Gemeng Pëtschent oder och Pëtscht[1] ass eng vun den 100 lëtzebuergesche Gemengen. Se läit am Kanton Veianen, am Nord-Oste vu Lëtzebuerg an de Chef-lieu vun der Gemeng ass d'Uertschaft Pëtschent vun där se och hiren Numm huet.

D'Gemeng huet 1.191 Awunner (Stand 1. Januar 2026)[2][3].

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Nopeschgemengen

[änneren | Quelltext änneren]
Wandrous Parc Housen Wandrous
Parc Housen N (D)
W    Pëtschent    O
S
Buerschent Tandel Veianen

Uertschaften a Lieu-diten an der Gemeng

[änneren | Quelltext änneren]

Häff a Lieu-diten

[änneren | Quelltext änneren]

Ënner dem Ancien Régime, huet den Territoire vun der Gemeng zu den Häerschafte vu Veianen, Berbuerg, a Stolzebuerg gehéiert.

D'Gemeng Pëtschent ass 1828 entstane wéi verschidde Circonscriptiounen ëmgeännert goufen. Bei där Geleeënheet ass d'Gemeng Baastenduerf entstanen a Laaschent dat zur deemoleger Gemeng Stolzebuerg gehéiert huet gouf dovun ofgetrennt an de Rescht vun där Gemeng gouf a Pëtschent ëmgedeeft[4].

Beschreiwung am Originaltext:

Écartelé de gueules et d'azur à la croix d'or brochant, surchargée d'une croix ancrée de gueules cantonnée aux I et IV d'un écusson d'argent, aux II et III d'une croisette recroisettée au pied fiché d'or.
D.C. 9. Mee 1984 - A.M. 2. Juni 1984 - Mémorial B 1984, Säit 574 - Projet: Jean-Claude Loutsch 1983.

Demographesch Entwécklung

[änneren | Quelltext änneren]
AwunnerJoer600800100012001400180018501900195020002050AwunnerEntwécklung vun der Awunnerzuel


Quell: STATEC – Population par canton et commune, automatesch vu Wikidata agebonnen.

De Gemengerot vun der Gemeng Pëtschent gëtt nom Majorzsystem gewielt.

Buergermeeschteren

[änneren | Quelltext änneren]
00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.
  • 1843 – 1851: Jean Weiler
  • 1851 – 1870: Jean Kayser
  • 1871 – 1890: Math. Bürger
  • 1891 – 1910: Etienne Zenners
  • ...
  • 1994 – 2017: Jean Kinn
  • 2017 – 2023: Roger Zanter
  • zanter 2023: Fabienne Huberty[5]

Interkommunal Syndikater

[änneren | Quelltext änneren]

D'Gemeng Pëtschent ass Member vu follgenden interkommunale Syndikater:

Publikatiounen

[änneren | Quelltext änneren]

D'Gemeng Pëtschent gëtt en Informatiounsblat eraus ënner dem Titel D'Pëtschter Noriicht an dem Ënnertitel "Informatiounsblat vun der Gemeng Pëtschent", an enger Oplo vu 400 Exemplairen.

 Commons: Gemeng Pëtschent – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Schreifweis vun den Uertsnimm (cf cpll.lu)
  2. Dës Informatioun gëtt automatesch vu Wikidata agebonnen.
  3. STATEC - Population par canton et commune. STATEC - Population par canton et commune. Institut national de la statistique et des études économiques. Gekuckt den 29. Juli 2026.
  4. Dictionnaire geographique du Luxembourg
  5. (fr) Assermentation des collèges des bourgmestre et échevins. mint.gouvernement.lu (05.07.2023). Gekuckt de 05.07.2023.