Op den Inhalt sprangen

Bouneweg-Nord/Verluerekascht

Vu Wikipedia
Bouneweg-Nord/Verluerekascht
Loftbild vum Quartier mam Achille-Hammerel-Foussballsterrain
An anere Sproochen fr: Bonnevoie-nord/
Verlorenkost
de: Bonneweg-Nord/
Verlorenkost
Land Lëtzebuerg
Kanton Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Buergermeeschter Lydie Polfer (DP)
Awunner 4.581
  31. Dezember 2025
Fläch 67,76 ha
Héicht 302,6 m
Koordinaten 49° 36’ 26.5’’ N
      06° 08’ 40.2’’ O

Bouneweg-Nord / Verluerekascht ass ee vun de 24 offizielle Quartiere vun der Stad Lëtzebuerg a läit am Oste vun der Haaptstad. Zesumme mam Nopeschquartier Bouneweg-Süd billt en d'Uertschaft Bouneweg.

De Quartier grenzt am Norden un de Quartier Gronn an dann, am Sënn vun der Auer, un d'Polvermillen, Bouneweg-Süd an d'Gare. Am Norden a Weste mécht d'Uelzecht d'Grenz mat den Nopeschquartieren.

De Quartier läit op enger Héicht tëscht 250,0 an 302,60 m[1].

2001 hunn am Quartier Bouneweg-Nord/Verluerekascht 3.319 Leit gelieft. Op den 31. Dezember 2025 waren et 4.581 Leit, wouvu 28,12 % Lëtzebuerger waren, géintiwwer 71,88 % Auslänner[2].

Nationalitéiten am Quartier (31. Dezember 2025)[2]
Rang Nationalitéit Awunner Prozent
TOTAL 4.581 100,00
1 Lëtzebuerg 1.288 28,12
2 Frankräich 838 18,29
3 Portugal 544 11,88
4 Italien 407 8,88
5 Spuenien 190 4,15
6 Däitschland 108 2,36
7 Belsch 102 2,23
8 Griicheland 74 1,62
9 Indien 61 1,33
10 Rumänien 59 1,29
Top 10 3.671 80,14
Aner Nationalitéiten 910 19,86
  • 1807: Duerch d'Explosioun vum Polvertuerm um Verluerekascht, koumen 32 Persounen ëm d'Liewen an 120 goufen der schwéier blesséiert, dorënner vill Kanner. De Schued gouf op 1 Millioun Goldfrang geschat.
 Commons: Bouneweg – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. (fr) Les quartiers. maps.vdl.lu. Gekuckt den 28.05.2023.
  2. 1 2 Stad Lëtzebuerg, La ville en chiffres - État de la population au 31.12.2025.