Op den Inhalt sprangen

Charles Arendt

Vu Wikipedia
Charles Arendt
De Charles Arendt, Portrait vum Michel Heiter
Gebuertsnumm Johann Carl Wenceslas Arendt
Gebuer 15. Mäerz 1825
Veianen
Gestuerwen 21. November 1910
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Architekt
Auszeechnungen Officier vum Ordre de la couronne de chêne, Chevalier vum Ordre de Léopold, Chevalier vum Ordre d'Adolphe de Nassau, Uerde vum Hellege Gregor dem Groussen, Chevalier vum Ordre de la couronne de chêne, Hausuerde vum Wäisse Fallek, Pro Ecclesia et Pontifice
Famill
Bestuet mat 1854 Barbara Lessel
1871 Madeleine Lessel
Kanner Ernest Arendt, Elise Arendt, Irma Arendt, Cécile Arendt, Marguerite Arendt, Paul Arendt, Ernestine Arendt
Buerg Veianen.
Zeechnung Frantz Clément
Dem Charles Arendt säi Graf um Kierfecht um Fetschenhaff

De Johann Carl Wenceslas Arendt, gebuer de 15. Mäerz 1825 zu Veianen, a gestuerwen den 21. November 1910 zu Lëtzebuerg, war den éischte Staatsarchitekt fir Lëtzebuerg an Auteur vun iwwer 130 Publikatiounen, virun allem iwwer architektonesch a konschtgeschichtlech Theemen. Seng Wierker huet hien op Franséisch mat Charles Arendt respektiv mat Jean-Venceslas-Charles Arendt ënnerschriwwen, op Däitsch mat Karl Arendt. Op sengem Graf ass e mat Jean Charles Wenzeslas Arendt ernimmt.

De Charles Arendt war staark ageholl vun der Neigotik an eng ganz Rei vu Kierchen a Kapellen, déi hien entworf huet, droen nach haut säi Stempel. Am Ganze sinn ënner senger Supervisioun 78 Kierchen an den Diözese Lëtzebuerg, Tréier, Nanzeg an Namouer gebaut ginn. Dobäi koumen eng 130 Profanbauten[1].

Och eng sëllege Restauratioune vun historesche Gebaier huet hien ausféiere gelooss, dorënner déi vun der Ruin vun der Buerg Veianen an déi vum Dënzelt vun Iechternach, d'Justizkräizer vu Wolz an der Fiels, d'gotesch Kierche vun Nidderwolz, Waldbriedemes an Holler, d'Gräinskapell an eng Rëtsch Statuen, Fresken oder Altär[1].

De Charles Arendt huet och eng 160 Artikelen oder Monographië geschriwwen; sief et iwwer archeologesch Ausgruewungen, bei deenen hie matgeschafft huet, historesche Beschreiwungen oder philosopheschen Iwwerleeungen[1].

Hie war President vum Verschéinerungsveräi vu Veianen a Member am Eifelveräin, an huet deementspriechend villes iwwer seng Heemechtsstad publizéiert[1].

Liewen a Karriär

[änneren | Quelltext änneren]

De Charles Arendt war den eelste Bouf vum François Julien Arendt (1800 – 1881) an deem senger zweeter Fra, der Elisabeth Lorent (1794 – 1859). De Papp war Gierwer, Buergermeeschter vu Klierf (1844 – 1846[2]) a vun 1858[3] bis 1863[4] Nottär zu Wolz[5].

De Charles Arendt ass de 17. Mee 1854 zu Gréiwemaacher mat der Barbara Lessel (1833 – 1869) bestuet ginn[6]; d'Koppel krut 6 Kanner: Ernest (1855 – 1949), Elise (1857 – 1975), Irma (1859 – 1925), Cécile (1860 – 1866), Marguerite (1862 – ?) a Paul (1865 – 1926).

Nom Doud vu senger Fra huet de Charles Arendt 1871 där hir Schwëster an deemno seng Schwéiesch 1871 (1827 – 1875) bestuet. Aus deem Bestietnes gouf nach d'Ernestine gebuer (1872 – 1930).

De Charles Arendt war 1837 am Progymnase zu Dikrech an duerno (1840) am Stater Kolléisch. Mat 18 Joer (1843) huet hien e Stage bei den Travaux publics gemaach a gouf do 1844 Kondukter. 1847 huet hien zu Bréissel beim Joseph Jonas Dumont studéiert an 1848/49 zu Münche beim Ludwig Lange a beim Friedrich von Gärtner. Zu München huet hien och beim Leo von Klenze geschafft. 1849 huet de Charles Arendt eng Rëtsch Reese gemaach an eng gewëssen Zäit ënnert dem Ernst Friedrich Zwirner um Schantje vum Kölner Doum geschafft.

1850 ass hien hannescht op Dikrech komm.

1850/51 huet de Charles Arendt de Staatsexame gemaach a krut den 31. Mäerz 1851 eng Ernennung als Distriktsarchitekt fir den Distrikt Gréiwemaacher[7]; hien huet 800 Frang d'Joer verdéngt. Den 1. Oktober 1858 krut hien eng provisoresch[8] (Verdéngscht: 1.500 Frang/Joer) an 1862 déi definitiv Ernennung als Staatsarchitekt.

Am Joer 1874 gouf hien zum Privatarchitekt vum Prënz Hari ernannt[9].

De Charles Arendt ass den 22. Abrëll 1897 pensionéiert ginn a krut den Titel vun « Architecte de l'État honoraire »[10][11]; hie krut eng Pensioun vu 1.788 Frang zougestanen[12].

De Charles Arendt war (Grënnungs-)Member an enge sëllege Veräiner, dorënner:

  • 1850/54: Société pour la recherche et la conservation des monuments historiques dans le Grand-Duché
  • 1851: Société des sciences naturelles de Luxembourg
  • 1858: L'académie archéologique de Madrid
  • 1861-1887: Verein für christliche Kunst im apostolischen Vikariat
  • 1882 -1886: Das Luxemburger Land - Organ für vaterländische Geschichte, Kunst und Literatur
  • 1884: Société centrale d'architecture du royaume de Belgique
  • 1887: Académie artistique de Rome
  • 1897: Verein zur Hebung des Fremdenverkehrs und zur Förderung von Handel und Industrie in der Stadt Vianden
  • 1897: L'académie Stanislas à Nancy
  • 1902: Fauna - Société naturaliste de Luxembourg
  • 1903: Luxemburger katholischer Volksverein
  • 1904: Kunst und Gewerbeverein Trier
  • 1908: L'institut belge d'histoire et société d'archéologie et d'histoire de Lorraine

D'Adressen déi ugi sinn, bezéie sech op déi haiteg Odonymmen.

Ëffentlech Bauten a Gebaier

[änneren | Quelltext änneren]
  • 1860-1889: Léierinnen-Normalschoul, Hossegässel, Lëtzebuerg, Renovatioun
  • 1873: Villa „Knaff“, 3 Clausener Bierg, Lëtzebuerg
  • 1876-1890: Ale Seminaire, Jofferegässel, Lëtzebuerg, Renovatioun
  • 1881: Schoul „Ste Sophie“, Jofferegässel, Lëtzebuerg, Renovatioun
  • 1881-1892: Schoulmeeschter-Normalschoul, Jofferegässel, Lëtzebuerg, Renovatioun
  • 1885: Protestantesch Schoul, Biederplaz, Lëtzebuerg, Renovatioun
  • 1892-1894: Seminairesschoul, Jofferegässel, Lëtzebuerg, Renovatioun
  • 1896: Nillesschoul, Stroossbuerger Strooss, Lëtzebuerg-Gare
  • 1897: Stater Kolléisch, Ënneschtgaass, Lëtzebuerg, Renovatioun
  • 1898: Dafstommen-Schoul, Biedergaass, Lëtzebuerg, Renovatioun

Déngschtgebaier

[änneren | Quelltext änneren]
  • 1860: Depot vun der Douane, Garer Plaz, Lëtzebuerg
  • 1869: Douanesgebai, 19 Rue Beaumont, Lëtzebuerg, Renovatioun
  • 1872-1890: Helleg-Geescht-Kasär, Helleg-Geescht-Plateau, Lëtzebuerg, Renovatioun
  • 1877: Maternité am Pafendall (Gebuertsschoul), Rue Vauban, Lëtzebuerg, Renovatioun
  • 1878: Postgebai op der Gare, Lëtzebuerg
  • 1880: Hospice op der Rumm, Renovatioun vum Deel fir déi Daf a Stomm, Lëtzebuerg
  • 1881: Spuerkeess, Haus „Ketter“, 15 Dräikinneksgaass, Lëtzebuerg, Renovatioun
  • 1881: Kasär fir d'Gendarmerie, 9 Rue du Palis de Justice, Lëtzebuerg, Renovatioun
  • 1881: Militärspidol, Helleg-Geescht-Plateau, Lëtzebuerg, Renovatioun
  • 1884: Postgebai an der Uewerstad, Lëtzebuerg, Renovatioun
  • 1884: Archiven, 2 Place Clairefontaine, Lëtzebuerg
  • 1887-93: Fraeprisong am Gronn, 18 Rue Munster, Lëtzebuerg, Renovatioun
  • 1887: Direktiounsgebai vun der Douane, 10 Hossegässel, Lëtzebuerg, Renovatioun
  • 1888: Prisong am Gronn (Neimënster), 26 Rue Munster, Lëtzebuerg, Renovatioun
  • 1891: Päerdsstall am Käremagaséng, Helleg-Geescht-Plateau, Lëtzebuerg, Renovatioun
  • 1891: Pompjeesschapp, Helleg-Geescht-Plateau, Lëtzebuerg
  • 1892: Hospice op der Rumm, Renovatioun an Ëmbau an e Lazarett, Lëtzebuerg
  • 1892: Hotel de Gerden, 2 Avenue Monterey, Lëtzebuerg
  • 1892-1894: Chambre des comptes, 2 Avenue Monterey, Lëtzebuerg, Renovatioun
  • 1894: Hospice op der Rumm, Wäschkichen an Drécheraum, Lëtzebuerg

Privatgebaier

[änneren | Quelltext änneren]

Reliéis Objeten

[änneren | Quelltext änneren]

Monumenter an urban Amenagementer

[änneren | Quelltext änneren]

Nom Charles Arendt genannt

[änneren | Quelltext änneren]

Publikatiounen (Auswiel)

[änneren | Quelltext änneren]
  • Arendt, C., 1884. Monographie du château de Vianden. Impr. de la Cour, Luxembourg.
  • Arendt, K., 1895. Die ehemalige Schlossburg der Grafen u. Herzoge von Luxemburg auf dem Bockfelsen daselbst. 62 S., J. Beffort.
  • Arendt, K., 1901. Monographie der Burg Falkenstein. Ons Hémecht Jg. 7. Luxemburg: P. Worré-Mertens. [27 S.]
  • Arendt, K., 1903. Das Luxemburger Land in seinen kunstgeschichtlichen Denkmälern: summarisch in Wort und Bild geschildert. 60 S., P. Worré-Mertens, Luxembourg.
  • Arendt, Jean-Venceslas-Charles, 1904-1910. Porträt-Galerie hervorragender Persönlichkeiten aus der Geschichte des Luxemburger Landes von ihren Anfängen bis zur Neuzeit: mit biographischen Notizen. Luxemburg: M. Huss.
  • Arendt, K., 1905. Diekirch und seine alte Pfarrkirche. Hémecht 11.
  • Arendt, K., 1906. St. Quirin und die hl. drei Jungfrauen: eine kunstarchäologische Skizze. 16 S., St. Paulus-Ges., Luxemburg.
  • Arendt, K., 1908. Das römische Mosaik von Nennig. Bull. Soc. Nat. luxemb. 18: 371-378].
  • Arendt, K., 1910. Kleine Welten. Bull. Soc. Nat. luxemb. 20: 166-177.


  • Gilbert, P., 1986. La capitale et ses architectes: illustration critique de l'architecture dans la métamorphose d'une ville en un siècle. Institut grand-ducal, section des arts et des lettres, 222 S. Imprimerie Saint-Paul. BNL LB 1061, S. 157
  • Philippart, R., 2007. Charles Arendt (1825-1910). S. 83 in: Luxembourg. Historicisme et identité visuelle d'une capitale. 207 S. éditions saint-paul. ISBN 978-2-87963-694-8.
  • Michael Juchmes, Eine Kathedrale am Glacis: Charles Arendt und seine Träume aus Stein und Mörtel, wort.lu [€], Luxemburger Wort, 10.12.2025, S. 50-51, gekuckt den 10.12.2025
  • Yegles-Becker, Isabelle, et Luxembourg Center for Architecture organisme de publication. Charles Arendt  : architecte de l’État: 1825-1910: 200e anniversaire, 1825-2025: [catalogue de l’exposition]. Luxembourg: ICOMOS, 2025. ISBN 978-99987-716-5-9
 Commons: Charles Arendt – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. 1 2 3 4 5 6 (de) Karl Arendt † Morgenausgabe, S. 2. Luxemburger Wort, nº 326, Digitised by the National Library of Luxembourg (22.11.1910). Gekuckt de 26.12.2025.
  2. (fr) Arrêté royal grand-ducal du 1ᵉʳ novembre 1846, n° 2041. Mémorial législatif et administratif du Grand-Duché de Luxembourg, Digitised by the National Library of Luxembourg S. 557 (14.11.1846). Gekuckt de 25.12.2025.
  3. (fr) Partie officielle. Luxemburger Zeitung – Journal de Luxembourg, Digitised by the National Library of Luxembourg. fr (06.03.1858). Gekuckt de 25.12.2025.
  4. (fr) Avis – Notariat p. 236.. Mémorial du Grand-Duché de Luxembourg, Digitised by the National Library of Luxembourg (23.05.1863). Gekuckt de 25.12.2025.
  5. (de) Maison de Muyser-Klein. www.industrie.lu. Gekuckt de 25.12.2025.
  6. (de) Commune de Grevenmacher, Archives nationales, Akt N° 10. CT-03-02-0491 Mariages, 1843-1859 (Registre) S. 122. query.an.etat.lu (17.05.1854). Gekuckt de 25.12.2025.
  7. Arrêté du 31 mars 1851 relatif à la nomination de deux architectes de district.. data.legilux.public.lu (31.03.1851). Gekuckt de 25.12.2025.
  8. (fr) Arrêté royal grand-ducal du 25 août 1858 par lequel le sr Arendt, architecte de district à Grevenmacher, est nommé provisoirement architecte de l'État, à la résidence de Luxembourg. data.legilux.public.lu (25.08.1858). Gekuckt de 25.12.2025.
  9. (fr) Intérieur S. 2. L'indépendance luxembourgeoise, Digitised by the National Library of Luxembourg (19.02.1874). Gekuckt de 25.12.2025.
  10. (fr) Avis – Administration des travaux publics S. 285. data.legilux.public.lu (07.04.1897). Gekuckt de 25.12.2025.
  11. (fr) Administration des travaux publics S. 2. L'indépendance luxembourgeoise, 26. Jg., nº 118, Digitised by the National Library of Luxembourg (28.04.1897). Gekuckt de 25.12.2025.
  12. Arrêté grand-ducal du 26 mai 1897 pour fixer la pension à 1.788 francs
  13. Cf. Gédéon Bordiau op der franséischer Wikipedia. Kuckt och d'Internetsäit iwwer d'Geschicht vum Palais op monarchie.lu;
  14. (de) Meysembourg eine Kulturlandschaft kämpft ums Uberleben S. 28. De Kéisécker, nº 2/3, Digitised by the National Library of Luxembourg, (01.08.2003). Gekuckt de 26.12.2025.
  15. (fr) Reichlange. www.visitguttland.lu. Gekuckt de 26.12.2025.
  16. (de) Nouvellen aus eiser Gemeng S. 32. Waldbriedemes (Juli 2011). Gekuckt de 26.12.2025.
  17. (de) Ministère de la Culture, Service des Sites et Monuments: Nationale Inventarisierung der Baukultur im Großherzogtum Luxemburg: Kanton Mersch, Gemeinde Fischbach. Luxemburg 2018, S.135-136.. Nationale Inventarisierung der Baukultur im Großherzogtum Luxemburg: Kanton Mersch, Gemeinde Fischbach. S. 135-136. Ministère de la Culture, Service des Sites et Monuments (2018). Gekuckt de 25.12.2025.
  18. (fr) Herborn. www.mullerthal.lu. Gekuckt de 25.12.2025.
  19. Informatioun op enger Plack op der Kapell
  20. Cf. d'Internetsäit iwwer d'Salle Charles-Arendt um Internetsite vum Veianer Schlass
  21. Mémorial A N° 12 vum 18. Februar 1882 Säit 1 Lëscht vu Leit déi 1882 mam ordre de la couronne de chêne ausgezeechent goufen
  22. (fr) Nouvelles locales. L'indépendance luxembourgeoise. eluxemburgensia.lu (5. September 1884). Gekuckt den 23.01.2023.