Gemeng Veianen
Gemeng Veianen | |
---|---|
D'Stadhaus vu Veianen | |
Aussprooch |
|
An anere Sproochen |
fr: Vianden de: Vianden |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Kanton Veianen |
Chef-lieu | Veianen |
Buergermeeschter | François Weyrich |
Awunner | 2.212 |
1. Januar 2024 | |
Fläch | 967 ha |
Koordinaten |
49° 56’ 01’’ N 06° 12’ 27’’ O |
LAU-Code | LU0903 |
Websäit | https://vianden.lu/ |
D'Gemeng Veianen ass eng vun den 100 lëtzebuergesche Gemengen. Se läit am Kanton Veianen. De Chef-lieu vun der Gemeng ass Veianen, déi eenzeg Uertschaft an der Gemeng.
Uertschaften a Lieu-diten
[änneren | Quelltext änneren]Mat enger Kadasterfläch vun 967,2754 ha ass Veianen eng vun den 10 klengste Gemengen am Land. Si besteet aus den zwou Kadastersektiounen Veianen mat 318,1190 ha a Scheierhaff mat 649,1564 ha.
Ausser der Uertschaft Veianen[1] gehéieren nach d'Lieu-diten Scheierhaff, Sanatorium, Niklosbierg[2] a Veianer Schlass[2] zu der Gemeng.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]Entwécklung vun der Awunnerzuel
[änneren | Quelltext änneren]Quell:STATEC
Wopen
[änneren | Quelltext änneren]Beschreiwung am Originaltext: de gueules à la fasce d'argent |
Politik
[änneren | Quelltext änneren]De Gemengerot vun der Gemeng Veianen gëtt nom Majorzsystem gewielt.
Als Resultat vun de Gemengewale vum 11. Juni 2023 gouf sech drop gëeenegt, dass déi éischt 3 Joer de François Weyrich Buergermeeschter géif, dono fir déi zweet Hallschecht vum Mandat de Paul Petry.[3]
Buergermeeschteren
[änneren | Quelltext änneren]Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren. |
- ? - ?: Franz Julian André (1773-1859)
- ...
- 1844: Jean-Louis André[4]
- ...
- 1867 - 1876: Adolphe Pauly-Strasser
- ...
- 1899 - ? Henri Petges
- ...
- 1921 - 1945: Édouard Wolff
- 1946 - 1981: Victor Abens
- 1982 - 2000: Raymond Frisch
- 2000 - 2003: Marc Schaefer
- 2004 - 2011: Gaby Frantzen-Heger
- 2011 - 2017: Marc Schaefer
- 2017 - 2019: Henri Majerus
- 2019 - 2023: Claude Tonino[5]
- zanter 2023: François Weyrich[6]
Interkommunal Syndikater
[änneren | Quelltext änneren]D'Gemeng Veianen ass Member vu follgenden interkommunale Syndikater:
Jumelagen
[änneren | Quelltext änneren]Kuckeswäertes
[änneren | Quelltext änneren]- Buerg Veianen;
- Hockelstuerm op der Hockelslay;
- Musée vun der Stad Veianen am Dicks-Haus;
- Poppen- a Spillsaachemusée Veianen;
- Geriichts- a Fräiheetskräiz an der Groussgaass;
- Dicksmonument um Dicksgäertchen;
- Trinitianerkierch mat sengem Kräizgank;
- Sodalitéitskapell nieft der Trinitarierkierch;
- Musée vun der Karikatur a vum Cartoon;
- D'Märei vu Veianen, Stadhous genannt , e fréiert Buerghaus;
- Ale Kino;
- Bommenzinnes op der Bréck;
- Victor-Hugo-Büst vum Rodin op der Bréck;
- Victor-Hugo-Literaturmusée;
- Nikloskierch;
- Kulturzenter Larei mat sengem bemierkenswäerte Ginkgo;
- Neikierch = Hellege-Rochus-Kierch, beim Kierfecht;
- Staumauer op der Loumillen;
- Bildchen-Kapell tëscht Veianen a Biwels;
- Pompelspäicherwierk Veianen tëscht Biwels a Stolzebuerg.
Fräizäit
[änneren | Quelltext änneren]- D'Ourdall-Bibliothéik;
- De Veianer Sessellift, deen 2006 komplett restauréiert gouf;
- D'Veianer Schwämm, ënner fräiem Himmel, op vun Enn Mee bis Ufank September;
- Am Bildchensbësch ass en Héichseelgaart, deen 2006 vergréissert gouf;
- Den Nëssmaart am Prinzip den 2. Sonndeg am Oktober;
- De Miertchen uganks November.
Bekannt Veiner Leit
[änneren | Quelltext änneren]- Vic Abens (1912-1993), Politiker an Industriellen,
- Charles Arendt (1825-1910), Staatsarchitekt,
- Théodore Bassing (1867-1926), Lokalhistoriker an Auteur,
- René Engelmann (1880-1915), Professer an Auteur,
- Carlo Hartmann (*1955), Bariton-Sänger,
- Joseph Probst (1911-1997), Moler a Sculpteur,
- Émile Probst (1913-2004), Graphiker, Glasmoler, Karikaturist a Publizist,
- Yolanda vu Veianen (1231-1283), kathoulesch Nonn.
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Ries, Adrien, 1986-1987. Veinen an der Lëtzebuerger Literatur. Ous der Veiner Geschicht / Veiner Geschichtsfrënn Nr. 4 (1986): 42-51; Nr. 5(1987): 54-68; Nr. 6 (1988): 29-34. Vianden.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Lëscht vun den nationale Monumenter an der Gemeng Veianen
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Gemengen
- Entwécklung vun der Gemengenzuel zu Lëtzebuerg
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Stied
- Naturpark Our
- Sanatorium vu Veianen
- Veianer Bicherfest
- D'Gemeng ass Member vun Islek ohne Grenzen EWIV
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Veianen – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Offiziell Säit vun der Gemeng a Stad Veianen
- D'Gemeng Veianen op der Websäit vum Syvicol
- Touristeninformatiounen iwwer d'Buerg Veianen
- Syndicat d'initiative et de tourisme
- De literaresche Musée Victor Hugo
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ D'Nimm vun den Uertschaften entspriechen deenen déi de Kadaster, unhand vu sengen Attributiounen déi am Gesetz vum 25. Juli 2002 portant réorganisation de l’administration du cadastre et de la topographie festgehale sinn, opgestallt huet, an déi am «Registre national des localités et des rues» opgezielt sinn. Häff a Lieu-diten sinn déi localités wéi se zousätzlech am Annuaire officiel d'Administration et et de législation 2000 ënner III. Annexes opgelëscht sinn.
- ↑ 2,0 2,1 (fr)Lëscht vun den Uertschaften a Lieu-diten zu Lëtzebuerg. CPLL - Conseil permanent de la langue luxembourgeoise Archivéiert de(n) 11.08.2020. Gekuckt de(n) 21.07.2020.
- ↑ "Veianen huet an deenen nächste 6 Joer 2 Buergermeeschteren." rtl.lu, 13.06.2023.
- ↑ ARRÊTÉ ROYAL GRAND-DUCAL, du 29 décembre 1843, n°2926f, portant nomination des Bourgmestres et Echevins des villes, et des Bourgmestres des campagnes du Grand-Duché am Memorial N°3 vun 1844
- ↑ "Assermentation du bourgmestre et d'échevins de la ville de Vianden." Communiqué op gouvernement.lu, 17.01.2020.
- ↑ (fr)Assermentation des collèges des bourgmestre et échevins. mint.gouvernement.lu (06.07.2023). Gekuckt de(n) 06.07.2023.
- ↑ Cf. Op der offizieller Websäit vun der Gemeng Veianen
- ↑ Cf. Op der offizieller Websäit vun der Stad Compiègne