Keeser-Wëllem-Gediechtnes-Kierch

Vu Wikipedia
Keeser-Wëllem-Gediechtnes-Kierch
Land Däitschland
Plaz Charlottenburg
Koordinaten 52°30'17"N, 13°20'7"O
Statut Monument
Datum vum Bau 1891
Ofgerappt oder zerstéiert 1943

D'Keeser-Wëllem-Gediechtnes-Kierch ass eng evangeelesch Kierch am Weste vu Berlin um Breitscheidplatz um Kurfürstendamm.

Haut steet nëmmen nach eng Ruin vum Tuerm vum neoromanesche Bau. Ronderëm goufe véier nei Deeler gebaut: en aachteckegt Kiercheschëff, e rechteckege Foyer, e sechseckege Klakkentuerm an eng rechteckeg Kapell, déi de 17. Dezember 1961 ageweit goufen.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Kierch gouf am Optrag vum däitsche Keeser Wëllem II. als reliéise Memorial zu Éiere vu sengem Grousspapp, dem Keeser Wëllem I. gebaut. Den neoromanesche Bau ass no de Pläng vum Franz Schwechten tëscht 1891 an 1895 entstanen. Mat 113 Meter an de goteschen Elementer war den Tuerm den héchste vum deemolege Berlin. Fir déi Zäit war och d'Bannendekoratioun, mat de Mosaicker, Wandbiller, Skulpturen a Relieffer aussergewéinlech.

Am November 1943 gouf d'Kierch duerch e Bommenugrëff zerstéiert. D'Ruin gouf duerno zum Symbol vum westleche Berlin, och wa se elo nëmme méi 71 Meter héich ass. 14 Joer méi spéit wollt den Architekt Egon Eiermann, dee beim Concours gewonnen hat eng nei Kierch op där Plaz bauen an den alen Tuerm ofrappen. De Plang gouf vun der Bevëlkerung net ugeholl an ëffentlech Debatten hunn domat opgehalen, datt den Tuerm soll stoe bleiwen, an en gouf nëmmen duerch véier nei Elementer komplettéiert.

De Nokrichsbau[änneren | Quelltext änneren]

Haut ass d'Gediechtneskierch e wichtegt Monument vun der Nokrichsmoderne. Am Laf vun der Zäit krut d'Kierch, wéinst hirem Ausgesinn, verschidde Bezeechnungen: Sou heescht den alen Tuerm zum "huelen Zant". De Klakkentuerm gëtt als "Lëppestëft" an d'Kapell als "Pudderdous" bezeechent.

Déi baussenzeg blo Glaswänn vum Tuerm a vun der Kierch mat méi wéi 20.000 unikate Glasfënstere vum franséische Glaskënschtler Gabriel Loire fale besonnesch op. D'Luucht gëtt dem Raum eng ganz besonnesch Aura. Duerch déi blo Fënsteren huet de Kiercheraum e besonnescht Liicht, wat geheimnisvoll an awer och héich respektvoll wierkt. Nuets gëtt d'Kierch vu banne beliicht an et gesäit een déi blo Fënstere ganz gutt.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kaiser-Wilhelm-Gedächtniskirche – Biller, Videoen oder Audiodateien