Gabriel Loire

Vu Wikipedia
Gabriel Loire
Gebuer 21. Abrëll 1904
Pouancé
Gestuerwen 27. Dezember 1996
Lèves
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Moler, Vitrailliste


De Gabriel Loire, gebuer den 21. Abrëll 1904 zu Pouancé am Maine-et-Loire a gestuerwen de 27. Dezember 1996 zu Chartres am Eure-et-Loir war e franséische Moler a Glaser. Hien ass bekannt fir Kierchefënsteren a Gebaier mat gliesene Steng duerch d'ganz Welt.

Säin Atelier[1], deen en 1946 zu Lèves opgemaach huet, gouf 1970 vun sengem jéngste Jong Jacques Loire iwwerholl. Zanter 1991 sinn et seng Enkelen Hervé a Bruno Loire, déi säi Betrib weiderféieren.[2]

Biographie[änneren | Quelltext änneren]

No engem Handels- an Droitsstudium a Coursen op der Ecole des Beaux-Arts zu Angers huet hien zu Chartres an den Ateliers Lorin geschafft, wou hien dunn och Associé gouf.

Am Joer 1927 bestit de Gabriel Loire sech mat der Françoise Bretault. Si kréie sechs Kanner.

Am Joer 1936 verléisst en den Atelier Lorin. Wéinst enger Klausel a sengem Kontrakt huet de Gabriel Loire réischt 1946 en eegene Glaser-Atelier opgemaach, mat deem en direkt vill Succès hat. Hie realiséiert Fënsteren a Glassteng a ronn 800 Gebaier an der ganzer Welt.

De Gabriel Loire gëllt als de Pionéier vum Bau mat gliesene Steng. Amplaz vun Bläi an der traditioneller Glaserei benotzt hie Bëtong oder de Procédé vum Waarmforme fir déi gliese Steng mateneen ze verbannen.[3]

Konschtwierker (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • Trinity Cathedral – Salysbury (Groussbritannien)
  • Thanks Giving Square Chapel – Dallas (USA)
  • Eglise Sain Germain – Coignières (Frankräich)
  • Hakone open Air Museum – Hakone (Japan)
  • Grace Cathedral – Sans Francisco (USA)
  • Gethsemane Lutheran Church – Austin (USA)
  • Eglise St Lazare – Lèves (Frankräich)
  • Eglise Notre Dame de Lourdes - Casablanca (Marokko)
  • First Presbyterian Church – Stamford (USA)

Galerie[änneren | Quelltext änneren]


Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Gabriel Loire – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Ateliers Loire Chartres
  2. https://ateliers-loire.fr/fr/gabriel-.php
  3. https://www.lemonde.fr/archives/article/1997/01/02/gabriel-loire_3741652_1819218.html
  4. https://ateliers-loire.fr/fr/gabriel-loire-luxembourg-eglise-notre-dame-de-bonne-voie.php