Kierch Lëtzebuerg-Bouneweg

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Kierch vu Bouneweg
Parkierch vu Bouneweg (2013)
Parkierch vu Bouneweg (2013)
Uertschaft / Plaz Stad Lëtzebuerg
(Bouneweg)
Par Lëtzebuerg
Notre-Dame
Dekanat Lëtzebuerg
Numm / Patréiner Maria Friddenskinnigin
Konsekratioun 1965
Architekt(en) Pierre Reuter
Léon Loschetter
Baujoer 1965
Koordinaten 49° 35’ 47.3’’ N
06° 08’ 18.3’’ O
Kierchen - Kapellen

D'Kierch zu Lëtzebuerg-Bouneweg ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Lëtzebuerg Notre-Dame, zum Dekanat Lëtzebuerg an zu der Gemeng Lëtzebuerg gehéiert.

D'Kierch ass der Friddenskinnigin Maria geweit. D'Fest gëtt den 22. August gefeiert. Niewepatréiner sinn den hellege Jousef (Festdag: 19. Mäerz) an d'helleg Irmina (Festdag: 3. Januar)

Se steet zu Bouneweg an der rue du Cimetière op der Kräizung mat der rue de Hesperange CR224) an der rue Pierre Krier (CR226).

Zur fréierer Par Bouneweg gehéiert ausser der Parkierch vu Bouneweg och nach eng Willibrordus-Kapell zu Bouneweg-Nord (an der Schoul um Eck rue P. Hentges - bld de la Fraternité).

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Well am Zweete Weltkrich d'Jousefskierch vu Bouneweg aus dem Joer 1888 zerstéiert gouf, huet missen eng nei Kierch gebaut ginn. Dëser hire Grondstee gouf den 23. Oktober 1949 geluecht. D'Pläng ware vun den Architekte Pierre Reuter a Léon Loschetter. D'Material dat verschafft gouf an d'Konschtwierker kommen alleguer exklusiv vu Lëtzebuerg. Se gouf de 27. Juni 1965 vun de Bëscheef Léon Lommel a Jacques Mangers souwéi dem Abt Petrus Borne vun Tholey geweit, mä se war awer schonn éischter fäerdeg an am Gebrauch.

D'Kierch huet och eng Krypta.

Mosaik[änneren | Quelltext änneren]

De Mosaik op der Baussefassad ass vum Gabriel Loire vu Chartres a weist d'Muttergottes.

Bannenaustattung[änneren | Quelltext änneren]

D'Géigestänn an d'Dekoratioun aus der Bouneweger Kierch stame vu verschiddene Lëtzebuerger Artisten:

Fënsteren[änneren | Quelltext änneren]

D'Fënstere si vu François Gillen, Gustave Zanter, Joseph an Emile Probst, a se weisen

Uergel[änneren | Quelltext änneren]

D'Uergel ass vun der Firma Kemper vu Lübeck a gouf 1957 vum Bëschof Lommel ageseent.

Klacken[änneren | Quelltext änneren]

Am Klackentuerm hänke 5 Klacken. Déi 5 Klacken lauden am Schlagtoun Si3, Sol3, Mi3, Re3 an Sib2.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Ons Stad N°79, 2005, S. 19-23, Michel Behm, Bonneweg und seine Kirchen

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kierch Lëtzebuerg-Bouneweg – Biller, Videoen oder Audiodateien